IV) Investissementer a Groussprojeten
Den Tableau 6 (Annexe) lescht am Detail fir d’ Joer 2015 d’Investissementer an déi eenzel Projeten op. Insgesamt sinn
em déi 17,16 Milliounen
€
investéiert ginn:
Déi gréissten Dépensen waren
• 8.693.625,84
€
fir de Bau vun enger neier Schoul mat MRE op der Cap,
• 3.307.495,31
€
fir den Ausbau vu Précoce an MRE um Kinneksbond,
• 139.134,44
€
fir den Ausbau vun der Kichen vun der MRE um Kinneskbond,
• 257.992,46
€
fir d’Erstellung vun engem neie Bebauungsplang,
• 81.900,00
€
fir d’Révisioun vum Pompjeeswon
• 115.977,75
€
un Apport fir den SICA,
• 1.006.214,70
€
un Apport fir de SIDERO,
• 102.304,09
€
fir den Pacte Climat,
• 683.830,35
€
fir den Gaz an der Kiehlener Strooss
• 147.660,02
€
fir d’Remise en état vum Haus 1, rue de l’Ecole.
V) Ofschléissend Bemierkungen
1) D’Présentation vun den 2015er Konten baséiert gréisstendeels op der vun deenen vierechten Exercicen.
D’Diskussioun iwwerloossen ech deenen eenzelnen Fraktiounen am Gemengerot.
2) Ech wëll ofschléissend vun dëser Plaz dem Personal aus dem Gemengesekretariat Merci soen fir hier Aarbecht bei
der Opstellung an der Presentatioun vun den 2015er Konten. Dem Personal aus der Recette soen ech Merci fir hier
exakt a gewëssenhaft Buchféierung.
D’Diskussioun an de Vote vun den 2015er Konten fënnt am Prinzip statt nodeems se vum zoustännegen Service de
comptablilité vum Inneminister aviséiert gi sinn, et sief dann de Gemengerot wënscht sech eng Diskussioun virdun.
Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.
9
Sitzungsbericht vom 2. Dezember 2016