Gemengebuet 01/2017 - page 8

An dem Tableau 4 (Annexe) sinn am Detail d’Differenzen bei den uerdentlechen Einnamen an Ausgaben zwëschent dem
Budget initial, dem Budget rectifié an den Ofschlosskonten 2015 opgefouert.
• Verwaltung an technesch Servicer schloe mat ronn 6,88 Milliounen zu Buch.
• D’Maison Relais huet eis netto 613.976,59
kascht.
• D’Käschten fir Ambulanz a Pompjeeën belafen sech op netto 379.143,52
.
• D’Musekscoursen an Zesummenaarbecht mat der UGDA, hunn eis 2015 604.335,21
kascht. Mir kruten staat-
lech Subsiden vun insgesamt 311.058,00
. D’Aschreiwungen an di verschidden Coursen hunn eis 82.811,00
bruecht. Hei muss d’Gemeng also nach netto 210.466,21
bäileeën.
• D’Gestioun vun dem Offall, deen ons Gemeng zum groussen Deel iwwert de SICA mécht, ass an dem Kont 2015
mat 1.001.738,33
veruschlot. Dem stinn 1.007.603,51
Recetten déi aus den Offalltaxen an dem Verkaf vun
Dreckskëschten kommen, géintiwwer. Apport en capital un den SICA gëtt bekanntlech am extraordinären Budget
gefouert.
• D’Participatioun un der Kläranlag huet eis 1.072.127,26
am Joer 2015 kascht. D’Gesamtausgaben fir
d’Traitement vum Ofwaasser louch bei 1.197.350,20
. D’Recetten un Klärtaxen louchen bei 1.907.161,93
.
• Waasser hu mir akaaft fir 800.230,94
. Insgesamt hu sech d’Waasserkäschten op 1.129.711,82
belaf. De
Verkaf vun Waasser an d’Locatioun vun den Waasserzieler hunn eis 1.610.974,98
an d’Kees bruecht. Beim
Iwwerschoss um Waasser a Kanal muss ee bedenken dat an den Taxen den Amortissement vum Réseau an den
Anlagen mat agerechent ass. Déi deementspriechend Ausgaben stinn awer am Extraordinaire, fanne sech also
hei nët erëm.
• D’Rubrik Enseignement huet mat insgesamt 5.036.685,22
zu Buch geschloen. U Recetten hu mir 386.741,74
kritt. D’Gemeng huet hei also Nettokäschten vun insgesamt 4.649.943,48
.
III) Compte extraordinaire 2015
Ech kommen elo zu den aussergewéinlechen Recetten an Dépensen. Am Tableau gesäit een eng Géintiwwerstellen vun
dem Ofschlosskont 2015 an dem Budget initial respektiv dem Budget rectifié vun dem Exercice 2015.
Budget init. 15 Budget rect. 15 Compte 2015
Différence
Compte/B.I. en %
Recettes extraordinaires
12.953.867,43 8.367.570,00 8.274.005,15
-36,13%
Dépenses extraordinaires
16.412.869,06 19.305.270,60 17.167.675,02
4,60%
Boni/Mali extraordinaire
-3.459.001,63 -10.937.700,60 -8.893.669,87
157,12%
Am Tableau 5 a 6 (Annexe) ass eng detailléiert Oplëschtung vun den Einnamen respektiv den Ausgaben.
Am Joer 2015 sinn 17.167.675,02
investéiert ginn.
Den ausseruerdentlechen Ausgaben stinn extraordinär Recetten vun 8.274.005,15
entgéint.
Déi wichtegst heivu sinn:
• 5.000.000,00
Emprunt
• 125.000,00
Subsid fir den neien Pompjeeswon
• 152.000,00
Infrastruktur Taxen Commerce
• 34.000,00
Infrastruktur Taxen Logement
• 72.519,66
Uschloss Tax un de Kanal
• 34.086,59
Uschloss Tax un d’Waassernetz
• 1.362.285,00
Subsid fir den Pacte Logement
• 60.000,00
Subsid fir de Campus Kinnkesbond
Ze notéieren bleiwt, dat de Subsid fir de pacte logement sech an der Rubrik Autres logements et équipements collectifs
op der Ausgaben- an Recettensäit neutraliséiert. Well d’ Gemeng dëse Subsid geholl huet fir den Campus Kinneksbond
ze finanzéieren, ginn se deemno an der Rubrik Enseignement op der Recettensäit definitiv verbucht.
Dëse Recetten stinn Ausgaben vun 17.167.675,02
géigeniwwer sou dat de Mali extraordinaire vun 2015 sech op
8.893.669,87
beleeft.
Setzt een deem den de Mali vun 2014 vun 2.053.351,78
an den Iwwerschoss am ordinäre Kont vun 7.508.591,31
entgéint, dann hu mir en Mali fir d’Joer 2015 vun 3.438.430,34
.
8
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1,2,3,4,5,6,7 9,10,11,12,13,14,15,16,17,18,...72
Powered by FlippingBook