De Posten vum Officesocial, den mat 106.000,-
€
zu Buch schléit, geet déi läscht Joren an d’Luucht, wat verschidde
Grënn huet. Instabilitéit um Aarbechtsmaart, eng allgemeng Verarmung vun der Bevëlkerung, eng Ännerung vun
eiser Bevëlkerungswuesstem, asw mécht d’Aarbecht vum Office social net méi einfach. Et war awer och hei richteg
déi Zesummenaarbecht op regionaler Basis ze sichen. Aus menger Sicht gëtt hei op eng diskret Aart a Weis gutt
geschafft.
Wann ech elo iwwer d’Museksschoul schwätzen, da muss ech dat widderhuelen wat ech schonn gesot hunn. Jo de
Präis ass héich, mä gëtt ville Leit, jonk a manner jonk d’Méiglechkeet sech kulturell aus- oder weiderzebilden. Déi
Zäit déi se do verbréngen ass gutt ugewannt. Och déi regional Zesummenaarbecht ass positiv. Wat d’Raimlechkeeten
ugeet muss e leider feststellen datt d’Plaz am Centre Culturel scho laang net méi duer geet an de Fonctionnement
nëmmen duerch d’Benotzen vu Schoulsäll garantéiert ass.
Hei musse mir och de Bau vun enger Museksschoul an d’Aen faassen.
A Saache Kultur hu mir jo déi grouss Chance eng Infrastruktur ze hunn em déi eis vill Gemenge beneiden. Jo et
kann e soen de Präis ass héich, mä och gëllt dat wat ech zur Museksschoul gesot hunn. Et kënnt derbäi datt
esouwuel d’Museksschoul, wéi och d’HGM vum Centre Culturel Kinneksbond kënne profitéieren. D’Gebailechkeeten
ass eng Saach, d’Kultur déi an deene Maueren organiséiert gëtt ass eng aner Saach. Hei hu mir d’Chance eng
Kulturkommissioun ze hunn, déi zesummen mat der asbl Centre Culturel an dem neien Direkter et fäerdeg bréngen,
trotz de bescheidene Mëttelen, eng variéiert Offer vun héijem Niveau unzebidden.
Wann der mir et erlaabt wëll ech hei kuerz d’Kap vun der Harmonie Gemeng Mamer opdoen. Et ass en oppent
Geheimnis datt der Harmonie hire Sall eng Laascht fir de Veräin duerstellt, déi net einfach ze droen ass. Op der
Sich no enger Léisung huet de Comité engem Grupp vu 4 Leit fräi Hand ginn fir en Dossier auszeschaffen. Hei
si sämtlech Optiounen analyséiert ginn, vun der Vente vum Immeubel iwwer Ëmbau etc. De Groupe vun dene
4 Leit ass zur Iwwerzeegung komm datt de Sall net soll un e Promoteur verkaf ginn, mais fir kulturell Zwecker
erhale bleiwen. Eng Optioun wéier hei datt de Bau géif, ënner enger Form déi nach ze diskutéiere bléift, an de
Gemengebesëtz iwwergoen a vun der Gemeng restauréiert ginn. E Sall fir méi kleng kulturell Manifestatiounen géif
d’Schlass entlaaschten. Natierlech kann en sech och aner Solutiounen virstellen. Mir sinn als HGM weider bereet
iwwer den Dossier ze schwätzen.
Wat d’Veräinsliewen ugeet, esou huet eis Gemeng jo ëmmer en oppent Ouer.
D’Gemengesubsiden si mat déi héichst am Land. Déi ugepasste Kritären hu jo 2016 schonn hieren Nidderschlag an
de Subsiden, zu mindestens fir déi, déi eng gutt Jugendaarbecht maachen, fonnt. D’Veräiner allgemeng ginn awer
och an héieren Veranstaltungen ënnerstëtzt, wéi z.B. dem Chrëschtmaart. Et huet een de leschte WE gesinn, wéi
de Schäfferot keng Méi scheit, fir innovativ virzegoen an senge Bierger eng Offer vu Fräizäitgestaltung unzebidden.
D’Äispiste war de WE, an ass weider eng super Saach fir déi, déi d’Äis net scheien an awer och fir d’Keess vun de
Veräiner.
Am Joer 2016 ass jo schonn vill a gutt un de Sportinfrastrukturen geschafft ginn. Ech wëll hei den Centercourt
am Tennis op der Cap an de Schwingboden an der Sportshal Nic Frantz zu Mamer ernimmen. An der Sportshal zu
Mamer bleift nach dëst oder dat ze maachen, wat muss koordinéiert ginn mat den Aktivitéiten vun de Veräiner.
D’Astandsetzen vum syntheteschen Foussballterrain hu mir jo schonn hei gestëmmt an e Betrag steet am Budget.
Wat elo eis Pompjeeën an de Cisma am allgemengen ugeet, esou sinn déi Depense courantes aus dem
Budget berechtegt ëmsou méi si eng gutt Aarbecht, och am Jugendberäich, leeschten. Wat den Ëmbau vum
Rettungswiesen op nationalem Plang ugeet, esou musse mer ofwaarden fir ze wëssen wéi dat am Endeffekt sech
op de Gemengebudget iwwerdréit.
Wat d’Betreiung vun den eelere Leit ugeet, hu mir d’Chance e CIPA ze hunn de gutt fonctionnéiert, an déi finanziell
Participatioun vun de Resident’en abordabel ass. An de Reuniounen vun der Commission de Surveillance gëtt drop
higewisen datt mir e CIPA hunn den mat de bëllegste Loyer huet, wat awer nëmme méiglech ass well d’Gemeng hei
net op de leschten
€
aus ass an de Bedreiwer keen Amortissement muss an säi Präis arechnen. Trotzdem wäert
de Präis an d’Luucht goen, deelweis, wéinst der Augmentatioun vun den Heizkäschten duerch de Bedreiwer vun
der Cogeneratiounsanlag, awer och wéinst deenen méi héije Léin vum Personal. Hei ass och ze bemierken datt
d’Resident’en aus dem CIPA vum neie Chalet am Brill, den 2016 a Betrib gaangen ass profitéieren.
De Foyer du Jour ass eng Infrastruktur déi ganz diskret fonctionnéiert awer ville Leit aus der Gemeng an aus der
Géigend d’Méiglechkeet gëtt während dem Dag, net sozial isoléiert mä ënner de Leit ze sinn, ouni hiert Doheem
opzeginn.
Wat den Ëmweltberäich ugeet, kann ech nëmmen dem Avis vun der Finanzkommissioun zoustëmmen, déi soen datt
mir alles musse maachen fir eis Engagementer a Saachen Klimapakt anzehalen.
Wat den Entretien an d’Réfectioun vun de Stroossen, souwéi d’Erneierung vun de Infrastrukturen ugeet, ënnerstëtzen
mir de Schäfferotsprogramm. Speziell de Chantier Mameranus huet hei Prioritéit. Den Entretien an d’Erneierung
vun eise Feldweeër gëtt, wéi schonn säit Joeren, mat 100.000,-
€
vun eiser Felweeëkommissioun ënnert der
Ledong vun hirem dynamesche President Roger Jacqué assuréiert.
43
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016