Gemengebuet 01/2017 - page 42

Stellungnahme Marcel Schmit (CSV):
Merci Här Buergermeeschter,
Dir Dammen, dir Häre Conseilleren,
Wéi all Joer ëm dës Zäit hu mir de Plat de Resistance um Ordre du jour, den sech Budget rectifié fir d’Joer 2016 an
Budget fir d’Joer 2017 nennt. Erlaabt mer datt ech ob e puer politesch Aspekter aginn.
Déi jëtzeg Majoritéit, an dat schonn zënter 2000, huet net geschlof. Neen si huet des Gemeng dynamesch a responsabel
geréiert a gläichzäiteg moderniséiert. Jiddereen den eis Gemeng objektiv an net duerch den Oppositiounsbrëll kuckt,
muss zouginn datt d’Gemeng Mamer sech positiv entwéckelt huet. Leit déi net, oder net méi, an eiser Gemeng
wunnen deelen eis regelméisseg mat datt si d’Entwécklung vun der Gemeng gutt fannen a soen mir hätten eng
schéi Gemeng. D’Confirmatioun fënnt een am Montant den zënter 2000 investéiert ginn ass. Iwwer de Montant ass
jo elo scho genuch gestridde ginn, an ech wëll den elo net widderhuelen. Richteg ass datt mir awer och eng Schold
vu ronn 38,58
Mio hunn. Wéi d’Finanzkommissioun och festgestallt huet, bleiwe mir mat dem wat mir op eis
Schold (Kapital+Zënsen) mussen zréckbezuelen, wäit ënnert der gesetzlecher Virgab vun 20 % vun den uerdentlechen
Recetten. Dës Majoritéit hat sech als Limitt 10 % gesat an huet Wuert gehalen, well mir leien bäi 8,79 % vun den
uerdentlechen Recetten vun 31.86 Mio.
Op den nidderegen Zënssatz den mir bezuelen, huet den Här Buergermeeschter an senger Presentatioun higewisen.
Wa mir och hei villäicht e bësse Gléck haten a keng Hellseher sinn, muss ech awer soen datt mir au Depart
interessant Konditiounen ausgehandelt hunn. Dat heescht mir hunn op minimal Margen um Euribor Taux bestanen.
Esou kann ech mech erënneren datt den Emprunt de mir vun der virrechter Majoritéit iwwerholl hunn, nei verhandelt
hunn. Déi grouss Lëtzebuerger Bank ass bis dohin mat enger Marge vun 2 % gefuer, wat Wucher war, mir hunn
d'Marge op 0,25 % erofgedréckt. Et gëtt nach aner Beispiller, mä ech wollt dat hei zitéieren fir ze soen datt och net
alles vum selwen gaangen ass.
D’Majoritéit hat sech vun Ufank un kloer Richtlinnen gin, déi och agehale gi sinn. Esou z.B. déi esou genannten
Depenses recurentes am Grëff behalen. Eng dovun sinn d’Personalkäschten. Datt et fir d’Personal net ëmmer
einfach war fir dat z‘acceptéieren ass normal. An dach stelle mir fest datt, am Verglach mat anere Gemengen,
eis Käschten relativ niddreg sinn. Natierlech heescht dat awer och datt eis Leit exzellent schaffen fir d’Aarbecht
ze bewältegen an dofir wëll ech si hei felicitéieren. Datt een déi Politik awer dem Wuesstem vun der Bevëlkerung
muss upassen, schéngt evident an dofir ënnerstëtze mir och dem Schäfferot seng Propose vun der Embauche am
Joer 2017.
Esouwuel bei der Gestioun vumWaasser an Ofwaasser, wéi och der Gestioun vun den Déchets, droen eis Decisiounen
aus der Vergaangenheet, déi de Prinzip vum Pollueur/Payeur festhalen, hier Friichten. Hei si weider Investitiounen
an der Zukunft noutwendeg, wéi z.B. den Ausbau vun der Kläranlag an de Bau vun engem neie Recyclingszenter
um SICA. Dat lescht wäert sech awer iwwer e puer Joer erstrecken an esou de Budget vun der Gemeng Mamer net
aussergewéinlech belaaschten. Wéi richteg mir an der Vergaangenheet louchen, an ech schwätzen do net fir mech,
mä vun eise Virgänger, gesäit een an der explosiounsaarteger Entwécklung vun de Käschten fir déi Gemengen a
Syndikater déi d’Gestioun vum Offall vu Privatfirmaen maache loossen. Dat ass iwwregens net nëmmen hei am
Land esou, mä och am noen Ausland. Rezent konnt een e Reportage op der däitscher Televisioun gesinn den genau
dat do confirméiert. Déi déi et interesséiert kënnen et nokucken, de Link kann ech weiderginn.
Wat de Schoulbetrib ugeet, esou stellt den natierlech en décke Posten duer. Duerch d’Inbetriebnahm vun der Schoul
ob der Cap, ass de Montant, par Rapport zum leschte Joer, an d’Luucht gaangen, eng normal Saach. Mir sinn och
fundamental iwwerzeegt datt een hei zwar d’Entwécklung vun de Niewekäschten muss am A behalen, mä a Saachen
Schoul net soll an de Spuerwahn verfalen. D’Zukunft an d‘Ausbildung vun eise Kanner a Kandskanner musse mir
eis eppes kaschte loossen. Mir hunn gutt Insfrastrukture geschaaft an do fënnt och e gudden Enseignement statt.
Zur Maison Relais gëtt et sécher och villes ze soen. Si huet e grousse Nidderschlag an eisem Budget, duerch
eng staark Croissance vun den Inscriptiounen, déi net nëmmen duerch de Bevëlkerungswuesstem kommen. Eng
gutt Reputatioun, d‘Resultat vun enger professioneller Gestioun sinn de Grond. Eise Choix vum Exploitant war de
richtegen an t’Direktioun mecht eng gutt Arbecht esou wuel op der Cap wéi zu Mamer.
Duerch déi nei Infrastruktur op der Cap an d’Benotzen vun de Raimlechkeeten vum ale Precoce Gebai, hu mir elo
e bësse méi Sputt. Duerch d’Vergréisserung vun der Kichen, déi am Gang ass, kann de Gestionnaire et nëmmen
méi einfach kréien.
D’Maison des Jeunes huet hire «Rhythme de Croisière» fonnt. D’Fonctionnementskäschten vun 110.000,-
sinn
acceptabel fir de Service un eise Jugendlechen. Och hei war et richteg den Service auszelageren. Den neien
Responsabelen mécht seng Aarbecht gutt.
De Club Senior, mat 55.260,-
, fonctionnéiert gutt an huet sech gutt op der Cap agelieft. Elo wou de Chantier vun
der Schoul fäerdeg ass an de Parking fonctionnéiert huet des Struktur nach méi un Attraktivitéit gewonnen.
42
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1...,32,33,34,35,36,37,38,39,40,41 43,44,45,46,47,48,49,50,51,52,...72
Powered by FlippingBook