Gemengebuet 01/2017 - page 41

Gemeng, niewent de Schoulsporthalen, iwwer modern Sportsanlagen, déi de Veräiner an de Sportler, virun allem
deene ville Jonken, optimal Spill- an Trainingsméiglechkeeten bidden.
Dat selwecht gëllt fir de Parc Brill, do wou mam neie Pavillon eng zousätzlech Attraktivitéit realiséiert gouf.
Mir begréissen och dat um kulturelle Plang eng grouss Ënnerstëtzung vun de Gemeng geleescht gëtt. Niewent
dem Subside un de Centre Culturel, deen mat exzellenter Programmatioun vill Leit unzitt, sinn et awer och déi vill
Organisatiounen vun der lokaler Kulturkommissioun, déi dobaussen bei de Bierger e ganz groussen Uklang fannen.
Ons Ënnerstëtzung fënnt och är Ausso, Här Buergermeeschter, de Budget 2017 soll och e Budget vun der Solidaritéit
sinn, woubäi Gemeng niewent enger Rei Moossnahmen déi sech bewäert hunn, och kuerzfristeg Moossnahmen
wäert huelen, deene Leit, déi ob Grond vun der ekonomescher Entwécklung an onsem Land eng Hëllef brauchen,
ënnert Äerm ze gräifen.
Wéi scho gesot, LSAP wäert de Budget rectifié 2016 an de Budget initial 2017, esou wéi proposéiert, matstëmmen.
ZumSchluss nach e grousse Merci un Finanzkommissioun fir den detailléierten Rapport an un all d’Gemengeservicer,
fir déi exzellent Aarbecht, déi bei der Opstellung vun dësem Budget geleescht gouf.
Stellungnahme Ed Buchette (CSV):
Här Buergermeeschter, dir Hären Schäffen
Dir Dammen a Hären Conseilleren,
Ech wollt méi speziell op de Volet Environnement agoen
An dem Beräich ass wann mir de Budget stëmmen an deenen leschte 3 Joer iwwert eng 4 Mio
investéiert ginn, am Pacte climat stinn 520 d
Dépensen vun 500 d géint iwwer.
Grouss Chifferen spillen sech doran erëm ronn 2.3 Mio fir de Sidero a bal 1.5 Mio fir de Sica ze moderniséieren.
Budget
2015
2016
2016
2017
total
recettes o
296.8989,21 3.39.3575,00 3.394.575,00 3.515.500,00 9.879.064,21
dépenses o
238.6529,97 2.738.465,36 2.767.203,00 2.839.200,19 7.992.933,16
582.459,24 655.109,64 627.372,00 676.299,81 1.886.131,05
pacte climat
54.223,77 221.575,00 221.575,00 242.500,00 518.298,77
recettes o
mesures pc
102.304,09 190.888,71 190.888,71 100.000,00 393.192,80
dépenses eo
primes
14.518,76 60.852,30 60.852,30 75.000,00 150.371,06
dépenses eo
-62.599,08 -301.66,01 -30.166,01 67.500,00 -25.265,09
recettes eo
72.519,66 106.000,00 75.000,00 816.151,98 963.671,64
dépenses eo
130.7910,89 2.112.725,29 2.145.239,41 1.419.215,39 4.872.365,69
-1.235.391,23 -2.006.725,29 -2.070.239,41 -603.063,41 -5.836.037,33
-3.949.906,28
Momentan kréien mir pro Joer ronn 24000
eran fir de Stroum vun de Panneau’en um Cipa, Kinneksbond, Service
Technique a dem Campus op der Kap, do ass bestëmmt an de nächsten Joeren nach Sputt no uewen mat neien
Iddi’en.
Allgemeng wollt ech nach just bemierken dass trotz e bësse méi Grond Stéier an ronn 10 Muppen déi nächst
Joer sollen nei an Gemeng kommen duerch Reform vun der Dotatioun beim Staat ëmmerhin 300 d
manner do
erakommen.
Ech soen iech Merci fir nolauschteren
41
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016
1...,31,32,33,34,35,36,37,38,39,40 42,43,44,45,46,47,48,49,50,51,...72
Powered by FlippingBook