Gemeinde anstrebe. Wohnungsbauminister Hansen (DP) habe auf eine entsprechende parlamentarische Anfrage
des Bürgermeisters von Hesperingen (CSV) Zahlen vorgelegt, die zeigen, dass viele Gemeinden in den letzten
drei Jahren gemeinsam doppelt so viele Sozialmietwohnungen geschaffen haben wie der staatliche Fonds du
logement, die Gemeinde Mamer jedoch keine einzige. Bei seiner Vorstellung des Haushalts habe Bürgermeister
Gilles Roth die Gesamtinvestitionen der aktuellen Mehrheit in der laufenden Legislaturperiode um 43 Prozent zu
hoch angegeben. In Bezug auf die Geschichtsschreibung meint Rat JemP Weydert, wenn dem Antragsteller einer
Motion die Verdienste für ein Projekt zugeschrieben würden, dann müssten demzufolge déi gréng als Initiatoren der
paraschulischen Betreuungsstrukturen in der Gemeinde gelten, schliesslich hätten sie 2000 einen entsprechenden
Antrag eingebracht.
Stellungnahme Romain Rosenfeld (LSAP):
Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, dir Dammen an Häre Conseilljeeën,
Den Här Trausch huet jo fir LSAP Fraktioun amDetail de Budget rectifié 2016 an de Budget initial 2017, kommentéiert,
ech maachen e puer zousätzlech Iwwerleeungen zu verschiddene Punkten zum Budget fir 2017.
Ech wollt nach eng Kéier drop hiweisen, dat mat engem regelméissegen, héijen Iwwerschoss am ordinäre Budget,
Finanzéierungskapazität vun enger Gemeng klëmmt. Säit Joren ass dat jo de Fall an der Gemeng Mamer. CSV/
LSAP Schäfferéit aus de leschten Amtsperioden hu richteg gehandelt, a staark investéiert a noutwendeg a nëtzlech,
generatiounsiwergreifend Projeten, fir eng regelméisseg Verbesserung vun der Wunn- a Liewensqualitéit fir Bierger
aus onser Gemeng ze garantéieren.
Alles dat, wat déi lescht Joren realiséiert gouf, huet Bild vun onser Gemeng däitlech verännert. Mamer ass haut
eng modern a liewenswäert Gemeng, déi vill nei Awunner unzitt, an dat wéinst onse Schoulen, Maison-Relais,
Jugendhaus, Cipa, Kulturzentrum, Sportinfrastrukturen, Lotissementer, Noerhuelungsgebidder, gutt ausgebautem
Gas-Waasser a Kanalnetz, an esou wieder.
Mir ënnerstëtzten jo de moderaten Zouwuess vun der Bevölkerung an onser Gemeng, net nëmmen well se nach
duerch déi staatlech Zouwendungen gréisser Einnahmen fir Gemeng bedeiten, mä virun allem och well ons Schoul-,
Sport- a Kulturinfrastrukturen, Maison Relais, d’Waasser-, Kanal a Gasnetz, ob dem neiste Stand sinn, an den
zukünftegen Zouwuess vun der Bevölkerung verkraaften. Virun allem ze begréissen och, dat de geplangten soziale
Wunnengsbau ob dem Weltgesbond realiséiert gëtt.
Bei den ordinären Ausgaben stellt de Schoulbetrib wéi ëmmer en decke Posten am Budget duer, och wann a
nächster Zukunft Personalkäschten vum Staat ganz iwwerholl ginn, bleiwen dach Fonctionnementskäschten héich,
Käschten déi een am A hale muss, awer net alles wat sech bewäert huet, elo a Fro stellen soll, nëmmen well
allgemeng gespuert misst ginn.
Gemeng offréiert de Pedibus an de Schülertransport, investéiert an didaktescht an informatescht Material, a
Bibliothéiken, Vivarium, Schoulgaart, ënnerstëtzt pedagogesch Projets a kulturell Animatiounen, Kolonien a Classes
de neige, alles Initiativen, déi mat groussen Ausgaben verbonnen sinn, mä déi fir e performante Schoulbetrib vun
absoluter Noutwendegkeet sinn.
Maison-Relais zu Mamer an ob der Cap sinn an der haiteger Zäit, net méi ewech ze denken; Net nëmmen den
Zouwuess vun der Bevölkerung, mä och gesellschaftlech Verännerungen, hu mat sech bruecht, dat Zuel vun de
Kanner déi an de Maison-Relaisen ageschriwwe sinn, steteg an Luucht geet, wat sech natierlech och bei de
Fonctionnementskäschten bemierkbar mécht.
Mir hoffen, an LSAP wäert sech och an Zukunft staark dofir asetzen, dass an der Schoulpolitik, all déi néideg
Moossnahmen geholl ginn, déi eng Garantie fir eng performant Schoul an onser Gemeng sinn.
Net a Fro stellen wëlle mir och, de kommunale Beitrag zu de Fonctionnementskäschten vun der UGDA Museksschoul,
mat der Tendenz steigend, well dach ëmmer méi Kanner an Erwuessener vun dëser Offer profitéieren. Hei sinn et
virun allem Personalkäschten déi ausschlaggebend sinn, mä ob der anerer Säit, ass dat héichqualifizéiert Personal
awer och Garant fir eng gutt Erzéiung.
D’Wichtegkeet vun enger musikalescher Erzéiung ass onëmstridden. Sie leescht awer och e Beitrag zum kulturellen
Liewen an der Gemeng, doduerch dat eng Rei Schüler spéider de Wee an Harmonie Gemeng Mamer oder an
Gesangsveräiner fannen.
Mir ënnerstëtzen och all wieder Depensen, déi am ordinäre Budget 2017 fir zum Beispill d’Rettungswiesen, Subsiden
fir Kultur a Sport, de Ruffbus, Jugend an drëtten Alter, Centre Culturel, oder och nach Jugendhaus virgesinn sinn.
Eng Reduzéierung vun den Ausgaben, wär hei net ubruecht. Et géing ee sécher e grousse Schratt zeréckgoen wat
Wunn- a Liewensqualitéit fir Bierger aus der Gemeng ugeet.
Absolut positiv bewäerten muss een all déi Initiativen, déi de Schäfferot an der lescht geholl huet an fir d‘Joer
2017 plangt wat Sportinfrastrukturen an der Gemeng ugeet. Mat de Renovatiounsaarbechten a virun allem mam
neie Schwingbuedem an der Hal Nic Frantz, den Aarbechten um Tennis Centercourt op der Cap, dem Ausbau vun
de Vestiairen um 2. Fussballterrain, wéi och de geplangten neie Konschtwues um Trainingsterrain, verfügt ons
40
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem