Gemengebuet 01/2017 - page 37

Mondorf
7
Beckerich
6
Grevenmacher
6
Goesdorf
5
Koerich
5
(autres)
21
Mamer
0
0
total
400
112
Vun deene 400 Wunnengen déi d’Gemengen an deene leschte Joer geschaaften hunn, sinn der 112 fir Studenten.
D’Gemeng Mamer huet net eng eenzeg sozial Mietwunneng realiséiert. Esou wéi wa bei eis dofir kee Besoin
géif bestoen. Mee wéi sot Dir emol, Här Buergermeeschter: “wiem et hei an der Gemeng ze deier ass, dee ka jo
plënneren”.
Dës Zuele vum Minister weise virun allem, dass déi staatlech oder parastaatlech Institutiounen d’Aufgab vum
soziale Wunnengsbau net eleng meeschtere kënnen, an dass och d’Gemengen onbedéngt hir Responsabilitéit
iwwerhuele mussen.
A vill Gemenge maachen dat! Esou guer kleng an net esou finanzkräfteg Gemenge kënnen offensichtlech hire
Beitrag leeschten, an dat ouni iwwert spezialiséiert Servicer ze verfügen!
Domatter beleet d’Äntwert op d’Question parlementaire vum Här Lies, dass d’Argumenter vum Mamer Schäfferot,
fir KENG Sozialwunnengen ze schafen, net stéchhalteg sinn. Si waren a si si just Pretext, fir näischt an dësem
Beräich ze maachen.
Esou, dass och de Budget fir 2017 nees eng Kéier KEE “Budget vun der Solidaritéit” ass!
5. d’Taxen an d’Steieren: do leit Mamer vir
D’Gemeng Mamer huet sech an deene leschten 18 Joer zu enger deiere Gemeng entwéckelt.
D’Baupolitik vun dëser Majoritéit - méiglechst vill Terrain op de Marché brénge fir esou d’Präisser ze drécken oder
zumindest ze stabiliséieren - war en eenzegen Debakel!
Och bei de Gemengentaxe leit Mamer am Spëtzepeloton. Jo, déi gréng si fir de Käschtendeckungsprinzip bei
Waasser an Offall. A mir hunn de Schäfferot eng Zäit laang an dësem Punkt ënnerstëtzt. Mee dem Schäfferot geet
et bei den Taxen nëmmen drëm fir méiglechst vill Suen an d’Kees ze kréien. D’Ëmwelt ass him egal.
Trotz all eisen Ufroen, de Bierger ze beroden an z’ënnerstëtzen e.a. bei der Reduktioun vum Waasserverbrauch, ass
näischt geschitt. Am Géigendeel! De Schäfferot huet géint d’Reserve naturelle Mamerdall - e konkrete Beitrag zum
Natur- a Waasserschutz - reklaméiert. Den autofräie Sonndeg huet en ofgeschaaft, genau wéi d’Ëmwelt- a Klimawoch.
Nach ëmmer huet d’Gemeng keen Ëmweltbeoptragten agestallt. Vun der Ersatzléisung, dem Kompetenzzentrum fir
Energie, Bau a Renovatioun aus der Schäfferotserklärung, gëtt net méi geschwat.
Wéi bei den Taxen huet d’Gemeng Mamer och bei deenen zwou Gemengesteieren, also dem Impôt Commercial
Communal (ICC) an dem Impôt foncier (IF), d’Nues vir. Et gëtt wéineg aner Kommunen, wou den Taux méi héich leit
wéi bei eis.
Ëmsou méi iwwerrascht war ech, Här Buergermeeschter, wéi ech Är Ried an der Chamber zur Gemengefinanzreform
héieren hunn. Dir hutt do fir d’Ofschafe vun der Gewerbesteier an, als Géigefinanzéierung, fir d’Verfënneffache vun
der Grondsteier plädéiert.
Am Budget initial 2017 si Recettë vun 2,15 Milliounen Euro bei dem ICC an 900 000 Euro bei der Grondsteier ageplangt.
No Ärer Virstellung soll d’Gewerbesteier op Null goen an den Impôt foncier der Gemeng 4,5 Milliounen Euro erabréngen.
Am Kloertext: d’Bierger solle fir d’Ausfale vun der Betribssteier riicht stoen.
Dir hutt Är sozial ongerecht Propose mat der Kompetitivitéit begrënnt. Mee wann Dir als Deputéierten d’Wirtschaft
entlaaschte wëllt, wisou bestrooft der dann als Buergermeeschter d’Entreprisen op eisem Gemengenterrain mat
deem héchsten Taux deen iwwerhaapt nach méiglech ass?
37
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016
1...,27,28,29,30,31,32,33,34,35,36 38,39,40,41,42,43,44,45,46,47,...72
Powered by FlippingBook