Ech hunn awer nach net héieren, dass d’Gemeng duerfir de Lycée Josy Barthel an d’Europaschoul misst iwwerhuelen.
Ausserdeem leien déi dach éischter an der Nopeschgemeng Bartreng an domatter am Bezierk Zentrum.
Richteg ass, dass Äre Virgänger, den Henri Hosch, regional Verantwortung iwwerholl huet, wéi hien ZESUMME mat
den interesséierten Nopeschgemengen de CIPA lancéiert huet.
Dës Majoritéit awer, huet sech ëmmer schwéier gedoe bei der fräiwëlleger regionaler Zesummenaarbecht an huet
mat hire villen Alleingäng éischter d’Noperen ofgeschreckt wéi zu enger Kooperatioun ugereegt.
De Kompetenzzentrum fir Energie, Bau a Renovatioun, wéi e vum KlimaForum virgeschloen an an der aktueller
Schäfferotserklärung ugekënnegt gouf, wier e flotten a virun allem ganz sënnvolle regionale Projet gewiescht. Mee
vun deem Projet héiert een näischt. D’Energieeffizienz an de Klimaschutz sinn ebe keng Prioritéite vun dësem
Schäfferot.
3. de Wuesstem: e “moderate” Wee zum Kollaps
Här Buergermeeschter, Dir schwätzt nach ëmmer vun engem “moderate Bevölkerungswuestum vun 2,5 bis ronn 3
Prozent pro Joer”. Esou en héije Wuesstem ass awer alles anescht wéi “moderat”.
Op nationalem Plang gëtt jo an der leschter Zäit vill vun 1,1 Milliounen Awunner am Joer 2060 geschwat. Abee,
wann d’Land géif all Joer, wéi et Iech fir eis Gemeng virschwieft, “moderat ëm 2,5 bis ronn 3 Prozent” wuessen,
dann hätt Lëtzebuerg 2060 net 1,1 Milliounen Awunner, mee dann hätt d’Land bis 2,1 Milliounen Awunner!
D’Gemeng Mamer hätt bei esou engem “moderate” Wuesstem 2060 ëm déi 30 000 Awunner. Esou vill wéi d’ Stad
Esch haut. Mee och dat schéngt Iech net weider ze beonrouegen. Dir weist einfach drop hin, dass eis Gemeng “mat
28 km
2
duebel esou grouss ewéi Esch” ass.
“Nei Aarbechtsplazen bréngen och Nuisancen, Verkéier, Stau ...”, hutt Dir als Deputéierten an der Chamber gesot. Als
Buergermeeschter sicht Dir d’Léisunge fir de Verkéiersproblem einfach bei deenen Aner. Eng Politik vun “Dausenden
neien Aarbechtsplazen” (LEADER-Regionalmagazin Spezial 2016) an engem staarke Bevëlkerungswuesstem
erfuerdert awer, dass een seng Hausaufgabe selwer mécht.
Et ass eng Zoumuddung fir d’Anrainer vun de Chemin Repris, wann een hinne seet, dass déi honnerten Autoen déi
all Dag laanscht hier Dir op d’Schaff um Gemengenterrain fueren, “just” Transitverkéier wieren.
Wou bleiwe baulech Moossname fir eng Verkéiersberouegung? Firwat trëppelt d’Gemeng zanter 18 Joer op der Plaz,
wat den Ausbau vum ëffentlechen Transport an der Mobilité douce ugeet? A kommt eis net mat dem Ruffbus, deen
elo - kuerz virun de Wahlen - a senger drëtter Versioun ageweit soll ginn.
Dem Här Negri soe mir Merci, well hien a Saachen “Tram bis op Mamer” beim Minister nogehaakt huet. Mir froen
dat jo schonns zanter laangem.
4. de soziale Wunnengsbau: Null Verantwortung iwwerholl
Viru kuerzem huet den Hesper Buergermeeschter dem Minister fir Wunnengsbau eng Question parlementaire
gestallt zu de soziale Mietwunnengen (logements locatifs sociaux “réalisés, achetés ou transformés”), déi vun
2013 bis dat 1. Trimester 2016 realiséiert goufen.
De Minister Hansen huet d’Zuele genannt. Vun deenen insgesamt 660 Wunnenge goufen der 400 vun de Gemenge
geschaaften, 205 vum Fonds de Logement a 55 vun SNHBM. D’Engagement vun de Gemengen an dësem wichtege
Beräich am Kampf géint Aarmut huet net onbedéngt eppes mat hirer Gréisst oder Finanzkraaft ze dinn, wéi
d’Opstellung weist:
commune
logements dont pour étudiants
Mondercange
89
15
Luxembourg
73
8
Wiltz
72
72
Esch
42
17
Hesperange
16
Dudelange
15
Sanem
12
Wiltz/Eschweiler
12
Flaxweiler
10
Niederanven
9
36
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem