Gemengebuet 01/2017 - page 35

Stellungnahme Jemp Weydert (déi gréng):
Här Buergermeeschter,
Dir Dammen an Hären,
D’Presentatioun vum Budget soll der Ëffentlechkeet d’Zuele vum Budget erklären an d’Gemengefinanzen transparent
maachen.
1. d’Investitiounen: ëm 43 Prozent verrechent
An Ärer Presentatioun vum Budget, Här Buergermeeschter, zitt Dir de Bilan vun 18 Joer CSV-LSAP-Politik an der
Gemeng. Dir sot, an deenen 3 Legislaturperiode mat Iech als Buergermeeschter, wären insgesamt “ronn 330
Milliounen
investéiert” ginn.
De President vun der Finanzkommissioun huet dës Zuel a sengem Avis iwwerholl.
Viru 6 Joer hat Dir, Här Buergermeeschter, de Bilan vun 2000 bis 2011 gezunn a vu “ronn 220 Millioune
Investitioune geschwat. Deemno missten no Adam Riese an Ären eegenen Zuelen an dëser Legislaturperiod ronn
110 Milliounen Euro investéiert gi sinn.
Leider stellt d’Finanzkommissioun zanter Joer keen Tableau méi zur Verfügung, deen e finanziellen Iwwerbléck op
eng länger Zäitperiod erlabe géif. Den Här Alfons Schmid, fréiere President vun dëser Kommissioun, huet dat all
Joer gemaacht an esou fir e bëssche méi Transparenz an der Budgetsdiskussioun gesuergt.
De Schäfferot huet sengersäits d’Hëllefsmëttel vum Gemengen eegene Plan financier pluriannuel ofgeschaaft. Dës
Opstellung vun allen Investitiounen iwwert hier Gesamtdauer hätt erlaabt, déi ronn 110 Milliounen ze beleeën.
Elo muss sech also all Conseiller, wann en dann drun interesséiert ass, d’Zuele selwer aus engem Stapel vun
Dokumenter eraussichen. déi gréng hunn dat gemaacht. A mir hunn an de Konte folgend Zommen als Dépenses
extraordinaires fonnt:
2012:
0
9 524 026,39
2013:
12 129 199,20
2014:
19 434 924,09
Bei der Virstellung vun de Konten an de Budgeten hutt Dir, Här Buergermeeschter, den 2. Dezember folgend Zuele
genannt:
2015:
17 167 675,02
(Comptes)
2016:
13 352 362,02
(Budget rectifié)
2017:
12 522 142,98
(Budget initial)
Wat zesumme 84,13 Milliounen Euro mécht. Wesentlech manner wéi déi genannten 110 Milliounen.
Mee d’Zomme vun den Dépenses extraordinaires ass nach net de Gesamtinvest vun der Gemeng. Fir deen
erauszefannen, muss een de Posten “Dotation au fonds de réserve pacte logement” eraus rechnen. D’Zuelen déi
an den Ënnerlage stinn:
2012:
0
667 102,50
2013:
0
857 790,00
2014:
1 626 952,50
Dozou kommen d’Zuelen, déi Dir den 2. Dezember genannt hutt:
2015:
1 362 285,00
(Comptes)
2016:
0
998 797,50
(Budget rectifié)
2017:
1 651 252,50
(Budget initial)
Dat mécht en Total vu 7,16 Milliounen Euro, dee vun den Dépenses extraordinaires (84,13 Mio
) ofgezu muss ginn.
De Gesamtinvest fir dës Legislatur bedréit also ronn 77 Milliounen Euro (genau: 76 966 150,70
).
Här Buergermeeschter, Dir hutt Iech ëm ronn 33 Milliounen Euro verrechent. Respektiv ëm 43 Prozent!
Der Finanzkommissioun ass dat net emol opgefall!?
2. d’Regionalpolitik: Mythos a Realitéit
Här Buergermeeschter, Dir hutt bei der Virstellung vum Budget och versicht, e politesche Bilan vun deenen dräi
Legislaturperioden ze zéien. Dat ass “de bonne guerre”, mee och bei engem politesche Bilan soll ee bei de Fakte
bleiwen!
Dir sot a schreift: “dass mir eng Reih vun regionalen Aufgaben wäerten iwwerhuelen. Mat Lycée Josy Barthel an
Europaschoul maachen mir dat am Schoulwiesen”.
Ech weess, dass mat der Gemengefinanzreform de Staat ab 2017 d’Participatioun vun de Gemengen un de
Lounkäschte vun den Enseignanten aus dem Fondamental iwwerhuele wäert, an domatter der Gemeng Mamer
Depense vu ronn 2,5 Milliounen Euro wäerten erspuert bleiwen.
35
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016
1...,25,26,27,28,29,30,31,32,33,34 36,37,38,39,40,41,42,43,44,45,...72
Powered by FlippingBook