Gemengebuet 01/2017 - page 34

Duerch den Wuesstem vun der Bevölkerung ginn awer och elo méi Leit an der Gemeng gebraucht, als Finanz­
kommissioun gesinn mir dat och ganz positif wëll et wichteg ass dass d’Biergerinnen an Bierger en gudden Service
gebueden kréien. All zukünfteg Astellung soll awer sou gutt ewéi et geet enger Alterspyramid ugepasst ginn, fir
en harmoneschen Mix ze behalen an och fir Pensiounsalter vun den Beschäftegten fir Zukunft esou gutt et geet
ofzedecken. Mir kënnen och festhalen dass den Rapport vun der Zuel vun den Fonctionnairen an Salarien mat den
Awunner par rapport zu villen aneren Gemengen nach ëmmer an der Reih ass.
Finanzkommissioun ënnerstëtzt de Schäfferot an sengen Beméihungen fir weider Investitiounen am Kader vum
Klimapakt ze machen fir eng méi effizient Notzung vun der Energie an iwwert deen Wée laangfristeg d‘Ausgaben
erofzesetzen. Nohalteg Investiounen sinn wichteg, fir den Patrimoine vun der Gemeng ze erhalen, an en méi
nohalteg auszebauen. Di niddereg Zënsen an den uerdentlechen Iwwerschooss sollen et erlaben fir Politik vum
green procurement an der Kreeslafwirtschaft, éconmie circulaire op Franséisch weider ze entwéckelen.
Wann Cogénératiounsanlag renovéiert gëtt soll gekuckt ginn op dat iwwert den Wee vun erneierbaren Energien ze
machen ass.
Mir proposéiren dass esou gutt ewéi et geet op die lokal Betribber zerëckgegraff gëtt.
Mir bleiwen bei eiser Meenung dass do wou et méiglech ass Gemengenservicer op eng analytesch Compta sollen
zerëckgreifen fir e besseren Suivi vun den verschiddenenen uerdentlechen Ausgaben ze kréien. Presentatioun vun
engem analyteschen Budget sollt och Standard ginn.
Eng regelmässeg Ananlyse vum Cash-flow misst et erlaben fir op Zerëckgreifen vun enger Kreditlinn an /oder
Emprunt ze optimiséieren.
Gemeng soll sech op jidde Fall e finanziellen Spillraum loossen fir op all Imprévu mëttel- oder laangfristeg kënnen
ze reagéiren z.B. den Pacte Logement sollen mir net vergiessen, wëll en jo 2018 ënnert senger häiteger Form villäit
net méi existéiert.
Dir Dammen an dir Hären,
Gemeng Mamer ass grouss ginn a wäert wéi sou vill aner Gmeneger weider wuessen, déi néideg a richteg Schrëtt
sinn geholl ginn fir Zukunft virzebereeden, d’Infrastrukturen sinn do.
Wat Uertschaft Holzem betrëfft , sinn ëmmer méi Leit déi sech opreegen iwwert déi héich Vitesse an der Garnecher
an Mamer Strooss an dann surtout zu den Spëtzenstonnen.
Den Parking beim Holzemer Kierfecht kënnen mir och nëmmen begréissen, souwéi dass en Trottoir kënnt gemacht
ginn fir den PC 13 mat der Uertschaft ze verbannen.
Eng Halfpipe op der Spillplatz beim Festsall zu Holzem fannen ech perséinlech keng esou gutt Idee, et gëtt zevill
Wunnhäiser an der direkter Noperschaft zum Festsall, an eng Halfpipe ass awer mat engem gewëssenen Kaméidi
verbonnen. D’Idee ass gutt, a villait eegent sech eng aner Platz besser.
De Budget initial 2017 schléist met engem Boni vun ronn 5 Milliounen
of. Den Investiounsvolumen fir 2017
bedréit 12,5 Milliounen
. Dat sinn d’„chiffres clés” vun der Gemeng Mamer fir di no Zukunft. Di positif Akzenter
vun den lëschten 16 Joer ginn weidergefouert. D’Krisen sinn komm an nach net all iwwerwonn, mais am nachhinein
kann een jhust bestätegen dass et den Awunner an Gemeng Mamer, ouni Zweifel, haut gutt geet. Mir sollen awer
net vergiessen dass et och Leit ginn deen et net gutt geet, an déi däerfen mir net vergiessen.
Här Buergermeeschter,
Dir Hären Schäffen,
Wéi den Här Schmit et schons gesoot huet stëmmen mir den Budget initial 2017 souwéi den Budget rectifié 2016
esou wéi en virun 2 Wochen hei presentéiert gouf an ënnerstëtzen den Schäfferot weider an sengen Beméihungen.
Mir soen alleguerten deenen e grousse Merci déi fir déi genau an detailléiert Presentatioun vun den Zuelen vum
Budget rectifié 2016, an dem Budget initial 2017, eng Hand matugepackt hunn.
Merci fir Nolauschteren.
Betreffend das Problem der uneinsichtigen Raser in Holzem will Bürgermeister Gilles Roth (CSV) die Polizei davon
in Kenntnis setzen, zwecks verstärkter Durchführung von Kontrollen. Der Bau von Verengungen sei schwierig, wenn
nicht gar unmöglich, dies aus zwei Gründen: weil es sich bei besagter Straße um eine Staatsstraße handele und
wegen der dort ansässigen Landwirte, die mit überdimensionalen landwirtschaftlichen Maschinen verkehrten. Er
wolle dennoch alle Möglichkeiten ausloten, so Gilles Roth abschließend.
34
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1...,24,25,26,27,28,29,30,31,32,33 35,36,37,38,39,40,41,42,43,44,...72
Powered by FlippingBook