Gemeinde sehen, und eben nicht nur den Bürgermeister, man wolle den Kameramann diesbezüglich sensibilisieren.
Obendrein sei es Sache der Vereine, stärker auf die Dienste von MA-TV zurückzugreifen, um auf sich aufmerksam zu
machen. Die Vereine seien diesbezüglich informiert worden.
Den Vorschlag von Nancy Brosius betreffend eine Subventionierung der Jumbo-Karte für alle in Frage kommenden
Einwohner der Gemeinde findet der Bürgermeister gut und schlägt vor, ein entsprechendes Reglement zu
verabschieden. Es sei ungerecht, wenn nur die Staatsbeamten in den Genuss einer solchen Subventionierung
kämen. Sozialwohnungen, ja, so der Bürgermeister weiter, diese in Eigenregie bauen zu lassen sei jedoch keine
Option. Wenn, dann nur via eine öffentliche Ausschreibung und/oder einen externen Träger.
Stellungnahme Jean Beissel (CSV):
Här Buergermeeschter,
Dir Hären Schäffen,
Dir Damen an Hären Conseilleren,
Gemeng Mamer ass haut eng modern Gemeng wou et sech gutt liewen léist. 9200 Awunner zielt eis Gemeng
momentan, Leit déi bei eis wunnen kommen wëll se hei alles fannen wat se fir en agreabelt Wunnen ronderëm
Stadt brauchen. Schoulinfrastrukturen goufen an a ronderëm Gemeng geschaffen, Sport a Kulturinfrastrukturen,
souwéei gutt organiséiert Veräiner sinn do fir allen Awunner e flotten Kader ze schaffen an deem et sech gutt
liewen léist. Mamer ass wäit ewech vun enger Cité dortoir mat attraktiven Manifestatiounen fir Nationalfeierdag,
engem gutt opgestalten Kulturprogram, villen sportlechen Manifestatiounen, de Public-Viewing während der
Europameeschterschaft vum Fussball, dem nei gestalten Chrëschtmaart mat der Äispist asw asf.
D‘Gemeng Mamer gouf zu engem pôle d’attraction am Westen vum Land op 7 km vun der Haptstadt. Déi vill an
dachs onfair Diskussiounen am Kader vum neien PAG hunn Leit net dovun ofgehalen fir bei eis ze kommen au
contraire mir hunn endlech en Instrument fir eng organiséirt Entwécklung vun Mamer ze garantéiren. Mir felicitéieren
de Schäfferot a surtout de Buergermeeschter Gilles Roth, deen der an desem Dossier vill huet missten astiechen,
an surtout ongerecht behandelt ginn ass, dass sie beharrlech den Dossier weiderbruecht hunn fir en op e gudd Enn
ze brengen. Mir kënnen haut houfreg sinn e PAG ze hunn, vill Gemengen doktoren nach drun erëm.
Die positif Entwécklung vun der Bevölkerung an der Gemeng Mamer wierkt sech mat den neien Verdeelungskritären,
déi vum Gesetz festgehaalen gi sinn, och positif op Gemengefinanzen aus och wann natierlech verschidden Ausgaben
wäerten klammen, wéi Schaffung vun neien Posten an enger Gemeng déi ouni Stress wiist. Personalkäschten leien
schon seit Joeren bei ronn 1/3 vun den uerdentlechen Ausgaben, sou dass mat der Evolutioun vun der Gemeng
proportional net méi Leit agestallt gi sinn. De Schäfferot huet an deem Sënn seng Hausaufgaben gemacht. Aner
Fraisen an Investiounen fallen un. Infrastrukturen fir Sport a Kultur ginn regelmässeg astandgesat, Hall Nic Frantz,
den Fussballsterrain an d‘Tennishall op der Cap stinn 2017 mat ronn 1.000.000
€
am Budget. Vill flott Spillplazen
stinn den Awunner an eiser Gemeng zur Verfügung, d’Erneirerung vun hinnen stinn mat 150 000
€
am Budget.
De flotten Pavillon Brill huet an den Summerméint e riesegen Succès gehat an wäert deen och weider hunn. Dat
kascht alles Suen, mais ass defintif eng Plus-value fir eis Gemeng. D’Schoul op der Cap ass och fäerdeg, et bleiwen
nach 700 000
€
ze bezuelen mais et sollen nach 2,7 Milliounen
€
un Subsidien erakommen, beim Précoce Gebäi
bleiwen nach 175 000
€
ze bezuelen während nach iwwert 1,6 Milliounen
€
u Subsiden solle erakommen.
Eng vun den Recommandatiounen vun der Finanzkommissioun ass hei ze versichen fir hannen drun ze bleiwen dass
die Subsidien méi séier bezuelt ginn. Gemeng finanzéiert déi zwar iwwert eng ligne de crédit, mais besser wier et
effektif Suen méi séier ze kréien.
Zill vun dëser Majortéit war et fir e stabilen uerdentlechen Boni ze hunn an iwwert deen Wee déi villfälteg Projeten
kënnen ze finanzéieren déi d’Gemeng Mamer haut zu deem gemacht hunn wat se ass. De Kont 2015 schléist mat
engem Boni ordinaire vun 7,5 Milliounen
€
of, den Budget rectifié 2016 mat 6,14 Milliounen
€
an den Budget 2017
mat 5 Milliounen
€
. Bei dësem Betrag an vir op déi kommend Joeren no vir ze kucken, mussen awer 2,477 Milliounen
un Lounkäschten vum Léierpersonal bäigesat ginn. Effektif sinn et Lounkäschten déi Joer 2016 betreffen a wou
Gemengen am Land fir die läschten Kéier mussen den Undeel un dësen Gehälter bezuelen.
Mat der Schold vun ronn 39,8 Milliounen
€
op Enn 2017, wann déi 4 Millioune
€
déi am ausseruerdentlechen Budget
fir 2017 drastinn, gebraucht ginn, bezillt Gemeng nächst Joer 2,8 Milliounen
€
un Kapital zerëck an 45 861,44
€
un
Zënsen. Op ronn 11,2 Milliounen
€
Schold fallen esouguer Negativzënsen un.
Och den taux d’endettement, de Rapport tëscht dem Zerèeckbezuelen vun der Schold an den uerdentlechen
Einnahmen bleiwt mat 8,94% an den Normen vun den 10% déi sech den Schäfferot fixéiert huet an weit ënnert
den 20% déi vum Ministère festgeluecht goufen. Mir wiederhuelen dass Pro Kapp Verscholdung keen Kritère ass
fir dat ze moossen.
Den Rapport vun der Finanzkommissioun hält nach fest dass mir den Schäfferot an hirer Démarche ënnerstëtzen
fir sech mat den Banken ze gesinn fir esou gutt et geet en Deel vun der Schold mëttelfristeg mat engem festen
Zënssatz unzelëen.
33
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016