Ech ka mir just net virstellen dat déi 150.000,- fir d’Remise en état vun dem Haus an der rue Millénaire, oder déi
50.000,- fir déi kleng Mameranus Schoul, duer ginn dat eng effikass energetesch Sanéierung duerchgeféiert ka
ginn.
Ähnlech gesäit et hei bei der Renovatioun vum Bâtiment Jean Marx aus. Och hei ass et sécher net mat neie
Fënstere gedoen. D’Heizkierpere paife wuertwiertlech aus dem leschte Lach a Beliichtung ass och nach aus dem
leschte Joerhonnert.
Wat soll de Bierger denken wann hien sech an dësem Gebai e Rendez-vous bei dem My-Energie Service hellt fir
sech bei sengem privat Projet beroden ze loossen fir méi energieeffizient ze bauen oder ze renovéieren. Hei misst
d’Gemeng definitiv mam gudde Beispill virgoen, an dobäi verlaangen mir net emol eng Plus Energie Sanéierung,
awer sécher méi wéi wat Dir geplangt hutt.
An den ordinären Depensen sinn och bal 60.000,- fir den Info Kanal an 22 Emissiounen vum MATV reservéiert. Zum
Inhalt vun dësen Emissiounen well ech mech elo mol net äusseren. Mee ech fannen eng modern Gemeng wéi Dir
eis Gemeng gäre bezeechent, verdéngt och eng modern Opmaachung vun esou enger Sendung. E bëssen erënnert
se mech momentan un féier Hei-elei-kuck-elei Sonndeg Nomëtteger.
Hei wär e Renouveau vum Konzept dréngend noutwenneg. Firwat net och mol informativ Bäiträg bréngen am Platz
déi éiweg Retrospektiv vun Aktivitéiten aus der Gemeng.
Bei der Gestioun des Déchets si Subsiden fir 6.200,- virgesinn, fir d’Leit bei der Eliminatioun de couches ze
ënnerstëtzen, wat mir Gréng begréissen.
Mee eigentlech ënnerstëtzt Dir esou Leit déi Offall produzéieren. Misst een net och den Projet vun der Sica
ënnerstëtzen an en Subsiden ausschaffe fir déi Leit ze encouragéieren déi manner Offall produzéieren an d’Ziel
erreeche wat de Sica sech gesat huet, mat manner wéi 100kg Dreck pro Joer.
Dann stinn ënnert den ordinären Depensen och nach ëmmer 9.000,- deen nämmlechte Betrag wéi déi lescht Joren,
fir Subventioun vun de Jumboskaarten.
Et ass Iech jo sécherlech net entgaangen dat den ëffentlechen Transport fir d’ Lycée Schüler säit dem September
gratis ass an dat fir dat ganzt Joer. Dofir wollte mir Gréng de d’Propose maachen an Zukunft den MPass vun eise
Matbierger ze subventionéieren an esou den ëffentlechen Transport ze promouvéieren.
Des puer Moossnahmen sinn zwar nëmme Klengegkeeten awer sécher en Service um Bierger, an se géifen sech
och nach Positiv an eiser Co2 Bilanz an an der Klima Pakt Zertifikatioun bemierkbar maachen.
Ech hätt och nach zwou finanztechnesch Froen zu den ordinären Depensen.
Firwat kascht eis d’UGDA Museksschoul ronn 200.000 ,- manner wéi d’lescht Joer?
An wann mir eréischt 2017 de Subside vum Ministère de la Famille kréien fir d’Renovatioun vun der Herni Trauffler
Schoul. Well mir elo eréischt den Decompte eran reechen. Ginn et dann nach Chantieren wou mir Subsiden bis elo
nach net konnte kréie well den Decompte eréischt méi spéit ofgeschloss gi ass?
Am Meeschten vermessen mir Gréng awer an dësem Budget … déi sozial Komponenten, déi e bësse méi wäit ginn,
wéi dat wat d’Legislatioun virgesäit.
Natierlech suergt Dir bei all neiem Lotissement dat déi 10% vir erschwéngleche Wunnraum agehale ginn. Mee all
dëse Wunnraum ass fir eng ganz Rëtsch vu Leit leider nach ëmmer net erschwénglech. Mir hätten et begréisst wann
Dir zum Beispill weider Méiglechkeeten vu Wunnraum fir Flüchtlingen déi de Statut hunn, oder fir Famillen déi sech
net gutt stinn geschaaften hätt. Och hei muss d’Gemeng mam gudde Beispill virgoen.
Ech weess Dir sot ëmmer Dir wéilt net Promoteur spillen, mee am Moment ginn et e puer Méiglechkeeten wou mir
als Gemeng eng substanziell Ënnerstëtzung duerch d’ëffentlech Hand kréie kéinten, 50% jo esouguer 75% ob de
Baukäschten, zum Beispill beim Projet ‘Jugendwunnen’ oder schafen vu Wunnraum fir Flüchtlingen. Esou kéinten
mir Jugendlechen deenen et net sou gutt geet oder neien Matbierger eng Hand reechen resp. hinnen eng zweet
Chance erméiglechen.
Dat muss näischt Bombastesches sinn 2-3 Unitéiten wären e flotten Ufank.
Et sinn, esou kleng Projet'en déi eiser Gemeng gutt géifen doen a wou mir, als Gemeng Mamer, eis kéinten vun
enger aner Säit weisen.
Zum Schluss e Grousse Merci un all eist Gemengepersonal fir all déi gutt Aarbecht déi si iwwert dat ganzt Joer
leeschten, an Iech Merci fir d’Nolauschteren.
Bürgermeister Gilles Roth (CSV) meint, dass die Gemeinde Mamer es beim Klimapakt in der Tat nicht bei der
zweiten Ebene belassen wolle, er regt an, konkrete Vorschläge im Gemeinderat einzubringen. Er appelliert an die
Umweltkommission, bis zu den Karnevalsferien fünf prioritäre Punkte zu definieren und zu präsentieren, der Schöffenrat
überprüfe dann die Machbarkeit. Der Bürgermeister untermauert dann erneuert, dass er an MA-TV festhalte, die
Motivauswahl sei sicher nicht immer optimal, die Bürger wollten sich, andere Bürger und das Geschehen in der
32
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem