Mëttelfristeg wäert Awunnerzuel nach eng kéier séier erop goen wann Lotissement am Wëltgesbond bis fäerdeg
ass an verschidden méi kleng Lotissementer z.b. Klunscheknuppan verschidden Residencen och bewunnt sinn. Dat
bedeit zwar awer och dass den Trafic nach ëmmer wäert zou huelen an do muss net nëmmen op Gemengenniveau
mee Regional an National un Léisungen gesicht ginn Parkingen bei den Garen Mamer an Capellen sinn meeschtens
voll beluecht wat awer och weist dass Eisebunn eng ganz gutt alternativ zum Invidualtransport ass. Dat selwecht
gëllt vir den Bustransport. Mir kënnen eis an der Gemeng glécklech schätzen op 2 ëffentlech Transportsystemer
(Zuch an Bus )kënnen zeréckzegräifen.
Och sinn nom groussen Chantier „Eisebunnsbréck” zu Mamer den Accès zu den 2 Quaien op der Mamer Gare dann
barrierefräi
.
Am Prinzip all Grouss Chantieren sinn fäerdeg oder ginn et am Joer 2017 esou dass mëttelfristeg virun allem
Aarbecht bei dem normalen Ënnerhalt vun den Gebaier an den Stroosseninfrastrukturen an den Gréng Anlagen
ufält. Vir 2017 ass jo schonns e.a.een groussen Chantier en Preparatioun dat ass komplett Erneierung vun der rue
Mameranus. Esou Projeten sinn an enger Gemeng immens wichteg vir dass Awunner kënnen vun den beschten an
neisten Infrastrukturen profitéieren.
Op jiddefalls kann deen Schäfferot an Majoritéit déi den nächsten Budget am Dezember 2017 wäerten presentéieren
op eng stabel Finanziell Situatioun bauen. All déi Investissementer, déi an de leschte Jore gemaach gi sinn, e.a.
Kinneksbond, Campus Capellen, waren mat Wäitsiicht gemaach, fir och mëttelfristeg een moderaten Populatiouns-
Zouwuess kënnen opzefänken ouni schonns erëm Gebaier mussen auszebauen.
Duerfir huet LSAP Fraktioun déi Initiativen vum Schäfferot och ëmmer ënnerstëtzt, och wann dat méi grouss Finanziell
Belaaschtungen bedeit huet mee par contre déi Investissementer NET ze maachen, bei deenen gënschtegen
Konditiounen um Finanzmaart, wär grob fahrlässeg gewiergt.
Merci un déi Servicer an der Administratioun an dem Service Technique déi un den Dokumenter matgeschafft hunn
esou wéi der Finanzkommissioun vir hiren Rapport.
LSAP Fraktioun seet dann JO zum Budget rectifé vun 2016 an zum Budget initial 2017.
Bürgermeister Gilles Roth (CSV) geht auf das von Rat Trausch angesprochene Verkehrsproblem ein, betont aber,
dass dieses nicht hausgemacht sei. Darüber hinaus müsse man das öffentliche Verkehrsangebot auch in Zukunft
unterstützen, neue Siedlungsgebiete bedeuteten aber nicht automatisch auch mehr Individualverkehr, zumal diese
über eine optimale Anbindung an Bus und Bahn verfügten.
Er verweist ferner auf die Idee von Schöffe Roger Negri (LSAP), der eine Verlängerung der Tramtrasse bis nach
Mamer-Tossenberg mittels parlamentarischer Anfrage beantragt hat. Diese Idee solle die Gemeinde unterstützen!
Von Mamer als „Centre de développement et d’attraction régional” versprechen sich der Bürgermeister u.a. auch
eine geringere Wahrscheinlichkeit betreffend eine eventuelle Schließung der lokalen Post- und Sparkassenfilialen.
Betreffend das Polizeikommissariat in Capellen versichtert der Bürgermeister, dass das 73 Ar große Gelände in
Gemeindebesitz verbleibe. Für den Neubau der Polizeikaserne habe die Gemeinde einem Areal gegenüber der
Feuerwehr- und Protex-Kaserne (Cisma) in Aussicht gestellt, deren Realisierung liege aber nicht in den Händen der
Gemeinde Mamer. Der vollelektrische „Ruffbus” solle im März offiziell eingeweiht werden, so der Bürgermeister
abschließend.
Stellungnahme Nancy Brosius (déi gréng):
Här Buergermeeschter,
Dir Häre Schëffen,
Madame an Häre Conseilleren,
Léif Bierger
An ärer Ried hutt Dir, Här Buergermeeschter, den Ausdrock gebraucht, dat Dir dem Ball net misst nolafen. Dat ass
wuel richteg, mee fir eis Gréng, an awer och fir eng Gemeng, wéi Mamer, dach selbstverständlech.
Mir géifen eis just wënschen dat eis Gemeng a verschidde Beräicher, net nëmme matspille géif, mee anere Gemenge
souguer e grousse Schrack viraus wär.
Leider ass dat net ëmmer de Fall, beim Klima Pakt zum Beispill. Hei kritt d’Gemeng bei den ordinären Recetten
242.500,- duerch Subsiden eran. Dir investéiert der awer just 100.000,- fir extraordinär Mesuren ze huelen. Eis
Gemeng huet awer eréischt den Niveau 2 erreecht, a fir op den nächsten Niveau ze kommen, wier et wichteg sech
all Moyenen ze ginn déi mir duerch des Subsiden era kréien.
Oder geet der Gemeng eng 50% Zertifizéierung duer?
Dirwärdeiselosécher soendatDir eenDeel vundëseSubsidenabaulechMoossnahmefir engenergeteschSanéierung
vun eise Gemengen Infrastrukturen investéiert. Mee genau dat misst fir eis Gréng eng Selbstverständlechkeet sinn,
an och ouni Subside realiséiert ginn. Beim Austausche vun eiser Stroossebeliichtung klappt dat jo scho ganz gutt.
31
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016