Stellungnahme Roland Trausch (LSAP):
Här Buergermeeschter,
Dir Hären Schäffen, Dir Dammen an Hären Gemengeconseilleren,
Och dëst Joer wäert ech vir LSAP Fraktioun am Gemengerot just global iwwert den Budget rectifié vun 2016 an den
Budget vun 2017 schwätzen.
Den Dokumenter no déi mer an der Sitzung vum 2. Dezember vum Här Buergermeeschter presentéiert kruten, kann
ech an menger Stellungnahm quasi op eng identesch global Finanzsituatioun vun der Gemeng Mamer agoen wéi
Enn 2015 an esouguer wéi déi Joren virdrun
Den Budget Ordinaire rectifié vun 2016 schléisst mat engem Boni Vun 6,1 Mio
€
of , dat ass ronn 700 000
€
manner
wéi geduecht, mee deen Montant ass an der Linn vun den Bonien vun den leschten Exercissen. Dat ass een Resultat
wat sech weise léist vir eng Gemeng mat der aktueller Awunnerzuel vun ronn 9200 an enger gudder Infrastruktur.
Dass bei den Recetten am Extraordinär een Minus vis à vis vum dem Budget initial vir 2016 ass, kënnt jo
gréisstendeels duerch Subsiden déi nach net vum Staat un d’Gemeng bezuelt goufen. Deen do Phänomen ass
awer net nei , well ech ka mech erënneren esou laang ech an der Gemengepolitik dobäi sinn dass all Schäfferot
déi do Situatioun beklot huet. Mais et ass een op mannst sécher dass Subsiden iergendwann ausbezuelt ginn. Dat
weist awer och am Contraire dass vill investéiert gouf wou den Staat sech drun bedeelegt.
Bemierkenswäert ass dass Gemeng Mamer 2016 ronn 1 Mio.
€
duerch den Pacte Logement vum Staat kritt. Dat
huet sech schonns rentéiert, Konditiounen vum Pacte Logement ze erfëllen. Dat huet och Méiglechkeet ginn de
Bau vun Wunnengen a Coût modéré an der Gemeng Mamer ze intensivéieren. Direkt Finanziell wäert een dat dann
och nach Budget vum Joer 2017 spieren.
Bei den Dépensen sinn déi Montanten vir den Apport en Kapital bei den Syndikater SICA an SIDERO ervirhiewe.
Well vir Offallgestioun déi ëmmer méi grouss an komplex gëtt muss den Syndikat Moyennen behalen vir och
weiderhin den gudden Service ze garantéieren. An also muss Gemeng Mamer als gréissten Member vum Syndikat
eben och vill investéieren.
Da selwecht gëllt vir den Syndikat SIDERO wou et ganz wichteg ass dass Kläranlag gutt fonctionnéiert an Mëttelfristeg
wäert do ënner anerem een groussen Posten am Budget extraordinär op eis duerkommen beim Ausbau vun der
bestoender Anlag. Wéi an der Dokumentatioun ze liesen ass, sinn bei den Ordinären Recetten ronn 72% dovun
(Dotation de l’Etat an Gewerbesteier).
Dat ass schonns wichteg dass den Montant vun deenen 2 Recetten an den nächsten Joren mindestens esou héich
bleift. An normalerweis kréie mer als Gemeng Mamer an Zukunft nach méi en groussen Montant well dann dat neit
Gemenge Finanzéierungsgesetz gräift.
Bei den Depensen ass virun allem de Posten vun den Salairen den permanent steigt. Net nëmmen duerch normal
Lounsteigerungen mee well och permanent Leit agestallt ginn wat och gutt an richteg ass.
Well déi Envergure déi Gemeng Mamer an Tëschenzäit huet mat iwwer 9000 Awunner freet och no engem gudden
Service vun der Administratioun an dem Service Technique. Och war et gutt dass an engem vun den leschten
Sitzungen een Organigramm vum Service Technique presentéiert ginn ass. Do huet e gesinn dass dringend Leit
mussen agestallt ginn, wat jo och schonns deelweis geschitt ass oder am Fréijoer 2017 wäert de Fall sinn. Ëmmer
méi Lotissementer méi Stroossen erfuerderen méi Personal beim Entretien.
Och beim Personal an der Administratioun kann net gespuert ginn vir den Service um Bierger kënnen ze garantéieren.
Dass dat mëttel- an laangfristeg den Ordinären Budget wäert belaaschten ass Konsequenz dovun mais dat e muss
mat a kaf huelen. Well Awunner erwaarden och een qualitativ héijen Service vun der Gemeng an ener anerem sinn
jo vill Leit déi d’Gemeng Mamer als neien Wunnsëtz gewielt hunn, well et eng attraktiv Gemeng ass mat praktesch
allen Déngschtleeschtungen déi ugebuede ginn.
Als neisten Service fiert demnächst erëm en Ruffbuss (den mat 90 000
€
Joer am Budget vir 2017 steet).Et ass elo
un den Bierger déi Offer dann och unzehuelen Méi Awunner zéien am Contraire och nei Déngschtleeschtungsservicer
un. Wann een nëmmen kuckt vun der Medezinescher Betreiung. (Dokteren aus villen Fachrichtungen, Apdikten,
Offeren an villen Gesondheetsberäicher).
Am Commerce sinn och genuch Offeren dobaï komm, zemools am PAC op der Cap. Och Post Servicer ginn an 2
Uertschaften ugebueden praktesch all grouss Banken hunn Agencen an der Mamer Gemeng, eben déi Attraktivitéit
déi Gemeng Mamer duerstellt verhënnert dass traditionell Servicer zougemaach ginn (Beispill Post an Spuerkeess
op verschiddenen Platzen am Land).
Wann een d’Entwécklung vun der Gemeng an den leschten 15 Joer kuckt dann kann een nëmmen Conclusioun
zéien dass Majoritéitsparteien CSV an LSAP an déi jeeweileg Schäfferéit dat richtegt Konzept haten vir Gemeng
Mamer zudeem ze maachen wéi et haut ass. Moderéierten Wuesstem an komplementar dozou Ausbau vun den
Servicer an Ausbau vun der Offer vun den Sport an Fräizäitméiglechkeeten.
30
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem