Gemengebuet 01/2017 - page 29

Op der Säit vun den aussergewéinlechen Ausgabe kann een festhalen dat am globalen 300.000
manner ausgin
sin ewéi ambudget initial,an awer och verschidde Posten méi héich lauchen ewéi ugehol, deelweis well sech wärend
dem Projet hu missten op Inprévuen reagéiert gin ewéi zum Beispil bei der Eisebunsbreck. Aaner Projecter si méi
deier gin ewéi de Pavillon am Brill deen 16 % méi kascht ewéi geplangt. Oder och nach d’Kielener Stroos déi 19,3 %
mei deier war ewéi am Ufank ugeholl. D’Astandsetzung vun de Kaper Tennisfelder huet och 21 % méi kascht; duerfir
krute mir jo awer en internationale Tennis Match op d’Kap. D’Sportshall zu Mamer weist och en Dépassement vun
100.000
op, dat mecht alt nees 19 % aus. Aaner Projecter si gekierzt gin an op d’Joer 2017 iwerdroe gin: ewéi
d’Fassede vun der Kaper Kiirch, ewéi Etuden iwert eng Reckhaltunsmosnahm bei der “Welleschbaach” zu Holzem
oder och nach Aarbechten un der voirie rurale.
Wat de Budget 2017 ubelaangt esou ass op der Sait vun den ordinären Einnahmen an Ausgabe net vill spektakuläres
ze ernimmen wann een an de graffen Zich doriwer kuckt. Et get Rechnung gedroen vu den Upassungen vun
de Lounkäschten grad ewéi och vun de Käschten vum Ruffbus oder de Beschaarbechten déi mussen 2017
duurchgezunn gin an déi 23 % méi heichsin ewéi 2016 a sech elo op 483.000
wärte belaafen. Den Ennerhalt
fun de Kierfechter ass och em 46 % gestiegen, awer am Allgemenge muss e soen dat déi uerdentlech Ausgaben
relativ no bei der Realitéit dierfte leien.
Op der Säit vun den Aussergewéinlechen Einnahmen fënnt enn déi Subsiden erem déi net am Joer 2016 ausbezuelt
gi sin an déijéinich déi nom neie Verrechnungsschlessel 2017 der Gemeng zoustinn. En Emprunt vu 4 milliounen
misst a mengen Aaen net onbedengt sin wann d’Sue vum Staat matzéiten erakommen. Interessant ze wesse wir
wéivill Euro an deem „Fong vum pacte logement” bis elo dra wieren.
Op der Säit vun den aussergewéinlechen Ausgabe kann een nemme soen dass dat e komplette politesche Volet
huet well do en Deel vu Realisatiounen dra stinn déi an enge vun deene Schefferotserklärungen vun deser Koalitioun
am laaf vun de Joeren zanter 2000 festgeschriwe goufen an déi bis elo nach emmer opstinn respektiv ugefangen
an nach net ofgeschloss goufen. Et sin dat zum Beispill déi lescht Phase vu Gas a Kanal an der Garnicher Strooss
zu Holzem, d’Stroossen an der Aktivitéitszone zou Kapellen, déi 3.Phase vum Amenagement vun den Trottoiren op
der Arelerstross op der Kap an enger “provisorescher” Versioun ouni déi déier Steng, Erneierung vun de Luuchten
an demBuedembelaag an der Tennishaal zu Kapellen, Ereierung vun der place de l’indépendance zu Mamer, an och
déi nei morgue zu Mamer zou engem Prais wou e 4 bis 5 normal Wunnengen kéint opriichte, an ech froe mech op do
och Rechnung gedroe gin ass vun de Specifitéiten déi bei den aanere Kulten déi hei an der Gemeng vertruede sin.
Et ass jo schliisslech och e Wahljoer an da soll esou fill ewéi méiglech nach aus deem aale Programm réaliséiert
gin,och wa verschidde Projekter op der Streck bleiwen. Wat awer ganz interressant drun ass dat sin déi Suen déi
nach ausstinn fir den nächste Gemengerot. Meng Berechnungen bezéie sech nemmen op déi gréisser Projekter
an op déi gestemmten Zommen déi am Devis vir d’Aarbechte virgesi sin. Bei der Place de l’indépendance dierften
nach 1,1 Millioun
obstoen, d’Neigestaltung vum Gaaschtbierg dierft nach 1,022 Milliounen
opweisen,
d’Morgue 580.000
, d’Neigestaltung vun der rue Mameranus 2 Milliounen
, de Footballterrain 800.000
,
d’Maison relais zu Mamer 821.000
. Dat mech am ganzen 5,823 Milliounen
fir déi nei équipe 2018 ouni déi
verschidden Solden wou ech d’Donneeën net haat fir dat alles nozerechnen. An deem Zesummenhang muss ech
och nach ëmmer bedaueren dat de Gemengerot zenter e puer Joer net méi am Besetz vun engem detailléierten
Investitiounsplang ass. Wat awer och nach interressant ass, ass dat déi heite Majoritéit schons Etuden an Optrag
gin huet fir weider Aarbechten an der Gemeng auszeféieren, an déi Zukenfteg Majoritéit sich kann op déi baséiere
egal wéi déi wärt ausgesinn no de Walen.
Dir Dammen an dir Hären, ech wëll heimadder ofschléissen an hoffen dat Enn 2017 nach e puer Sou an der Kees
sinn, ouni en neien Emprunt ophuelen ze mussen.
Ech soen Iech Merci fir äert Nolauschteren.
Bürgermeister Gilles Roth (CSV) betont, dass die Schuldenbremse bereits greife. Wenn vier Millionen Euro an Darlehen
im Budget eingeschrieben seien, so bedeute das nicht automatisch, dass man auch auf diesen Betrag zurückgreifen
werde. Er betont, dass der aktuelle Schuldenstand lediglich fünf Millionen Euro über jenem des Jahres des Amtsantritts
des jetzigen Gemeinderats liege. Er mache sich keine großen Sorgen für die kommende Amtsperiode, man beachte
diesbezüglich das getätigte Investitionsvolumen und die noch ausstehenden staatlichen Zuwendungen.
Die Qualität der Leistung des Gemeinschaftsantennenbetreibers Eltrona sei in der Tat ein Problem, so Gilles Roth
weiter, die von Rat Bissen angesprochenen Gerichtsaffären seien ein leidiges Thema, der Schöffenrat versuche
allerdings stets, so weit wie irgendwie möglich, zu schlichten und zu vermitteln.
Ein nicht minder leidiges Thema sei in der Tat der Rückstau auf der Route d’Arlon, im Tossenberg, ausgehend
von der Ampelanlage an der Kreuzung zum Einkaufszentrum in Bartringen. Und, ja, der Zustand der Fassade der
Kirche in Capellen sei schlecht, doch gelte es hier abzuwarten, was der Innenminister in puncto Konvention zu tun
gedenke. Gegebenenfalls seien die entsprechenden Arbeiten dann Sache des Fonds, dann dürfe die Gemeinde
diese Arbeiten sogar nicht mehr ausführen lassen. Durch den „Pacte logement” seien in etwa zehn Millionen Euro
in die Gemeindekasse geflossen, und die neue Totenhalle sei für Anhänger aller Glaubensrichtungen da, demnach
auch für zivile Begräbnisse.
29
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016
1...,19,20,21,22,23,24,25,26,27,28 30,31,32,33,34,35,36,37,38,39,...72
Powered by FlippingBook