Gemengebuet 01/2017 - page 28

Des Investissementer sowei nach eng Partie anerer wie den Réamenagement vun verschidden Strossen an deenen 3
Urtschaften, (Gasleitung zu Holzem, Trottoiren zu Holzem an op der Cap, neie Strossenbelaag zu Mamer), Erneierung
vun der Place de l’indépendance teschent der Kierch an deer Aaler Gemeng zu Mamer, eng nei Morgue, moderen
Beliichtung an elektresch Bornen, werten derzou beidrohen datt ons Gemeng weider attrakltiv bleiwt waat jo och
duerch d’Unerkennung vun engen Centre de développement an d’attraction op Landesebene bestätigt ginn ass.
Au vu vun der Opstellung vum Budget initial 2017 kann ech meng Unerkennung un de Schefferoot riichten an de
Budget an senger jetziger Form ouni Bedenken gutheeschen.
Ech soen Iech merci.
Bürgermeister Gilles Roth (CSV) ergänzt lediglich, dass 2017 in der Tat rund eine Million Euro für Arbeiten an den
Sportinfrastrukturen (Fußballfeld, Sporthalle, Tennishalle) vorgesehen seien.
Stellungnahme Jean Bissen (DP):
Här Buergermeeschter, dir Hären vum Schäfferot, dir Dammen an Häre vum Gemengerot.
Als éischt well ech hei all deene Mataarbechter aus dem Sekretariat an aus der Recette Merci soen fir den
detailléierte Budget deen se ausgeschafft hunn. Et ass an deenen Servicer eng gutt Aarbecht geleescht ginn fir
dese gielen Dossier zesummenzestellen an dobai och de Wensch a Richtlinie vum Ministère Rechnung ze drohen.
Ech well awer hei och der Finanzkommissioun e Luef ausspriechen fir hire sachleche Bericht zu dësem Dossier. Leider
woren nëmmen 5 Memberen vun 13 an der Sitzung fir sech d’Erklärungen vum President vun der Kommissioiun
unzehéieren. An deem Rapport geet enneranerem och d’Ried iwer d’Gemengeschold an e neien Emprunt vu 4
Milliounen; ech sinn nach emmer der Meenung dat een net onbedengt all Joer muss een Emprunt machen fir mat
den Enner beieneen ze kommen, d’Zensen sin zwar extrem nidderech an d’Verscheldung pro Kapp hellt all Joer
oof wëll d’Populatioun nach emmer an d’Luut geet, awer mir sin elo op engem Niveau ukomm wou een soll op
d’Scholdebrems trëppelen. E weidere kontroverse Punkt get an deser Stellungnahm ugeschwaat, dat ass deen vum
Gemengepersonal.
Eng Augmentatioun vun den Aarbechter muss net onbedingt am Rapport vun den Awunner eropgesaat gin, wann e
bedenkt dat haut a Plaatz vun 2 Een-familjewunnengen en Apartementshaus entsteet mat 6 bis 9 Wunnunitéiten.
Déi Proposen déi d’Kommissioun mecht fir eng analytesch Comptabilitéit ze féieren, gradesou wéi eng Iwersiicht
iwer d’Finanzéierung ze kréien iwer Aarbechten déi sech iwer en etlech Joeren hinzéien, an och eng raisonnabel
finanziell Bewegungsfräheet ze schaafen fir eventuelle Imprévue bei der staatlecher Gemengefinanzéierun entgéint
ze wirken, kann ech nemmen ënnerstezen. Bei dem neie Finanzéierungsgesetz vun der Bezuschussung vun de
Gemenge vu Saite vum Staat ass fir d’Mamer Gemeng praktesch keng Aboussung fir 2017 festzestellen.
De Rapporteur vun de Budgeten 2016 rectifié an 2017 initial, den Här Buergermeeschter Gilles Roth, huet och
schons eng ganz Parti Explikatiounen am Viraus gin woumat och e gewessen Deel vu Froen ewechfaalen.
Zum rektifizéierte Budget 2016 hunn ech folgend Iwwerleeungen ze maachen:
Op der Säit vun den uerdentlechen Einnamen sinn déi oppe Posten op e raisonnable Chiffer vun 96.456
gefall
par rapport vun 1,145 Milliounen nach am Joer 2015. De Parking payant fält em 20 % vun 126.000
op 100.000
€ erof. Waat d’Gemeinschaftsantenne vun der Eltrona ubelaangt waren 413.028
am Budget initial virgesin an am
rectifié stinn nach just 373.236
. Dat heescht dat nach just 1900 Awunner en Abonnement bei Eltrona hun der
awer 2100 firgesi waren. Wann d’Eltrona an deem Rithmus weiderfiert mat deem se ewëll schons e puer Joer am
gaang sin brauche se sech net ze wonneren dat d’Konkurenz hinne weider de Rang oofleeft.
Op der Säit vun den uerdentlechen Ausgabe fënnt een eng Zounam vu 25 % bei de Geriichtskäschten bedéngt duerch
verschidden Affairen déi och nach net ausgestane sinn an elo ewell mat 120.000
zu Buch schloen. De “Late
night Bus” geet em 55 % vu 60.000
op 93.000
erop, d’ Museksschoul eng supplementar Ausgab op vun 35
% vir d’Fonktionnementskeschten vu 740.000
op iwer eng Millioun, wougéint d’Subventioune nemmen em 16 %
vun 300.000
op 350.000
klammen. Wat déi öffentlech Fester a Manifestatiounen ubelaangt sin d’Ausgabe em
18,5 % vun 253.000
op 300.000
eropgaangen an dobai ass nach de Kredit fir am Kader vum 40. Anniversaire
bei eise Jumelagepartner ze fueren praktesch komplett gestrach gin. Op d’Joer 2015 gekuckt, mat 192.000
ass
daat eng Differenz vun 36 %. Bei der Primärschoul fällt haaptsechlech d’Botze mat 455.000
an d’Maintenance
mat 147.000
op. Beim Posten Transport stinn 43.000
zu Buch fir de Schülertransport an d’Europaschoul; wat
kréie mir dann als Einnahmen fir de Stau wéinst der Europaschoul?
Bei dem ausseruerdentlechen Akommes stellen ech fest dat d’ Subside fir déi verschidde Gebaier am Joer 2016 vum
Staat net erakomm sinn; et sinn dat d’Sportshaal mat 165.000
, de Campus scolaire op der Kap mat 2.743.350
an d’Maison relais zu Mamer mat 1.612.000
. Dat mecht am Ganzen 4.520.398
déi 2016 feelen; d’Fro déi ee sech
muss stellen ass firwat huet de Staat esouvill Verspéidung beim ausbezuelen? De Buergermeeschter huet a senger
Présentatioun vu 5.31 Millioune geschwaat; ech wees awer net wou déi 1,8 Milliounen Differenz solle sin, well den
Emprunt vun 1,8 Milliounen ass schons am Budget rectifié mat berücksechtecht. E leschte Punkt deen obgefall ass sin
d’Infrastrukturtaxen déi em 50 % vun 150.000
op 225.000
eropgaange sin.
28
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1...,18,19,20,21,22,23,24,25,26,27 29,30,31,32,33,34,35,36,37,38,...72
Powered by FlippingBook