Gemengebuet 01/2017 - page 26

profitéieren. D’Mamer Bierger bezuele fir en „repas sur roues” 15 Euro. An eisen Nopeschgemengen bezuehlen
d’Bierger fir dat selwecht Iessen 13 Euro. Also 2 Euro manner!
Am Budget steet nach e Betrag vu 25.000 Euro. Dëse Betrag muss d’Gemeng bezuelen als „participation à la
fourniture des repas sur roues”. Dat ass dann den Defizit den eis Gemeng zousätzlech nach muss droen, well de
Verdeelerschlëssel vun der Croix-Rouge gesäit dat esou vir, dass déi Gemeng mat deene meeschten Awunner den
gréissten Deel vum Defizit muss droen.
Wann dir dat gerecht fannt Här Buergermeeschter, déi gréng Fraktioun fënnt dat net.
Ech hu scho méi ewéi eng Kéier op dëser Plaz dës Remarque gemaacht an ech verstinn net, dass do net méi
Asaz vu Säite vum Schäfferot ass, fir dat mat der Croix-Rouge ze regelen. Duerch de steigende Wuesstem an der
Zukunft gëtt den Defizit, deen eis Gemeng muss droen, ëmmer méi grouss. Dat Ganzt ass e Faass ouni Buedem!
Vu Sozialpolitik fir déi eeler Leit ass hei guer net ze schwätzen.
Am CIPA bezilt jo och jiddereen de selwechte Präis, egal aus wat fir enger Gemeng hie kennt.
E Betrag vun 150.000 Euro steet dëst Joer am Budget fir d’Spillplazen an der Gemeng. Dat lescht Joer war do
nëmmen e Betrag vun 100.000 Euro virgesinn. Mir bedaueren, dass an dësem Budget et net virgesinn ass, fir och
eng Half-Pipe an dem Centre de Loisirs op der Cap oder zu Holzem ze installéieren. Eis Fraktioun freet dat scho säit
Jore. Mir wäerten dat dann an deene verschiddene Wahl-Programmen dat nächst Joer erëm fannen.
Dépenses extraordinaires
Déi gréng ënnerstëtzen de Projet, fir e Parking an en Trottoir zu Holzem niewent dem Kierfecht ze maachen. Domat
wär ze hoffen, dass keng Autoe méi laanscht d’Strooss parken, an dass domat virun allem fir méi Sécherheet fir
d’Foussgänger gesuergt gëtt.
Déi gréng begréissen et, dass am Mamer Scoutshome verschidden Aarbechten a Reparature solle gemaacht ginn,
well dat ass wierklech noutwendeg. All Gebai soll ëmmer ënnerhale gi, fir dass et säi Wäert net verléiert. Mir
hoffen, dass de Schäfferot am Betrag vu 50.000 Euro och eng Entkalleksanlag virgesinn huet.
D’Gemeng huet vill investéiert an Infrastrukturen an all deene leschte Joer. Zum gréissten Deel hu mir dës
Investitioune matgedroen an zum Deel initiéiert.
Mee mir vermëssen awer nach ëmmer déi méi sozial Politik: Projete fir eis Jugend, fir eis eeler Leit, a fir déi
alldeeglech Liewensqualitéit a Sécherheet vun alle Bierger.
Här Buergermeeschter, Dir hat an Ärer Schäfferotserklärung verschidde Projete versprach, déi awer bis haut nach
net realiséiert goufen an déi mir och net an Ärer Budgetspresentatioun fonnt hunn:
• e Vermëttlungsdéngscht, eng Zort lokale Mediateur,
• d’Veräiner solle vum lokale Fernsehprogramm méi dacks a méi ausféierlech profitéiere kënnen,
• d’Aféierung vun enger Finanzéierungshëllef fir jonk Famillje vun der Loyerskautioun a vun enger Ergänzungs-
prime fir Architekten- oder Ingenieurskäschten asw.
Fir am leschte Joer vun dëser Legislaturperiod froe mir Iech:
• Fir Iech anzesetze fir zousätzlech Moossnamen a Verkéiersberouegungen an allen Duerchgangsstroossen
an eiser Gemeng.
• Fir iwwerall an der Gemeng wou et machbar ass, iwwerdeckte Bushaisercher op den Haltestellen ze installéieren.
• Fir betreit Wunne fir Senioren, och fir gehbehënnert Bierger, als Alternativ zum CIPA.
• Fir ee Service ze schafe fir eeler Leit, fir kleng Aarbechten am Haus, déi si net méi selwer kënne maachen,
awer ouni eng Konkurrenz se si fir privat Firmaen.
• Fir méi soziale Wunnengsbau fir Jonker a fir sozial schwaach Familljen ze schafen.
• Fir Iech anzesetze beim Fonds du Rail, fir den Ausbau vun dem CFL-Parking zu Mamer an op der Cap.
Eis Fraktioun vermësst och eng gewëssen Transparenz an Informatioun vun Ärer Säit vis-à-vis vun der Oppositioun.
An der Schäfferotserklärung hat Dir dem ganze Gemengerot eng loyal a konstruktiv Zesummenaarbecht ugebueden.
Leider mierke mir net vill dovun.
Ofschléissend wëll ech dem ganze Gemengepersonal Merci soen, déi bei der Opstellung vum Budget matgeschafft
hunn, a fir déi detailléiert Presentatioun.
Ech soe Merci fir d’Nolauschteren.
Bürgermeister Gilles Roth (CSV) reagiert auf die Bemerkungen von Rätin Edmée Besch-Glangé (Déi Gréng).
Die Bemerkung betreffend die Schuldensituation der Gemeinde will er nicht gelten lassen und betont, dass
die Schuldensituation mit lediglich acht Millionen Euro Schulden mehr als bei Beginn der Amtsperiode 2011
außerordentlich gut sei, auf den heutigen Tag gesehen betrage das Plus an Schulden gar nur fünf Millionen Euro. In
Sachen Personalkosten gibt der Bürgermeister an, sogenannte saisonale Arbeiten verstärkt an externe Unternehmen,
Beschäftigungsinitiativen und/oder Zeitarbeitsfirmen zu vergeben. Betreffend den Schulcampus Capellen meint
26
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1...,16,17,18,19,20,21,22,23,24,25 27,28,29,30,31,32,33,34,35,36,...72
Powered by FlippingBook