Gemengebuet 01/2017 - page 25

1. Finances communales:
a) budget rectifié de l’exercice 2016 et du budget initial de l’exercice 2017 - discussions et votes;
Im Anschluss eröffnet der Bürgermeister die Diskussion über den berichtigen Haushalt 2016 und die Haushaltsvor-
lage 2017. Es soll abwechselnd jeweils ein Vertreter der Mehrheitsparteien bzw. der Oppositionsparteien seine
Stellungnahme abgeben.
Stellungnahme Edmée Besch-Glangé (déi gréng)
Här Buergermeeschter,
Dir Häre Schäffen,
Madame an Dir Häre Gemengeconseilleren,
De Budget dee mir virgeluecht kruten an iwwert dee mir haut sollen ofstëmmen, ass de leschte Budget vun där heite
Koalitioun. Et ass e wichtegt Dokument, en Dokument, wat d’Spigelbild vun der Finanzsituatioun vun eiser Gemeng
soll sinn. Wann ech e Verglach maachen: am Dezember 2011 hate mir eng Gemengeschold vun 31 Milliounen Euro,
am Joer 2017 wäerte mir eng Schold vun 39 Milliounen Euro hunn. Dat ass e Plus vun 8 Milliounen Euro a 6 Joer.
D’Scholdelaascht bedréit 8,94% vun eisen uerdentleche Gemengerecetten. Mat dëser Schold léie mir am
Spëtzepeloton vun alle Gemengen. Mir begréissen et, dass dir en Deel vun eiser Schold mat engem Taux fixe wëllt
uleeën. Et ass ze hoffen, dass d‘Finanzinstituter mat Iech op dëse Wee goe wëllen.
D’Personalkäschte vun der Gemeng leie bei ronn 33,39% vun den uerdentlechen Ausgaben. Vergläicht een dat
mat aner Gemengen, dann ass dat en nidderege Prozentsaz. Bei dësen Ausgaben däerf en awer net den heege
Käschtepunkt am Budget vergiesse fir déi Aarbechten, déi vu Privatentreprisen a vu Pro-Actif zousätzlech gemaach
ginn.
An aner Gemenge ginn dës Aarbechte vun hirem eegene Personal gemaach an dat dréit natierlech dozou bei, dass
de Prozentsaz vun hire Personalkäschte vill méi héich ass ewéi an eiser Gemeng.
Wann eng Gemeng esou séier wiisst ewéi eis, da brauch een och genuch Personal fir déi sëllechen Aarbechten ze
maachen, déi all Dag ufalen. Déi gréng ënnerstëtzen dofir och Neiastellunge vu Personal, wat mir och schonn zanter
Joer gefrot hunn.
Ze bedaueren ass dee stännege Wiessel vum Personal, sieft et am Service Technique oder an der Administratioun.
6,41 Milliounen Euro kascht den Enseignement eis Gemeng, 8,235
pro Schüler. Dat ass net wéineg. Dat nächst
Joer fält dëse Betrag ewech, well de Staat d’Lounkäschte vum Schoulpersonal integral iwwerhuele wäert.
Fir déi gréng ass et wichteg, dass d’Kanner eng gutt Bildung ugebuede kréien, an engem moderne Kader, ee gesond
Iessen an der Mëttegstonn an eng gutt Betreiung no der Schoul an der Maison Relais.
Mir begréissen och erëm d’Aféierung vum Pedibus ob der Cap, déi mir och gefrot haten.
Eis Gemeng huet sech an deene leschte Joer staark entwéckelt. D’Zuel vun de Bierger an eiser Gemeng ass op méi
ewéi 9.200 geklommen. Bei esou engem staarke Wuesstem war et natierlech noutwendeg, vill an d’Infrastrukturen
ze investéieren.
An eisen Aktivitéitszonen hunn sech och ëmmer méi Betriber a Verwaltungen ugesidelt. An der Zukunft wäert dat
och nach weider de Fall sinn, well eis Gemeng ass jo klasséiert ginn als „Centre de Développement et d’Attraction”.
Mir kënnen och frou sinn, dass duerch déi nei Gemengefinanzreform eis Gemeng ganz staark favoriséiert gëtt
duerch Recette vum Staat iwwert de Wee vun der sougenannter Dotation de l’État an der Gewerbesteier.
E puer Bemierkungen a Froen zu eenzele Budgetsposten:
Dépenses ordinaires
E Betrag vun 10.000 Euro ass virgesi fir d’Commission de la Jeunesse.
Zanter méi ewéi engem Joer ass dës Kommissioun net méi zesumme komm. Wann de President an de Sekretär
keng Zäit méi hunn oder aus engem anere Grond net méi kënnen déi Versammlunge leeden, da mussen si hir
Demissioun ginn an si mussen ersat ginn.
An der Kommissioun si jo nach 11 aner Memberen déi sech gemellt haten an och gestëmmt gi waren, fir an dëser
Kommissioun u Projete fir d’Jugend, an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus aus eiser Gemeng, matzeschaffen.
Ech géif do de Schäfferot bieden, déi zwee Posten ze besetzen, fir dass dës Kommissioun 2017 erëm normal
fonctionnéiere kann esou wéi déi aner Kommissiounen.
Recettes ordinaires
D’Mamer Gemeng kritt 60.000 Euro fir de
Verkaf
vun Tickete vun „repas sur roues”.
An den Dépenses ordinaires steet e Betrag vun 52.000 Euro. D’Mamer Gemeng mécht also beim
Verkaf
vun den
Tickete vun der Croix-Rouge e Benefice
vun 8.000 Euro
, deen déi Bierger musse bezuelen, déi vun dëser Offerte
25
Sitzungsbericht vom 12. Dezember 2016
1...,15,16,17,18,19,20,21,22,23,24 26,27,28,29,30,31,32,33,34,35,...72
Powered by FlippingBook