• Ronn 500.000
€
fir Aarbechten um Waassernetz;
• 200.000
€
fir moderniséieren vun der öffentlecher Beliichtung;
• 150.000
€
fir d’Astandsetzen vum Haus 12, rue du Millénaire;
• 406.000
€
fir d’Erneieren vum syntheteschen Futtballsterrain;
• 261.099,43
€
fir d’Astandsetzen vun der Sportshal Nic Frantz zu Mamer;
• 185.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Tennishalle op der Cap;
• 150.000
€
fir d’Reparaturarbechten un der Holzemer Kierch;
• 700.000
€
bleiwen nach ze bezuehlen fir de Bau vum Schoulcampus op der Cap;
• 175.000
€
stinn nach op beim Bau vum neien Précocegebai um Kinneksbond;
• 1.600.000
€
fir den Ausbau vun der Kichen vun der Maison Relais zu Mamer;
• 100.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Gabionsmauer um Site Kinneksbond.
Ofschléissen mécht de Budget 2017 mat engem viraussiichtlechen
Boni définitif
vun 244.664,99
€
.
Gemengeschold
De Solde vun eiser Gesamtgemengeschold läit haut bei 38,58 Milliounen
€
. Fir 2017 hunn mir een zousätzlechen Em-
prunt vun 4.000.000
€
virgesinn. Eis Schold wäert Enn 2017 bei insgesamt 39,77 Milliounen
€
leien. Verrechent op déi
uerdentlech Recetten beleeft sech de Remboursement vun der Gemengeschold dann op 8,94%.
Well eis Gemeng jo och an Zukunft wäert wuessen, sinn eis färdeggestallten an nach geplangten Infrastrukuren an di
domadden verbonnen Gemengeschold gerechtfäerdegt. Well nëmmen die wäitsichteg Investitiounspolitik, déi dëse
Schäfferot schonns zanter Joeren applizéiert, erméiglecht dësen gesonden Wuesstem vun eiser Gemeng.
Conclusion: Als Schäffen- a Gemengerot wäerten mir och dofir suergen, datt eis Bierger och an méi schwieregen Zäiten
weiderhin an enger moderner a leeschtungsstaarker Gemeng wunnen.
Dëst erfuerdert eng permanent an opmierksam Kontroll vun eisen uerdentlechen Ausgaben, donieft d’Notzen vun allen
Méiglechkeeten di et ginn, eis Einnahmen ze steigeren.
Duerch de Wuesstem vun eiser Populatioun kënnen mir och weiderhin, dank ënner anerem dem Pacte logement, an der
Dotation de l’Etat, am Verhältnis zu anere Gemengen op gréisser Einnahmen vun Säiten vum Staat rechnen.
Dës erlaben eis di néideg Infrastrukture fir d’Bierger vun der Mamer Gemeng ze realiséieren.
Och de Budget 2017 soll e Budget vun der Solidaritéit sinn. Mir wäerten op jiddefall och do sinn fir all déi, déi am Laf
vum Joer, opgrond vun der ekonomescher Entwécklung an eisem Land eis Hëllef wäerte brauchen. Obwuel mer duerch
d’Gesetz gezwongen sinn, eis Taxen a Tariffer op Basis vun den Gestehungskäschten héich ze loossen, wäerten mir och
am Fall wou et néideg gëtt kuerzfristeg Moossnamen huelen fir dëse Leit ënnert d’Äerm ze gräifen.
Ofschléissen wëllt ech andeems ech de Leit aus dem Gemengesekretariat an deenen aneren Servicer Merci soen fir hir
kompetent Mataarbecht, déi si bei der Opstellung vum Budget geleescht hunn an deen sécherlech vill Asaatz mat sech
bruecht huet.
Ech sinn der Meenung, datt mir als Schäfferot all Gemengeconseilljee transparent an informativ Dokumenter virgeluegt
hunn, déi eng objektiv an fundéiert Diskussioun vun dem Budget erméiglechen missten. D'Diskussioun an de Vote si fir
den 16. Dezember 2016 virgesinn.
Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.
2.
Approbation de décomptes:
0
1. Pose canalisation et réalisation d'un bassin d’orage route de Garnich à Holzem - Part Commune;
0
2. Remise en état du restaurant du hall de tennis à Capellen - Aide d’investissement;
0
3. Réfection des chemins de liaison entre les différentes rues Cité Mont-Royal;
0
4. Remise en état de la maison 1, rue de l’Ecole à Mamer;
0
5. Remise en état du presbytère à Holzem;
0
6. Bassin de rétention entre Mamer et Holzem;
0
7. Installation de compteurs d’eau de lecture à distance;
0
8. Mesures de protection contre les eaux de ruisselement le long des maisons 24-52 rue des Eglantiers;
0
9. Remise en état de la piste d’athlétisme au stade François Trausch à Mamer;
10. Remise en état du drainage du terrain de football principal;
11. Acquisition d'un fourgon d’incendie du type HLF 10;
21
Sitzungsbericht vom 2. Dezember 2016