An der Rubrik
„Services généraux des administrations publiques”
belafen sech d’Depënsen op viraussiichtlech
7.846.300,16
€
fir d’Joer 2017. Dës Rubrik begräift di administratif an technesch Verwaltung, de Gemengerot an
d’Commissiounen, souwéi d’Finanzkäschten.
D’Rubrik „Protection sociale” schléit mat 1.493.897,93
€
zu Buch. Si begräift den 3. Alter, de repas sur roues, den ser-
vice „Téléalarme”, d’Maison Relais an d’Jugendhaus, den Service RTPH an den Office social.
D’Rubrik „Ordre et sécurité publics” begräift eis Agents municipauxen an den Garde-champêtre, souwéi d’Servicer vun
den Pompiers an der Protection civile. D’Gesamtausgaben belafen sech hei op 767.990,00
€
.
D’Rubrik „Affaires économiques” begräifen eis Feldweeër, d’Exploitatioun vun eisen Bëscher, den Tourismus, den Entre-
tien vun den Busarrêtsen an eis Late-Night-Bussen an lo och den Ruffbus, d’Gemeinschaftsantenne an den ZARO. Se
kascht eis 1.092.980,00
€
.
An der Rubrik „Protection de l’environnement” fannen mer eis Offallgestioun an d’Ofwaasser, den Naturschutz duerch
den SICONA. Dat Ganzt kascht 2.839.200,19
€
.
D’Rubrik „Logements et équipements collectifs” begräift den Entretien vun eisen öffentlechen Plazen an Gréngflächen,
den Ënnerhalt vun den Verkéiersschëlder, der Beliichtung, den Stroossen, den gemengeneegene Gebaier an d’Kierfenter.
Dorënner fällt awer och eisen Atelier mat all eisen Gefierer an den Entretien vun deenen. Och d’Waasserversuergung
fällt ënnert dës Rubrik. Dëst alles schléit mat 3.782.198,85
€
zu Buch.
D’Rubrik „Santé” beinhalt nëmmen den Entretien vun eisem CIPA; deen mat 63.500
€
zu Buch schléit.
D’Rubrik „Loisirs, culture et culte” begräift den Entretien an den Fonctionnement vun eisen Sportsterrainen an -Halen, eis
Centres culturels, den Scouts Homen, d’Käschten fir d’Museksschoul, Mediathéik an d’Benotzen vun der Schwämm am
Lycée Josy Barthel. Donieft falen och nach d’Subsiden fir eis Sports- a Kulturveräiner heidrënner, souwéi d’Käschten vun
den offiziellen Feieren vun der Gemeng. Fir all des Aktivitéiten hu mir fir 2017 Ausgaben an Héicht vun 3.535.501,70
€
.
An der Rubrik
„Enseignement”
stinn 5.435.137,61
€
Dépënsen. Den Gros vun den Dépenses sinn hei d’Participatiounen
um Schoultransport an un den Paien vum Léierpersonal, déi 2017 awer fir d’lescht mussen bezuehlt ginn. De Rescht
sinn Entretiens- a Fonctionnementskäschten vun den Gebaier an pédagogescht Material fir di verschidden Klassen,
Schoulausfligg etc.
Recettes extraordinaires
. Déi ausseruerdentlech Einnahmen ginn fir d’Joer 2017 op 13.092.589,41
€
ageschat.
Folgend recettes extraordinaires siefen ervirgestrach:
• 4.000.000,00
€
un Emprunt;
• 608.651,98
€
Remboursement u Kapital vum SIDOR;
• 200.000
€
Infrastrukturtaxen;
• 1.651.252,50
€
Subsid am Kader vum pacte logement;
• 165.000
€
fir d’Refectioun vun der Sportshaal Nic Frantz;
• 2.743.350,00
€
fir den Bau vum neien Schoulkomplex op der Cap;
• 1.612.048,00
€
Subsid fir den Bau vun engem neien Précoce um Kinneksbond.
Dépenses extraordinaires.
Ausseruerdentlech Depënsen sinn am Joer 2017 am Total fir 12.522.142,98
€
virgesinn.
Dësen Investitiounsvolumen ass fir folgend Projeten virgesinn:
• 110.000
€
fir en Lift am Mamer Schlass;
• 75.687,12
€
Apport en Kapital un den SIGI;
• 50.000
€
fir de Bebauungsplang;
• 100.000
€
fir d’Astandsetzen vum kommunalen Dépôt um Tossebierg;
• 114.000
€
fir d’Erneieren oder d’Kompletéieren vum kommunalen Fuhrpark;
• 35.000
€
fir eng Camionnette fir d’Sapeurs Pompiers;
• 70.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Bréck an der rue du Moulin zu Holzem;
• 100.000
€
fir d’Astandsetzen vun den Feldweeër;
• 245.000
€
fir verschidden Aarbechten um Gasréseau;
• 74.359,39
€
Apport en capital fir den SICA;
• 988.356,00
€
Apport en capital un den SIDERO;
• 100.000
€
fir den Klimapakt;
• 75.000
€
fir Primen am cadre vum energeteschen Bau resp. Embau;
• 500.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Place de l’Indépendance zu Mamer;
• 150.000
€
fir d’Erneiere vun de Spillplazen an der Gemeng;
• Ronn 2 Mio
€
fir d’Astandsetzen vun eisen Stroossen;
• 612.013,71
€
fir de Bau vun enger neier Morgue um Kierfeg zu Mamer;
20
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem