Gemengebuet 01/2017 - page 19

Fir 2017 hu mir 2,15 Milliounen
Einnahmen u Gewerbesteier an 20,93 Milliounen
Recetten bei der neier Dotation
globale de l’Etat virgesinn. Dat sinn ronn 72,46 % vun den uerdentlechen Einnahmen vun der Gemeng Mamer.
Déi uerdentlech Depënsen belafen sech op ronn 26,85 Milliounen
. Am Verglach zu dem Budget initial vum Joer 2016
leien dës ëm 1.568.325,34
oder 6,20 % méi héich.
Déi Posten, déi hei am meeschten an d’Gewiicht falen sinn:
• D’Paien - dëst duerch di normal Lounsteigerungen, an d’Astellen vun 4 Leit bei den Aarbechter, een zweeten agent
municipal, een Ingénieur am Service technique an Redacteren am Sekretariat, dëst en vue vum Ersetzen vum
Gemengensecrétaire an -Receveur, déi allen zwee an absehbarer Zäit an d’Pensioun ginn;
• Gestiegen Stroum- an Heizkäschten duerch méi Gebaier an d’Upassen vun den Präisser fir d’Hëtzen duerch
d’Cogénératiounsanlag vun Luxenergie;
• Den Amortissement vun den Emprunts;
• Den Ënnerhalt vun eisen Bëscher;
• Den öffentlech Transport mam Aféiheren vun engem Ruffbus;
• Déi eenzel Syndicater wou d’Gemeng dran vertrueden ass;
• Den Entretien vun eisen Gebaier; notamment den CIPA;
• Den Pavillon, deen dëst Joer a Betrieb gaangen ass;
• D’UGDA;
• Den Undeel vun der Gemeng un den Schoulmeeschtergehälter.
D’Depënsen klammen méi staark wéi d’Recetten.
Am Joer 2016 ass d’Scholdelaascht mat 2.733.774,54
zu Buch geschloen. Am Budget 2017 gëtt de Remboursement
(Kapital + Zënsen) vun der Schold dogéint mat ronn 2.851.000,08
veruschlaagt. D’Scholdelaascht geet am Verglach
zu 2016 ëm 117.225,54
an d’Luucht doduerch, datt mir am Laf vum Joer 2017 en Emprunt vun 4.000.000
virge-
sinn hunn, déi awer just beim absoluten Bedarf gezunn ginn. Insgesamt mécht den jährlechen Remboursement vun
dem Kapital an de Scholdzënsen 8,94% vun den uerdentlechen Einnahmen aus.
Fir 2017 hunn mir viraussiichtlech Lounkäschten vun ronn 8,96 Milliounen
. Dëst sinn 33,39 % vun eisen uerdent-
lechen Depënsen. D’Lounkäschten verdeelen sech mat ronn 3,1 Milliounen
op d’Gemengenaarbechter, ronn 2,61
Milliounen
op d’Schoulpersonal a Kantine (part communale), ronn 2,87 Milliounen
Gehälter an der Administratioun
an am Service technique. 2017 ass wéi gesot dat lescht Joer, wou mer eisen Undeel un den Gehälter um Léierpersonal
mussen bezuehlen, ëmmerhin sinn dat fir d’Joer 2017 2,47 Milliounen
. Par contre muss d’Gemeng sech duerfir awer
ab 2017 um Finanzement vun der Caisse de prévoyance vun den Gemengenfonctionnaires an Employés bedeelegen.
Och fir 2017 wäerten mir weiderhin alles drusetzen fir am Sozial- an Ëmweltberäich, souwéi Schoul- a Fräizäitberäich
eise Bierger eng héich Liewensqualitéit unzebidden.
Fir all dëst weiderhin ubidden ze kënnen, mussen mir op der anerer Säit och kucken fir Geld an d’Gemengekees ze kréien.
Dobäi gëllt och fir 2017 datt de Schäfferot d’Geld sou effizient wéi méiglech asetzen muss.
Am Tableau 4 gesidd dir wéi déi uerdentlech Depënsen op déi eenzel Rubriken verdeelt sinn.
Tableau 4
Chap.
Libellé
Budget initial
2015
Budget initial
2016
Budget rectifié
2016
Budget initial
2017
Variation
initial 2016
initial 2017
0
Codes techniques
1
Services généraux des
administrations publiques
6.924.089,63 7.572.862,42 7.527.241,01 7.846.300,16
3,61 %
2
Protection sociale 1.250.568,00 1.474.605,28 1.452.541,15 1.493.897,93
1,30 %
3 Ordre et sécurité publics
617.045,51 655.990,56 653.493,20 767.990,00 17,07 %
4
Affaires économiques
871.199,01 913.072,80 898.861,80 1.092.980,00 19,70 %
5 Protection de l’environnement
2.731.272,36 2.729.465,36 2.767.203,30 2.839.200,19
4,02 %
6
Logements et
équipements collectifs
3.398.231,75 3.607.333,90 3.646.522,16 3.782.198,85
4,84 %
7
Santé
31.500,00
31.500,00
36.000,00
63.500,00 101,58 %
8
Loisirs, culture et culte 2.887.601,06 3.137.927,61 3.680.199,41 3.535.501,70 12,66 %
9
Enseignement
4.907.796,40 5.165.623,17 5.348.712,39 5.435.137,61
5,21 %
TOTAL 23.619.303,72 25.288.381,10 26.010.774,42 26.856.706,44
6,20 %
19
Sitzungsbericht vom 2. Dezember 2016
1...,9,10,11,12,13,14,15,16,17,18 20,21,22,23,24,25,26,27,28,29,...72
Powered by FlippingBook