Gemengebuet 01/2017 - page 17

Budget total
Recettes
41.798.730,48
37.467.457,70
-10,36%
Dépenses
36.391.826,52
39.363.136,44
8,16%
Excédents
5.406.903,96
-1.895.678,74
Am
Budget rectifié 2016
hu mir uerdentlech Recetten vun ronn 32,15 Milliounen
. Dës leien ëm 0,13 % méi héich wéi
bei der Opstellung vun dem Budget 2016 ageschat.
Hei hu mer praktesch keng Ofweichung.
Déi uerdentlech Dépensen belafen sech op 26,01 Milliounen
. Si leien ronn 2,85 % méi héich wéi am Budget initial
2016 ageschat. Di wichtegst Ofwäichungen sinn op folgenden Artikelen:
• D’Flécken vun Waasserfuiten;
• Ausgaben fir d’UGDA; dëst ass awer doduerch bedingt, datt duerch d’Aféierung vun enger regionaler Muskes-
schoul, d’Gemeng Bartréng méi fréi bezuehlt gëtt wéi soss d’UGDA, sou dat dëst Joer eng Tranche méi op d’Joer
2016 erfällt;
• D’Exploitatioun vum Pavillon Brill;
• Den Undeel vun der Gemeng um Léierpersonal - déi Dépense erfällt fir 2017 iwwregens fir d’Lescht.
Bei den ausseruerdentlechen Recetten leienmir mat 5,31Milliounen
ëm45,14 %manner héich wéi ursprénglech age­schat.
Dëst kënnt awer virun allem doduerch dat versprachen Subsidien nach net vum Staat ausbezuelt ginn sinn. D’Subsidien
verlageren sech awer op d’nächst Joer. Ausseruerdentlech Einnahmen kommen ënner anerem op folgenden Posten:
• 1.800.000
Emprunt;
• 225.000
Infrastrukturtax;
• 998.797,50
Subside vum Staat am Kader vum pacte logement;
• 299.750
Subsid fir de Kinneksbond;
• 760.066,05
Subsid fir den Campus scolaire Kinneksbond.
Ausseruerdentlech Depënsen hunn mir am Joer 2016 fir 13,35 Milliounen
gemaach. Dat sinn 20,25 % méi wéi urspréng-
lech geplangt. Hei schloen virun allem zu Buch:
• 3.195.783,71
fir den Bau vun enger Schoul mat Maison Relais zu Capellen;
• 585.509,97
fir den Bau vum neien Précoce zu Mamer;
• 640.074,46
fir den Ausbau vun der Kichen vun der Maison Relais Mamer;
• 171.929,81
fir den neien PAG ;
• 146.292,48
fir d’Astandsetzen vun den Feldweeër;
• 1.285.526,32
Apport en capital un den SICA;
• 323.436,11
Apport en capital SIDERO;
• 190.888,71
fir den Klimapakt;
• 100.000,00
fir d’Ersetzen vun den Spiller op den Spillplazen;
• Ronn 2,2 Milliounen
fir d’Refektioun vun den Gemengestroossen;
• 426.138,81
fir den Pavillon am Brill;
• 208.596,00
fir eng nei Morgue;
• 616.169,65
fir d’Verleeën vu Waasser a Gas an der Kiehlener Strooss zu Mamer;
• 624.242,40
fir d’Erneierung vun der Sportshal zu Mamer;
• 280.000,00
fir den Aménagement vun Vestiaires am alen Logement an der Annexe vum Hall Sportif Nic Frantz.
De Budget rectifié vum Joer 2016 schléisst mat engem Mali vun 1.895.678,74
of.
Wann een dann nach de Mali vum Exercice 2015 derbeizielt, dee sech op 3.438.430,34
beleeft, dierft de Budget
rectifié 2016 mat engem présuméierte Mali à reporter vun 5.334.109,08
ofschléissen.
17
Sitzungsbericht vom 2. Dezember 2016
1...,7,8,9,10,11,12,13,14,15,16 18,19,20,21,22,23,24,25,26,27,...72
Powered by FlippingBook