Gemengebuet 01/2017 - page 16

Mir kucken den Verkéier esou wäit ewéi méiglech an de Grëff ze kréien. Virun allem déi héich Vitesse. Verschidden
Moossnahmen sinn schonns geholl. Anerer kommen no. De Groussdeel ass awer Transitverkéier. Besonnesch zu den
Spëtzenstonnen.
Och déi staatlech Servicer sinn hei gefuerdert. An mir wäerten do nët lass loossen. Stauen ewéi an der lescht am Tosse-
bierg mat der onsäglecher Kräizung bei der Belle Etoile mussen der Vergaangenheet ugehéieren. Leider verzweifelt een
do heiansdo un der Lethargie vun den zoustännegen staatlechen Instanzen. Mat zum Deel kënschtlech provozéierten
Stauen mécht een d’Leit rosen. Si huelen dofir awer nët méi séier den ëffentlechen Transport.
Eis Gemeng an e puer Zuelen déi interesséieren.
• D’Personalkäschten vun der Gemeng leien bei ronn 33,39% vun den uerdentlechen Ausgaben. Dat ass een nidde-
regen Prozentsaz am Verglach zu aneren Gemengen.
• Am Moment sinn 83 Leit bei der Gemeng ugestallt, 35 Salariés à tâche manuelle, 24 Fonctionnairen, 8 Salariéen
am Sekretariat, an 16 Leit an der Cantine an Busopsicht (dës Leit sinn awer nëmmen Stonneweis bei der Gemeng
beschäftegt). Enn 2017 si mer bei 27 Fonctionnairen an 39 salariés à tâche manuelle, dëst duerch d’Ersetzen vun
Départ’en an Neiastellungen.
• Vun 100
Recette, ginn 17
an d’Schoul, 25
an d’Administratioun, 11
an d’Kultur, Sport- an Fräizäit,
d’Culten, dovunner 2
an den Centre culturel Kinneksbond, 2
an déi ëffentlech Uerdnung, 1
an d’Kirfechter,
4
an d’Waasser, 4
an den Kanal, 4
an d’Müllabfuhr, 4
an den Ënnerhalt vun den Gréngflächen, 12
an
aner ordinaire Ausgaben an 16
an eisen Boni, deemno an Investitiounen.
• Den Enseignement kascht d’Gemeng insgesamt 5,43 Milliounen
pro Joer, lafend Käschten. Do kënnt dann nach
d’Maison Relais mat 980.000
dobäi. Zesummen mécht dat ronn 6,41 Milliounen
. Dat sinn ongeféier 8.235
pro Schüler. Dorënner insgesamt 205.000 fir Computeren an Kopiesmaschinnen, 124.700
Classe en nature an
Ausflich, ronn 150.000
fir Stroum- an Heizkäschten, 163.000
fir Iwwerwaachung a ronn 455.000
fir Botzen.
Dës Käschte sinn natierlech geklommen, well mer lo dëst Joer fir d’éischt e ganzt Joer di nei Schoul op der Cap a
Betrieb haten.
• D’Funktiounskäschten fir den Centre Culturel Kinneksbond belafen sech op ronn 677.925,00
.
• Eis Bedeelegung um Office social beleeft sech op ronn 106.0000
.
• D’Funktiounskäschten vum Jugendhaus si ronn 110.000
, de Club Senior kascht d’Gemeng 55.260
.
Dir Dammen, Dir Hären,
D’Zuelen vun dem Budget rectifié fir 2016 an déi vun dem Budget 2017 berouhen op de Virgaben vun dem Innenministère.
Fir eis Gemeng däerften dës Zuelen an puncto Einnahmen éischter ënnerschat sinn, well den Ausgangspunkt op de Comp-
te vun 2015 zréckgeht. Mee dat war een éischter schlecht Joër fir eis an puncto Einnahmen un der Gewerbesteier.
Mir hunn trotzdem och fir 2017 een équilibréierten Budget, deen bei iwwert 31,865 Milliounen
uerdentlechen Einnahmen e
uerdentlechen Boni vun iwwert 15,71% vun den ordinairen Recetten opweist. Dësen Boni ass eigentlech em 2,5 Milliounen
reduzéiert well 2017 nach vir d’lescht eis Participatioun vun engem Drëttel un de Léiergehaelter ofgezunn gëtt.
I. Budget rectifié 2016
Éier mir zur méi detailléierter Virstellung vun dem Budget initial fir d’Joer 2017 kommen, muss ech dem Gemengerot
opgrond vun dem Artikel 129 aus dem Gemengegesetz Opschloss iwwert den Budget rectifié vun dem lafenden Ge-
schäftsjoër 2016 ginn. Den Budget rectifié 2016 muss deemno och virun dem Budget 2017 gestëmmt ginn.
Déi finanziell Eckdaten fannt Dir am Tableau 1, deen eng Géintiwwerstellung vun dem Budget initial 2016 an dem Bud-
get rectifié fir dat selwecht Joer mécht.
Tableau 1
(1) Budget initial 2015 (2) Budget rectifié 2015
Variation (2) / (1)
Budget ordinaire
Recettes
32.108.597,00
32.151.546,65
0,13%
Dépenses
25.288.381,10
26.010.774,42
2,85%
Excédents
6.820.215,90
6.140.772,23
-9,96%
Budget extraordinaire
Recettes
9.690.133,48
5.315.911,05
-45,14%
Dépenses
11.103.445,42
13.352.362,02
20,25%
Excédents
-1.413.311,94
-8.036.450,97
16
Gemengebuet
#
01 2017
Mamer Cap Holzem
1...,6,7,8,9,10,11,12,13,14,15 17,18,19,20,21,22,23,24,25,26,...72
Powered by FlippingBook