Gemengebuet 01/2017 - page 15

Dir Hären Schäffen,
Dir Dammen an Dir Hären Gemengeconselljeen,
Mamer ass eng modern an dynamesch Gemeng. De Schäfferot ass houfreg op déi Arbecht déi geleescht gouf. Zanter
18 Joër setzt dës CSV/LSAP Koalitioun konsequent hir Visiounen ëm. Zum Wuel vun der Gemeng. Am Dingscht vun
hieren Bierger.
Et ass nët ëmmer alles riicht gangen. Mir hun och Fehler gemaach. Mee d’Resultat léist sech weisen. Esouguer mat
dem vill ëmstriddenen PAG louchen mir nët ganz niewent dem Dill. Wéineg Gemengen haten den Courage bis elo fir dës
Prozedur duerchzezéihen. Do wou sie d’Reform ugaangen sinn, bléist och starken Géigenwand.
Mee de Courage an d’Efforten vun dëser Majoritéit goufen belount. Eis Gemeng soll demnächst CDA ginn, dat heescht
Centre de Développement et d’attraction. D’Gemeng Mamer huet domat hir fest Plaz an der zukünfteger Landesplanung.
Dëst heescht awer och, dass mir eng Reih vun regionalen Aufgaben wäerten iwwerhuelen. Mat Lycée Josy Barthel an
Europaschoul maachen mir dat am Schoulwiesen, mam Kinneksbond an der Kultur, mat Police, den staatlechen Verwal-
tungen an de Servicer op administrativem Plang, mam Parc d’activités op der Cap op economeschem Plang.
Mee och an puncto Wunnen heescht dat Verantwortung ze iwwerhuelen. An ewéi richteg louchen mir do mam neien
PAG. Mir hunn dat Planungsinstrument wat eis erlaabt, een ugepassten Wuestum ze schafen an dobäi den Charakter
vun den dräi Uertschaften Mamer, Cap an Holzem ze respektéieren.
An dësen Wuestum kënnt eis och finanziell zu Paass. Déi nei Gemengenfinanzreform favoriséiert virun allem méi bevöl-
kerungsdicht Gemengen. D’Gemeng Mamer däerft do mat engem Plus vun ronn 2 Milliounen
am Verglach zu 2015
rechnen.
Ronn 9.200 Awunner wunnen mëttlerweil an der Gemeng Mamer. 50,36 Prozent Nët-Lëtzebuerger. Eng gelongen
Integratioun. Ouni vill Gedeessems.
Mir hunn elo modern Infrastrukturen. Ronn 330 Milliounen
goufen investéiert. Si goufen zum Deel mat Emprunten
finanzéiert. Mee d’Zënslaascht ass minime. Eng Schold vun ronn 38,58 Milliounen
zum Enn vum Joer 2016. Eng Zëns-
laascht vun ronn 46.000
pro Joer. Op haut ronn 11,2 Milliounen
kréien mir esouguer Negativzënsen - also Suen vun
de Banken fir dat Geld wat mir geléint hunn.
D’Gemeng Mamer bezilt 2,8 Milliounen
Amortissement (Kapital plus Zënsen) pro Joer zréck. Eis Schold wäert duerfir,
trotz Emprunt vun 4.000.000
Enn 2017 just op 39,77 Milliounen
eropgoen. D’Zënslaascht fir déi Somme bedréit
mat engem duerchschnëttlechen Zënssaz vun 0,11% mol grad ronn 46.000
. D’Inflatioun bezilt se de facto zréck. Op
6 Emprunts bezuehlen mir keng Zënsen, jo op 5 vun deenen kréien mir souguer Zënsen bezuehlt. D’Scholdenlaascht
bedréit 8,94% vun eisen uerdentlechen Gemengerecetten. Mir hunn de Moment méi Schold ewéi aner Gemengen, mee
mir hunn och aner Mëttel fir déi zréck ze bezuelen.
De Schäfferot wäert nom Vote vum Budget Kontakt mat de Finanzinstituter ophuelen fir gegebenenfalls vun den niddregen
Zënsen ze profitéieren an een Deel Schold mëttelfristeg mat engem Taux fixe unzeleeën.
Op, an wéi enger Envergure mir dat maachen, hängt vun den Konditiounen of.
Eis Infrastrukturen erlaben eis een moderaten Bevölkerungswuestum vun 2,5 bis ronn 3 Prozent pro Joer. Engem re-
gionalem Zentrum ugemooss. An eis Gemeng mat 28 km
2
, duebel esou grouss ewéi Esch, dräimol esou grouss ewéi
Schëffleng bidd dofir genuch Plaz.
Gemengenfinanzlogik: Jo och zu Mamer bréngt ee moderaten Awunnerzouwuess eis nawell zolidd Einnahmen vum
Staat iwwert de Wee vun der sougenannter Dotation de l’Etat an der Gewerbesteier. D’Niewenkäschten dovunner hunn
mir am Grëff well mir ugepassten modern Schoul-, Sport- an Fräizaitinfrastrukturen hunn, déi op eng wuessend Bevöl-
kerungszuel ausgeluegt sinn. Mir lafen also do dem Ball nët hannendrun.
Fazit. Zanter 3 Joer een uerdentlechen Boni vun duerchschnëttlech 7,7 Milliounen
. Fir Enn 2016 op 6,14 Milliounen
geschat. Ouni Zeréckbezuelen vun der Schold, läit den Iwwerschoss 2016 esouguer bei ronn 8,87 Milliounen
.
Ronn 19,09 % vun eisen uerdentlechen Recetten sinn Boni.
Domat leien mir sécher am Spëtzepeloton vun der kommunaler Landschaft am Grand-Duché.
An dobäi hunn mir zanter 2000, wéi gesot, bal 14 Milliarden där aler lëtzebuerger Frang investéiert.
Déi grouss Schoulchantieren zu Mamer an op der Cap sinn souwäit ofgeschloss an aner Chantieren wéi den Ausbau
vun der Cantine vun der Maison Relais, den Bau vun enger neier Morgue an den Aménagement vun der Place de
l’Indépendance ginn elo an Ugrëff geholl. Bis Enn 2017 geet eis Gesamtschold viraussiichtlech op 39,77 Mio
erop.
Et geet elo un d’Detailarbecht. De Schäfferot war iwwert déi leschten Méint on Tour. Dat gouf generell vun de Leit appré-
ciéiert. Mir hunn d’Doléancen vun de Bierger mat kritt. Mir versichen de Leit hiren Uleies entgéint ze kommen.
Duerfir fänken mir elo mat enger Hellewull vun klengeren Chantieren un. Och si mussen gemaach ginn.
15
Sitzungsbericht vom 2. Dezember 2016
1...,5,6,7,8,9,10,11,12,13,14 16,17,18,19,20,21,22,23,24,25,...72
Powered by FlippingBook