Gemengebuet 01/2013 - page 22

D’Aktivitéiten vum Foyer de la Femme
Sektioun Mamer
D’Sektioun Mamer organiséiert am Centre Culturel op der Cap, all 1. an 3. Dënschden am Mount eng Kaffistuff wou
mer bei Kaffi a Kuch e puer flott Stonnen verbréngen an dobäi Bingo spillen, eng Ouschter- a Chrëschtfeier maachen.
Datumer vun der Kaffistuff: 8. an 22.11., 6. an 20.12.2016, 3. an 17.1., 7. an 21.2., 7. an 21.3., 4. an 18.4., 2. an
16.5., 6. an 20.6., 4.7.2017. Desweideren e Frëndschaftsiessen den 23.10.16 an e Familljentreff den 9.4.2017, een
Ausfluch, e Chrëschtmaart an zwar dëst Joer den 2.12. op Koblenz, e Stand um Chrëschtmaart zu Mamer den 10. an
11. Dezember 2016
Duerch den Erléis vun eise Manifestatiounen konnte mir ewéi all Joer vill Projeeën um soziale Plang ëmsetzen: national
an international humanitär Aktiounen, Ënnerstëtzung vun Familljen an Associatiounen hei am Land.
Während dem Joer bidden mir un:
- verschidde Kanner- a Jugendkolonien: Schi-Vakanz an Éisträich, Reitwoch-, Strandvakanz-, Kultur a Mier, a franzéisch
Sproochecoursen- an Moniteurscoursen an eisem Vakanzenhaus zu Lombardsijde, Englesch Sproochecoursen zu
Swanage, Surfen a Segelen an der Bretagne, Tauchen an Korsika an Sun & Fun an Bulgarien. All Kolonie gëtt vun
gutt ausgebilten Monitricen an Moniteuren begléit. De Foyer de la Femme organiséiert och Moniteurscoursen.
An eisem Vakanzenhaus zu Lombardsijde (Belge Plage), kann och jidder Eenzelen ewéi och Familljen, Veräiner a
Schoulen, eng flott Vakanz verbréngen, deelen iech awer heimat mat, dass mer een neit Vakanzenhaus zu La Panne
kaaft hunn, dat am Gegensatz zu Lombardsijde ganz no beim Mier leit. Dëst muss allerdéngs nach renovéiert ginn, an
esoulaang ginn mer nach op Lombardsijde.
Fir dëst alles ze erméiglechen, sichen mir ëmmer Léit déi eis hëllefen. Zéckt net eis unzeruffen. Mir soen jidderengem
MERCI fir all Ënnerstëtzung an mir freeën eis op Äre Besuch bei eisen Aktivitéiten an eiser Kaffistuff. Ënnerstëtzt eis
a gitt Member am Foyer de la Femme.
Weider Infoen kritt Dir beim Ginette Schuster, Presidentin, Tel.: 661 31 95 76 oder per Mail
un Marie-France Meyer, Sekretärin,
, Tel. 621 389816
Weider Informatiounen fannt Dir och op
22
Gemengebuet
#
07 2016
Mamer Cap Holzem
1...,12,13,14,15,16,17,18,19,20,21 23,24,25,26,27,28,29,30,31,...32
Powered by FlippingBook