Gemengebuet Mamer 06 - page 5

1. Minute de silence en la mémoire de feu Monsieur
René Federspiel, bourgmestre honoraire.
Eingangs der Sitzung bittet Bürgermeister Gilles Roth
(CSV) den Gemeinderat um eine Gedenkminute für den am
21. Juni verstorbenen DP-Ehrenbürgermeister René Feder-
spiel (geboren am 11. Januar 1929). Dann lässt er das po-
litische Wirken von René Federspiel kurz Revue passieren:
Hommage à René Federspiel
Den Éierebuergermeeschter René Federspiel huet eis de
leschten 21. Juni fir ëmmer verlooss.
Et ass een trauregen Verloscht fir seng Famill, dem Nelly
senger Fra, dem Jean-Claude an dem Laurent, deen och bei
eis am Gemengerot war, sengen Jongen, senger Schnauer
an Enkelkanner dem Julie, dem Jamie an dem Mike.
Et war dem René Federspiel an senger Famill hiren
Wonsch fir an aller Intimitéit zivill zu Mamer um Kier-
fecht begruewen ze ginn. Als Buergermeeschter war ët
fir mech eng Eier mee och ee schwéieren Akt dëser Ze-
remonie vir ze stoen.
Mat der Noriicht vum Doud vum René Federspiel wäerten
ganz vill Leit em hien traueren. Sie hätten och bestëmmt
zu ganz vill drops gehalen op sengem leschten Wee der-
bäi ze sinn.
De René Federspiel huet een Liewenswee deen sech
weisen léisst. Geprägt vum Sënn fir Verantwortung ze
iwwerhuelen, sech fir d’Allgemengheet anzesetzen, villen
Leit diskret ze hëllefen och wann den néidegen Dank nët
ëmmer nokoum.
Den René Federspiel ass gebuer den 11ten Januar 1929
zu Klengbetten. Bestuet 1964 mat dem Nelly Hoffmann
vu Simmer, 1966 an 1967 Papp ginn vun dem Jean-
Claude an dem Laurent.
Säin berufflechen Wee huet hien 1946 direkt nom Krich
an den deemolegen Service vum Dommages de guerre
gefouert, vun 1960-1970 an d’Kadasterverwaltung an
vun 1970 bis zu senger Pensioun an de Ministère des
Classes moyennes-Département vun den Handelser-
maechtegungen.
Politesch war de Renée Federspiel 1950 schonns aktiv
an der Jeunesse démocrate, Prësident dovunner schonns
1955. 1951 an déi heiteg DP agetrueden, Member vun
dem Comité directeur, vun 1956 bis 1993 also ganzer 37
Joer Member vun dem Mamer Gemengerot mat bal ëm-
mer dënnen mëschten perséinlechen Stëmmen.
6 mol fir d’DP huet hien am Süden fir d’Chamberwalen
kandidéiert. Krut ëmmer exzellent Resultater, 2 mol
éischten Député Suppléant, den Wee op den Krautmaart
war him leider versot.
Dat war sécher eng Enttäuschung! Mee den Réckhalt
vun senger Famill, säin Enthousiasmus fir d’Politik hunn
den René Federspiel ëmmer nees derzou gefouert säin
Engagement am Dingscht vun der Allgemengheet héich
ze halen.
D’Kréinung vun dem René Federspiel senger politescher
Carrière war ouni Zweifel seng Wiel zum Buergermeesch-
ter vun der Gemeng Mamer bei den Gemengewalen
am Oktober 1975. An senger 6 jäereger Amtszäit huet
d’Gemeng Mamer een neit Gesicht kritt. Iwwert 2.000
nei Bierger sinn op Mamer, Cap an Holzem wunnen
komm. Bal all vun hinnen huet hien perséinlech begré-
isst. Duerfir hun missten d’Infrastrukturen erneiert ginn,
nei Wunngebitter ewéi d’Cité Kurt op der Cap, déi dräi
Cités Mameranus zu Mamer erschloss.
Mamer krut eng biologesch Kläranlag an daer Zäit. 2 nei
Schoulen goufen am René Federspiel senger Amtszä-
it gebaut: déi blo Schoul an der rue du Millénaire, hei-
tegen Sëtz vun dem SIPO, an d’Spillschoul an der rue
des Roses. Ënnert dem René Federspiel goufen d’Pläng
vun dem Sportskomplex Nic Frantz gestëmmt. Déi kultu-
rell Säit vun dem René Federspiel sengem Engagement
huet sech ausgedréckt mat dem Aféieren vun dem Art à
l’Ecole, an engem eegenen Wappen fir d’Gemeng Mamer
an seng Virléift natierlech fir d’Wiener Operetten.
D’Veräinsliewen louch dem René Federspiel ëmmer um
Häerz, besonnesch wann ët em déi Jonk gaangen ass.
Hien war Haptinitiateur vun der Grënnung vun den Mamer
Wiselen an de Caper Piwitschen.
Nët ze vergiessen dem René Federspiel saïn Engage-
ment fir den Jumelage mat Dangé St Romain wou mir den
23. Juni den 40 Anniversaire hei zu Mamer gefeiert hunn.
Dem René Federspiel seng gréissten Enttäuschung war
sécherlech dass seng Beméiungen fir d’Mamer Schlass
ze kafen an als Gemengenhaus ze restauréieren am Ge-
mengerot 1979 nët gutt geheescht goufen. Mee seng
Idee gouf knapps 25 Joer duerno awer Wierklechkeet!
De René Federspiel huet och an der Oppositioun nach
ëmmer ee groussen Afloss op déi Mamer Gemengepolitik
gehal. An wier no den Walen 1999 sengem Rot méi noge-
lauschtert ginn, hätt déi politesch Landschaft zu Mamer
villäicht anescht ausgesinn.
Mamer verléiert mat sengem Éierebuergermeeschter
eng Perséinlechkeet déi wäit iwwert d’Grenzen vun ei-
ser Gemeng bekannt war. Wuel wéineg lëtzebuerger
Gemenge­politiker konnten een Wolfgang Michnik an een
Hans Dietrich Genscher als seng Dutzfrënn ugesinn.
Perséinlech halen ech den René Federspiel als een po-
litesch schlauen an virun allem sympatheschen Mënsch
zréck. Hien war heiansdo nët mat eiser Politik d’accord,
mee huet sech privat awer gefreet dass seng Gemeng
Mamer eng fest Plaz op der politescher Landkaart haat!
Fir d’lëscht hunn ech perséinlech den René gesinn an
mat him gelaacht Ufanks Juni, 4 Wochen virum sengem
Doud, beim 40. Anniversaire vun engem Mamer Hand-
wierksbetrib. Traditionell gekleet mat bloem Costume
an gielem Genscherpullover, mee gesondheetlech awer
deemools schonns ugeschloen.
René mir soen Dir haut am Gemengerot ee leschten Äddi!
Du wars dichteg. Deng Famill kann houfreg op Dech sinn.
D’Mamer Leit wäerten dech nët vergiessen. Däin Numm
wäert seng Eiereplaz an eiser Gemeng halen!
Als Unerkennung fir dem René Federspiel seng geleesch-
ten Dingschter schleit de Schaefferot vir dat neit Lotis-
sement Wëltgebond als „Quartier René Federspiel”, an
d’Nouvelle Ecole an der Rue du Millénaire als „Bâtiment
René Federspiel” ze benennen.
5
Sitzungsbericht vom 18. Juli 2016
1,2,3,4 6,7,8,9,10,11,12,13,14,15,...32
Powered by FlippingBook