KULTUR
AGENDA
CULTUREL
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
42, route d’Arlon L-8210 Mamer
musiques / Musik
Fête de la musique
ME/MI 17.06.15 – 17:00 –
Concert OCL au CIPA
VE/FR 19.06.15 – 17:00 –
Concert Trio Brasil, Blue Soxxxs et Arthur
Possing sur le parvis du Kinneksbond,
Entrée libre
Centre Culturel Mamer
Pour la cinquième édition de la Fête de la musique à Mamer, le Kinneksbond vous propose
deux rendez-vous musicaux ouverts à tous. Le mercredi 17 juin, un concert de l’Orchestre de
Chambre du Luxembourg vous est proposé de 17h00 à 18h00 au CIPA de Mamer.
Le vendredi 19 juin, en plus du traditionnel Parcours d’instruments destiné au public scolaire, 3
concerts avec des groupes luxembourgeois vous sont proposés de 17h00 à 21h00 sur le parvis
du centre culturel, à savoir Trio Brasil, Blue Soxxxs et Arthur Possing Quartet.
A manger et à boire sur place!
CABARET
Lëtzebuerger Owend 2015 - Rhäifränsch a Krunnemécken
SA 20.06.15 – 20:00
Entrée mat Iessen 30 € | Student mat Iessen 22.50 €
Entrée ouni Iessen 15 € | Entrée Student 7.50 €
*Réservatioun nëmmen beim Kinneksbond
De Musekstheaterveräin
Rhäifränsch
vu Gréiwemaacher beoptragt, organiséiert a verwierklecht
am 3-Jores-Rhythmus nei lëtzebuergesch-sproocheg Koméidisstécker wéi
De beschte Klupp am
Land
(2004),
Elauter fäi Jongen
(2007),
Schéck en op d’Schëff!
(2010),
Mir sinn Tell
(2013), all
geschriwwe vun den Häre Jemp Schuster a Georges Urwald. Donieft sinn d’Elblinger 2015 erëm
mam Lëtzebuerger Schlager aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert op der Bühn. Am lé-
ifste mat deem, dee sech tëscht Mo a Knéien ofspillt. Schlüpferesch, bekannten an (nach) manner
bekannte Lidder ronderëm d’Spëtzbouwen Poutty Stein, Sepp Thill, Louis Petit oder Jempy Welter
garantéieren e lëschtegen Owend fir ze Laachen a Matzesangen.
Et sangen
: Germaine Begma, Joa Baum, Luss Durel, Georges Feltes, Patrick Hierthes, Thierry
Konsbruck, Serge Krier, Yves Mersch, Luc Santer, Marc Schiltz, Emile Steffen, Laurent Theisen,
Remi Turpel, Marc Weber, Tom Weber an Dan Ury.
Piano
: Georges Urwald
D’Krunnemécken
sinn zwee lëschteg Panzpianisten, déi sech selwer als Stroossemuséker ver-
stinn. An hierem Repertoire sinn esouwuel traditionell lëtzebuerger Vollékslidder, wéi och be-
kannten Hits aus der Rockgeschicht, mee ëmmer interpretéiert “à la luxembourgeoise”.
D’Krunnemécken klappe beim Kettchen un der Bistrosdier, sangen un der Attert, zu Schlënner-
maarnech, Butschebuerg an op der Musel vum Damp iwwer’m Stauséi, verziele Geschichten
aus dem Dierfchen an drénke gären hiere läschte Pättchen um Comptoir … kommt a genéisst
d’Liewen, well alles anescht ass sch… egal.
Panzpiano
: De Claus an Den Eric
Mir zervéieren een Bauerenteller (assiette rustique) vum Schnéckert.
30
Gemengebuet
#
04 2015
Mamer Cap Holzem