Wat ass de Klimapakt?
De Klimapakt ass e Vertrag op fräiwëlleger Basis, deen d’Gemeng Mamer, grad ewéi aner 93 lëtzebuerger Gemen-
gen mam lëtzebuerger Staat agaang ass. E baséiert op enger gesetzlecher Grondlag, an zwar op der «Loi du 13
septembre 2012 portant création d’un pacte climat avec les communes».
D’geplangte Lafzäit vum Kontrakt ass vum 01.01.2013 bis zum 31.12.2020. D’Gemengen, déi beim Klimapakt
matmaachen, kréie finanziell an technesch Ënnerstëtzung vum Staat, mat den Zieler d’Virreiderroll vun de Gemen-
gen an der Energie- a Klimaschutzpolitik ze stäerken, Treibhausgas-Emissiounen an Energiekäschten ze reduzéie-
ren, a lokal a regional Investitiounen ze stimuléieren.
Duerch de Klimapaktvertrag engagéiert sech d’Gemeng, fir hir Energie- a Klimapolitik duerch d’Ëmsetzen vum
«European Energy Award®» (eea), engem europäesche Gestiouns- a Qualitéitsprogramm ze strukturéieren, fir eng
Energiecomptabilitéit (Energieverbrauch, Waasserverbrauch, CO
2
Emissiounen) vun de kommunalen Infrastrukturen
an Anlagen ze maachen.
Ënnert anerem kritt d’Gemeng fir d’Duerchféierung vum Klimapakt en externe Klimaberoder zur Säit gestallt, deen
si duerch de Prozess begleet an technesch souwéi administrativ ënnerstëtzt.
Klimateam
All Gemeng, déi dem Klimapakt bäitrëtt, verflicht sech, fir e lokaalt Klimateam ze grënnen, dat de Motor vum Prozess
soll sinn. D’Gemeng Mamer huet am Summer 2013 en Opruff gemaach, wou sech interesséiert Bierger, Vertrieder
vum lokale Commerce an der lokaler Industrie, konnte mellen, fir am Klimateam matzeschaffen. D’Klimateam gett
vum Ed Buchette, Präsident vun der Kommissioun fir nohalteg Entwécklung, geleet.
Moossnamekatalog
De Klimapaktprozess baséiert op engem Moossnamekatalog, deen aus 79 Moossnamen aus folgende Beräicher
besteet:
1. Entwécklungsplanung, Raumordnung
2. Kommunal Gebaier, Anlagen
3. Versuergung an Entsuergung
4. Mobilitéit
5. Intern Organisatioun
6. Kommunikatioun a Kooperatioun
EEA Prozess
De Klimapaktprozess (eea-Prozess) besteet aus folgende Schrëtt:
1) Bestandsopnam duerch d‘Klimateam op Basis vum Moossnamekatalog
2) Ausschaffe vun engem Aarbechtsprogramm duerch d‘Klimateam; Virstellung am Gemengerot
3) Ëmsetze vu Moossnamen; Entscheedung am Gemengerot
4) Jäerlech Kontroll duerch d‘Klimateam (jährlicher Bericht)
Zertifikatioun
Den Zertifikationssystem vum Klimapakt, deen der spezifescher Situatioun vun der Gemeng Rechnung dréit, er-
méiglecht et, d‘Gemengen op Basis vum Moossnamenkatalog ze bewäerten (intern an extern Bewäertung). Wann
eng Gemeng e gewëssene Prozentsaz vun de maximal méigleche Punkten erreecht huet, kann si sech zertifiéiere
loossen, wat hier erméiglech, de variabelen Deel vum Klimpakpakt-Subside ze bezéien. Eng éischt Zertifikatioun
ass bei 40% vun de maximal méigleche Punkten méiglech.
Informatiounsquellen:
(Rubrique «Environnement»)
12
Gemengebuet
#
04 2015
Mamer Cap Holzem