am Lycée Josy Barthel. Donieft falen och nach d’Subsiden fir eis Sports- a Kulturveräiner heidrënner, souwéi d’Käschten
vun den offiziellen Feieren vun der Gemeng. Fir all des Aktivitéiten hu mir fir 2015 Ausgaben an Héicht vun 2.887.601,06
€
.
An der Rubrik „Enseignement” stinn 4.907.796,40
€
Dépënsen. Den Gros vun den Dépenses sinn hei d’Participatiounen
un den Paien vum Léierpersonal an den Schoultransport. De Rescht sinn Entretiens- a Fonctionnementskäschten vun
den Gebaier an pédagogescht Material fir di verschidden Klassen, Schoulausfligg etc.
Recettes extraordinaires. Déi ausseruerdentlech Einnahmen ginn fir d’ Joer 2015 op 12.953.867,43
€
ageschat. Dës
leien deemno ronn 7.951.132,00
€
manner héich wéi am Budget initial vum Joer 2014.
Folgend
recettes extraordinaires
siefen ervirgestrach:
• 928.750
€
Infrastrukturtaxen;
• 150.000
€
Subside fir den Pompierswon;
• 359.750
€
fir den Ausbau vum Kinneksbond;
• 3.170.510
€
fir den Bau vum neien Schoulkomplex op der Cap;
• 112.048
€
Subsid fir den Bau vun engem neien Précoce um Kinneksbond;
• 1.477.035
€
Subsid am Kader vum pacte logement;
• 5.000.000
€
Emprunt.
Dépenses extraordinaires
. Ausseruerdentlech Depënsen sinn am Joer 2015 am Total fir 16.412.869,06 € virgesinn.
Dësen héichen Investitiounsvolumen ass fir folgend Projeten virgesinn:
• 25.000
€
fir de Bebauungsplang;
• 130.000
€
fir d’Astandsetzen vun den Feldweeer;
• 123.027,49
€
Apport en capital fir den SICA;
• 927.226,57
€
Apport en capital un den SIDERO;
• 125.000
€
fir den Klimapakt;
• 50.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Place de l’Indépendance zu Mamer;
• 320.000
€
fir d’Astandsetzen vun eisen Stroossen;
• 300.000
€
fir den Bau vun engem Pavillon am Parc Brill;
• 500.000
€
fir Waasser an Gas an der Kiehlenerstrooss;
• 180.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Maison 1, rue de l’Ecole zu Mamer;
• 200.000
€
fir d’Astandsetzen vun der Sportshal Nic Frantz zu Mamer;
• 8.000.000
€
fir de Bau vum Schoulcampus op der Cap;
• 2.975.000
€
fir de Bau vun engem neien Précocegebai um Kinneksbond.
• 250.000
€
fir den Ausbau vun der Kichen vun der Maison Relais zu Mamer.
Ofschléissen mécht de Budget 2015 mat engem viraussiichtlechen Boni définitif vun 511.846,33
€
.
Gemengeschold
De Solde vun eiser Gesamtgemengeschold läit haut bei 32,40 Milliounen
€
. Fir 2014 hunn mir een zousätzlechen
Emprunt vun 4,5 Milliounen an den rectifié ageschriwwen an am Budget 2015 en Emprunt vun 5 Milliounen. Eis Schold
wäert Enn 2015 bei insgesamt 39,58 Milliounen
€
leien. Verrechent op déi uerdentlech Recetten beleeft sech de Rem-
boursement vun der Gemengeschold dann op 7,58%.
Am Verglach zu dem uerdentlechen Iwwerschoss vun 8.166.648,15
€
bedréit déi jährlech Scholdelaascht vun 2.411.090,39
€
ronn 29,52 %. Mat deem ordinairen Iwwerschoss kënnte mir, haut, bannent 5 Joer eis Gesamtschold zeréck bezuelen.
Well eis Gemeng jo och an Zukunft wäert wuessen, sinn eis färdeggestallten an nach geplangten Infrastrukuren an di
domadden verbonnen Gemengeschold gerechtfäerdegt. Well nëmmen die wäitsichteg Investitiounspolitik, déi dëse
Schäfferot schonns zanter Joeren applizéiert, erméiglecht dësen gesonden Wuesstum vun eiser Gemeng.
Conclusion:
Als Schäffen- a Gemengerot wäerten mir och dofir suergen, datt eis Bierger och an méi schwieregen Zäiten
weiderhin an enger moderner a leeschtungsstaarker Gemeng wunnen.
Dëst erfuerdert eng permanent an opmierksam Kontroll vun eisen uerdentlechen Ausgaben, donieft d’Notzen vun allen
Méiglechkeeten di et ginn, eis Einnahmen ze steigeren.
Duerch de Wuesstum vun eiser Populatioun kënnen mir och weiderhin, dank ënner anerem dem Pacte logement, an der
Dotation de l’Etat, am Verhältnis zu anere Gemengen op gréisser Einnahmen vun Säiten vum Staat rechnen.
19
Sitzungsbericht vom 28. November 2014