Gemengebuet 01/2015 - page 15

Fir d’Joër 2015 gëtt nach ëmmer mat engem uerdentlechen Boni vun 8,1 Milliounen
gerechent. Ouni zeréckbezuehlen
vun der Schold, esouguer ronn 10,5 Milliounen
. An dobäi hunn mir zanter 2000 iwwer 290 Milliounen
investéiert.
Jo d’Differenz vun 2014/2015 huet awer am Wesentlechen mat dem Staat sengem Spuer- pardon Zukunftspak ze
dinn. Abee, fir d’Gemeng Mamer bedeit deen Zukunftspak Mindereinnahmen d’nächst Joër vun ronn enger Millioun
.
500.000
Méihbelaschtung duerch d’Erheihjung vun der TVA, 300.000
manner Einnahmen iwwert de Wee vun der
Dotation de l’Etat well den TVA-Zouwues beim Staat nët un d’Gemengen weidergereecht gëtt, 200.000
well déi sou-
genannt Biennalen nët méi vum Staat iwwerholl ginn.
Eis konfortabel Finanzsituatioun erlaabt eis dann och ee weideren Emprunt, wuel deen leschten fir dës Legislaturperiod
opzehuelen. Net fir d’Enner zesummen ze bréngen, mais fir eisen Investitiounsprogramm ze realiséieren. Bei engem
duerchschnëttlechen Zënssatz vun 0,28% ass dat och keen finanziellen Mutwëll. D’Inflatioun bezilt de facto eis Gemen-
genschold zeréck.
D’Personalkäschten vun der Gemeng leien bei ronn 33,77% vun den uerdentlechen Ausgaben. Dat ass een niddregen
Prozentsaatz am Verglach zu aneren Gemengen.
De Budget 2015 begräift eng Steigerung an eisen uerdentlechen Ausgaben vun 4,96% par rapport zum Budget rectifié.
D’Einnahmen ginn ëm 0,33 % rof vis-à-vis vum Budget rectifié. D’Erklärung heifir ass, datt am rectifié den Restanten-
Etat mat 988.051,79
steet, dat sinn Taxen, déi nach ausstinn an deemno als Recette ugesinn ginn. Rechent een dës
Somme raus, steigen eis Recetten ëm 2,85%.
Mir hunn een équilibréierten Budget deen bei iwwert 31,78 Milliounen
uerdentlechen Einnahmen e uerdentlechen
Boni vun iwwert 25,69% vun den ordinairen Recetten opweist.
An d’Caper Schoul, dat neit Precocegebai an den Embau vun der Maison Relais zu Mamer wäerten nët manner ewéi
11,225 Milliounen
investéiert ginn. Di 2 Schoulen wäerten fir 2015 fäerdeg ginn.
Um Niveau vun den Emprunten hunn mir de Moment 36,9 Milliounen
Schold.
5 Milliounen
Emprunt stinn am Budget fir 2015.
Well mir 2,3 Milliounen
Amortissement pro Joër zréckbezuelen wäert d’Schold mat dem Emprunt, deen am Budget
virgesinn ass, Enn 2015 op 39,5 Milliounen
eropgoen. D’Scholdenlaascht bedréit 7,58% vun eisen uerdentlechen
Gemengerecetten. Mir hun de Moment méi Schold ewéi aner Gemengen, mee mir hun och aner Mëttel fir déi zréck ze
bezuelen.
Bei engem duerchschnëttlechen Zënssatz vun 0,286% - jo manner ewéi een halwen Prozent- bedréit déi jährlech Zëns-
laascht bei eiser Gemeng ronn 93.000
pro Joër. Well den allgemengen Inflatiounstaux méi héich ass, ass eis Gemen-
geschold reng ekonomesch gesinn keng weider Laascht.
Eis Gemeng an e puer Zuelen déi interesséieren.
-- 84 Leit sinn bei der Gemeng ugestallt, 36 Aarbechter, 30 Fonctionnairen, 3 Salariéen am Sekretariat, an 15 Leit an
der Cantine an Busopsicht - dës Leit sinn awer nëmmen Stonneweis bei der Gemeng beschäftegt.
-- Vun 100
Recette, ginn 15
an d’Schoul, 22
an d’Administratioun, 9
an d’Kultur, Sport- an Fräizäit, d’Culten,
dovunner 2
an den Centre culturel Kinneksbond, 2
an déi ëffentlech Uerdnung, 1
an d’Kirfechter, 4
an
d’Waasser, 5
an den Kanal, 3
an d’Müllabfuhr, 4
an den Ënnerhalt vun den Gréngflächen, 10
an aner ordinaire
Ausgaben an 26
an eisen Boni, deemno an Investitiounen.
-- Den Enseignement kascht d’Gemeng insgesamt 4,90 Milliounen
pro Joer, lafend Käschten. Do kënnt dann nach
d’Maison Relais mat netto 774.000
dobäi. Zesummen mécht dat ronn 5,68 Milliounen
. Dat sinn ongeféier 7.593
pro Schüler. Dorënner insgesamt 147.750 fir Computeren an Kopiesmaschinnen, 105.500
Classe en nature an Aus-
flich, ronn 107.000
fir Stroum- an Heizkäschten, 137.250
fir Iwwerwaachung an ronn 365.000
fir Botzen. Hei ass
deem Rechnung gedroen, datt di nei Schoul op der Cap ab September 2015 a Betrieb ass. D’Funktiounskäschten fir den
Centre Culturel Kinneksbond belafen sech op ronn 600.000
.
-- Deen Office social kascht d’Gemeng 90.728
.
-- D’Funktiounskäschten vum Jugendhaus belafen sech netto op 90.218
, de Club Senior kascht d’Gemeng 60.250
.
Dir Dammen, Dir Hären,
I. Budget rectifié 2014
Éier mir zur méi detailléierter Virstellung vun dem Budget initial fir d’Joer 2015 kommen, muss ech dem Gemengerot
opgrond vun dem Artikel 129 aus dem Gemengegesetz Opschloss iwwert den Budget rectifié vun dem lafenden Ge-
schäftsjoër 2014 ginn. Den Budget rectifié 2014 muss deemno och virun dem Budget 2015 gestëmmt ginn.
Déi finanziell Eckdaten fannt Dir am Tableau 1, deen eng Géintiwwerstellung vun dem Budget initial 2014 an dem Budget
rectifié fir dat selwecht Joer mécht.
15
Sitzungsbericht vom 28. November 2014
1...,5,6,7,8,9,10,11,12,13,14 16,17,18,19,20,21,22,23,24,25,...64
Powered by FlippingBook