Gemengebuet 02/2013 - page 9

De Gemengebuet
|
Nr. 2 2013
7
Stellungnahme von Jean Beissel
Här Buergermeeschter,
Dir Hären Schäffen,
Madame, Dir Hären Conseilleren,
De Budget 2013, wéi och den budget rectifié 2012 vun eiser Gemeng kann een net einfach aus dem
generellen Kontext vun der Kris eraushuelen. Lëtzebuerg schléit sech fir de Moment nach Plus-Minus
gutt duerch Kris, obwuel den Chômage weider klëmmt an et och ëmmer méi Failliten ginn an et och net
esou genau ofzegesinn ass wéi dat de Moment mat där negativer Stëmmung dobaussen sech kënnt
verbesseren.
Mir kënnen den Kapp awer net einfach an den Sand stiechen a warden bis ëppes geschitt, d’Kris ass
à la fin du compte keng Fatalitéit. Mir mussen eis den Gegebenheeten vun deem Ëmfeld upassen, mir
mussen awer och aktiv sinn.
An dësem weider schwieregen Ëmfeld, ass Spueren ugesoot. De Budget 2013 deen mir hei virun
14 Deeg presentéiert kruuten, geet do an di richteg Richtung. D’Spuerefforten an verschidden
Domainer wéi Botzen, Informatik, keng nei Astellungen vun Personal fir 2013 obwuel d’Bevölkerung
vun eiser Gemeng weider wiist an d’Einnahmen déi méi séier klammen wéi d’Ausgaben weisen, dass
de Mamer Schäfferot sech der Problematik bewoost ass an sech däer net einfacher Realitéit stellt
fir d’Finanzen vun der Gemeng weider am Grëff ze haalen an effizient ze verwalten, ouni awer an en
Spuerwahnsinn ze verfallen, wëll eng Gemeng, wéi och den Staat sinn keen Spuerveräin mais respon­
sabel Akteuren an der Wirtschaft.
An séch si mir dat jo gewinnt, dass mir op eisen Schäfferot zielen kënnen. Eng nohalteg Schoulpoli-
tik duerch generatiouneniwwergreifend Investitiounen am Kinneksbond a fir den neien Schoulkomplex
op der Cap beweisen dat. Dës 2 Projeten, an dat war vun Ufank un esou gesoot, kënnen net vun eis
haut eleng gedroen ginn, mais ginn zu engem Deel duerch Emprunten mat enger Laafzäit vun all Kéiers
20 Joer finanzéiert. Mat enger aktueller Zënslascht vun 160.000€ fir 2013 an engem Zënsatz vun
0,6%. Deen niddregen Zënssatz erméiglecht et de Moment d’Kapital méi séier zerëckzebezuelen. Mat
2 Milliounen Remboursement vun Zënsen an Kapital kommen mir op 6,87% vun den uerdentlechen
Einnahmen, de Solde vun der Verschëldung beleeft sech Enn 2013, mat engem neien Emprunt vun
2 Milliounen € op 27,7 Milliounen €.
D’Infrastrukturen, fir Schoul, Kultur a Sport, zu Mamer an op der Cap, an all déi aner, ech zielen se nach
eng Kéier gären op: de CIPA ass gebaut ginn, Mamer huet mam Schlass ee flott Gemengenhaus kritt,
Galerie op der Cap an Maison Risch, den Holzemer Festsall gehéieren grad esou zum Patrimoine wéi
e neit Waasser, Kanal- a Gasnetz, di verschidden Regenrückhaltebecken, déi vill Stroossen di frësch
gemacht gi sinn, d’Feld- a d’Veloswëer déi mir hunn, droen dozou bäi dass den Mikrokosmos Mamer
sech op seng Zukunft virbereed huet an nach weider wäert virbereeden.
D’Biergerinnen an d’Bierger aus eiser Gemeng stinn am Mëttelpunkt an kënnen dovun profitéieren.
Mamer ass eng attraktiv Randgemeng vun der Stad Lëtzebuerg an erméiglecht jiderengem säin Liewens-
an Arbechtsrythmus ze fannen a bidd och jiderengem eng héichwerteg Liewensqualitéit un. Keng Cité
dortoir, wéi virun Joeren nach gesoot ginn ass a wéi Madame Besch elo jhust nach behaapt huet, mais
flott Aktivitéiten a Programmer a Kultur a Sport hunn deem entgéintgewierkt.
Wann do een méckert, dann ass en selwer Schold. Dës Majoritéit huet hir Hausaufgaben gemacht.
Wëll d’Zukunft kënnt lues awer secher ouni dass mir se ophaalen. Mir kënnen awer d’Weichen stellen,
och wann mir net op alles Afloss wäerten hunn. Den Wonsch fir an dës schéin Géigend vum Land wunnen
ze kommen geet weider. Net nëmmen op Mamer mais och an d‘Nopeschgemengen. Wann mir an deem
selwechten Kontext net wëllen, dass eis Bevölkerung an den nächsten Joeren vereelst dann mussen mir
och ëppes ënnerhuelen a kënnen net dorop waarden, dass de Problem sech vum selwen léist.
Och hei huet den Mamer Schäfferot seng Verantwortung geholl, an um Niveau vun der
Baulanderschléissung sech getraut en neien PAG ze presentéieren, deen Mamer weider no viir bréngt.
D‘Mamer Gemeng wäert och net di eenzeg bleiwen an däerf net di eenzeg bleiwen. Wëll wann mir och
endlech ëppes wëllen machen fir dass Präisser vum Bauland sech kënne stabiliséieren dann muss eng
konzertéiert Aktioun kommen vun allen Gemengen, mat der Hëllef vum Staat.
1,2,3,4,5,6,7,8 10,11,12,13,14,15,16,17,18,19,...48
Powered by FlippingBook