Gemengebuet 02/2013 - page 7

De Gemengebuet
|
Nr. 2 2013
5
Firwat net e Parking schaafe fir all dës Léit, déi dann och Gebrauch kënne maache virun allem vum
ëffentlechen Transport?
Bei den „dépenses extraordinaires“ steet e Betrag vun 20.000 € fir eng Etude ze maache fir e Projet
„transport sur demande“. Wéi sinn dem Schäfferot seng Virstellunge fir esou en néie Projet? Et ass jo
och net deen éischte Projet dee gemaach ginn ass. Mir hate jo och schonn eng kleng Navette an eiser
Gemeng.
Déi gréng schloe vir fir dës Kéier, ier ee sech an en neie Projet aléisst, eng Ëmfro ze maache bei de
Bierger an och bei all deene Léit di an eiser Gemeng schaffen a vum ëffentlechen Transport Gebrauch
maachen (z.b. vum Zuch), fir gewuer ze ginn, weini a wou si esou een Transport bräichten.
E Betrag vun 75.000 € (also méi wéi 3 Milliounen aler Frang) hutt dir virgesinn am Budget fir „bornes
d’informations électroniques“ fir Manifestatiounen unzekënnegen. Mir hoffen awer, dass dat net nëmme
fir Ukënnegunge soll si fir kulturell Manifestatiounen, mee allgemeng fir Aktivitéiten vun den eenzelne
Veräiner. Grad esou wichteg wär z.b. eng Informatioun iwwert d’Moosswerter vun der Loftverschmotzung
oder de Kaméidi.
E Betrag vun 150.000 € fir de Bau vun engem Pavillon am Parc Brill: wär et net méi sënnvoll a präiswäert
nëmmen eng ëffentlech Toilett mat engem „point d’eau“ ze bauen. Et ass jo gewosst, dass d’Terrassenzäit
hei an eisem Land ganz staark begrenzt ass fir dovunner vill ze profitéieren.
20.000 € fir Frais d’études vun engem Réckhaltebecken „an Wëllechbach“ zu Holzem: esou ee Réckhal-
tebecken gesi mir als ganz sënnvoll an néideg, well all Kéier bei e bësse méi staarke Reen stin d’Kellere
vu villen Häiser ënner Waasser.
Ech vermëssen am Budget vun 2013 ganz wichteg Impulser a Froen déi fir déi gréng awer ganz wichteg
sin:
- Firwat huet de Schäfferot dee fir Mëtt 2012 versprachene pluriannuelle Finanzplang (PPF) nach net
opgestallt?
- Firwat huet de Schäfferot net Gebrauch gemaach vum Pilotprojet vum SIGI fir esou ee Finanzplang
ze erstellen?
- Firwat steet kee Kredit am Budget fir Gebrauch ze maachen vum Viirkaafsrecht vun Terrainen fir
bezuelbare Wunnraum ze schaafen?
- Firwat net e Projet maachen fir z.b. Sozialwunnengen oder Seniorenwunnengen op der Plaz vum
Parking vun der fréierer Schoul Jean Marx.
- Firwat net déi Häiser di am Besëtz si vun der Gemeng u manner gutt bemëttelt Stéit verlounen?
Oder u Studenten?
- Wéi gesäit et aus mat engem Parkplazkonzept fir eis Gemeng?
- Wéi gesäit et aus mam Schafe vun engem Energie-/Ëmweltberoder-Posten? (besonnesch wichteg,
wann een esouvill baue wëll)
- Firwat net een ”Dächerkataster” erstellen fir thermesch Solaranlagen a Photovoltaik op den eenzel-
ne Gebaier an eiser Gemeng (z.B. um Home vun de Wiselen)?
- Wéi gesäit et aus mam Schafe vun engem Posten fir d’Chancegläichheet zwësche Mann a Fra?
Ech mengen dës Fro kann ech mir erspueren an d’Äntwert kennen ech och.
Eis Gemeng huet eng Schold Enn 2013 vun ungeféier 27,6 Mil € (iwwert 1 Milliard aler lëtz. Frang). Et
stëmmt, eis Gemeng steht sech vis-à-vis vun aner Gemengen net esou schlecht. Fir de Moment huet
d’Gemeng och nach keng Problemer fir dës Schold zeréck ze bezuelen.
Mee déi finanziell Zukunft fir d’Gemengen gëtt awer ëmmer méi ongewëss. Et ass net gutt wann eng
Gemeng nëmme plangt mat deene Suen déi si duerch de Stat kritt oder kréie soll wéi z.B. iwwert
d’Dotation de l’Etat, de Pacte Logement, d’Gewerbesteier oder d’Subsiden. Et ass net sécher, dass
d’Konjunktur sech an deene nächste Joere verbessere wärt! Am schlëmmste Fall wärt d’Konjunktur
sech esouguer nach méi verschlechteren, woumadder manner Sue vum Stat an d’Gemengekeesse
fléisse waërten an dann ass et ni schlecht, wann d’Gemeng eng kleng Reserve hätt.
Här Buergermeeschter, dir Häre Schäffen, dat hei ass e Budget wou ech keng reell Spuermoossname
kann erkennen, a wann, dann net op der richteger Plaz.
1,2,3,4,5,6 8,9,10,11,12,13,14,15,16,17,...48
Powered by FlippingBook