Gemengebuet 02/2013 - page 6

Sitzungsbericht vom 17. Dezember 2012
4
Do stelt sech d’Fro, wéi et dann eréischt wärt ausgesinn, wann nach manner gebotzt gëtt?
Dépenses ordinaires fir den Ënnerhalt vun den ëffentleche Gebaier schloe mat 1.036.570 € zu Buch. Esou
bal de Campus Scolaire op der Cap fäerdeg ass, a bei dem Wuesstem dee vun der Majoritéit geplangt
ass, ass et net méiglech fir do nach ëppes anzespueren, am Géigendeel, do wärten déi lafend Onkäschte
vun eiser Gemeng nëmmen nach steigen.
D’Rédaktioun vum Gemengebuet ass erëm ëm 1.000 € erhéicht ginn, also vun 6.000 ob 7.000 €. Dat ass
méi ewéi eng Index Tranche!
De Service de secours (CISMA) schléit mat 572.036 € zu Buch. Dës Onkäschten (minus d’Subsiden)
muss d’Gemeng Mamer eleng droen géintiwwer all deenen anere Gemengen déi nëmmen dovunner
profitéieren. Do fehlt et leider un enger regionaler Kollaboratioun fir sech prozentual un den Onkäschten
ze bedeelegen, esou ewéi et beim CIPA de Fall ass. Mee dat hätt misse vun Ufank un matt den anere
Gemengen geplangt ginn. Dat ass leider net geschitt.
Taxenerhéijung
Wéi ginn d’Bierger aus eiser Gemeng, déi e finanziellen Enkpass hu fir hir Rechnungen ze bezuelen, vum
Schäfferot informéiert an ënnerstëtzt?
Déi gréng fuerderen och - an dat net fir d’éischt, dass d’„mesures sociales compensatoires“ vun der
Gemeng fir all déi Bierger déi eng Prime „de vie chère“ vum Stat durch de “Fonds National de Solidarité“
kréien, iwwerschafft soll ginn esou ewéi de Stat dat och virgesinn huet fir 2013. Déi betreffend Publika­
tioune sollen da virun allem an e puer Sprooche publizéiert ginn!
Déi gréng hunn den neie Waaserpräiss net matgestëmmt well de Gemengerot keen Tableau analytique
kruet fir ze kontrolléieren, ob de Präis och wierklech käschtendeckend ass.
D’Ausseruerdentlech Recetten vun 2012 leie mat 6,1 Milliounen € ëm méi ewéi 53% manner héich wéi
ageschat, wat bedéngt ass durch d’Ausbleiwen vum Bezuehle vun Subsiden vu Säite vum Stat.
Wivill Subside stinn dann iwwerhaapt nach aus fir eis Gemeng?
D’Ausseruerdentlech Depensen vun 2012 leie mat 12,67 Milionen € 36,54% méi heich wéi ursprénglech
geplangt.
De Budget rectifié vum Joer 2012 schléisst also mat engem Mali vun 702.908 € of. Zesumme
mam Mali vun 2011, dee sech op 8.258.105 € beleeft, schléisst de Budget rectifié da mat engem Mali
vun 8.961.014 € of.
Recetten
D’Gemeng kënnt 2013 an de Genoss vun enger Erhéijung vun der Gewerbesteier a vun der „Dotation
de l’Etat“ vun insgesamt 337.985 € géintiwwer vum Budget inital 2012. Et ass awer ze fäerten, dass dës
Recetten an nächster Zukunft, bedingt durch déi national an international Kris réckleefeg kéint ginn. An
ze fäerten ass och, dass den Zënsfouss net weider op dësem niddrege Stand bleiwe wäert. Wëssen-
schaftler betoune jo, dass d’Kriis och nach net an deenen nächsten 2 bis 3 Joeren eriwwer ass.
126.000 € kritt d’Gemeng duerch d’Opriichte vu Parkaueren. Laut den Donneeën am Budget beleeft
sech de Käschtepunkt vun den Parkaueren fir 2012 op 50.000 € a fir 2013 op 65.000 €. Am ganzen also
115.000 €.
Heizou hun ech eng Fro: wie mécht déi Parkaueren eidel?
Ech hat et schonn eng Kéier gesot a soen et nach eng Kéier, ech fannen et net gerecht, dass e klengen
Deel vu Leit, déi an der „Zone Indus­triel“ ob der Cap schaffen, Parking musse bezuelen, mindestens
0,50 € d’Stonn oder 4 € den Dag. Dogéint ginn et awer vill Leit, déi net emol an eiser Gemeng wunnen
oder schaffen, déi hiren Auto op der Cap oder zu Mamer irgendwou op engem Parking ofstellen an déi
do näischt ze bezuele brauchen.
1,2,3,4,5 7,8,9,10,11,12,13,14,15,16,...48
Powered by FlippingBook