Gemengebuet 02/2013 - page 5

De Gemengebuet
|
Nr. 2 2013
3
Déi gréng haten zanter Joeren en neie Bebauungsplang gefuerdert. Si hunn ni gesot, dass si fir e Bau-
stopp wieren. An hieremWahlprogramm steet, dass si e gebremsten, nohaltege Wuesstem, d’Erschléisse
vun Baulücken a besonnesch bezuehlbare Wunnraum fir jonk Famillje fuerderen.
Déi gréng hunn ëmmer plädéiert, fir dass d’Gemeng Gebrauch vun hierem Virkaafsrecht vun Terrainen
soll maachen. Dat ass déi eenzeg Manéier fir méi bezuehlbare Wunnraum fir jonk Familljen ze schafen
an déi eenzech Méiglechkeet fir géint déi iwwerdriwwe Baulandpräisser virzegoen. Déi lescht Joeren hu
jo bewisen, dass d’Präisser an eiser Gemeng regelrecht explodéiert sinn trotz de sëllechen Offerten um
Marché.
Dir sidd der Meenung, dass wann d’Gemeng kee Wuesstem vun iwwer 3% hätt, géifen eis Uertschafte
veralteren an d’Kanner vun deene Leit déi sech elo wieren géife keng Wunneng kréien. Mir sinn awer
der Meenung, dass duerch déi iwwerdriwwe Baulandpräisser leider ëmmer manner Jonker sech eng
Wunneng an eiser schéiner Gemeng kënne leeschten.
Wann d’Präisser vu Wunnengen um Land esou deier sinn ewéi an der Stat, dann zéie vill Jonker et vir,
méi no bei hier Aarbecht wunnen ze goen a sech de Verkéier an den Zäitverloscht fir op hir Aarbecht ze
kommen, ze erspueren.
All Awunner brénge méi Suen an d’Gemengekeess. Jo, dat stëmmt. Eis Gemeng huet am Kader vum
Gesetz „pacte logement“ vun 2008 bis 2011 vun engem stolze Betrag vun iwwert 2.900.000 € profitéiert.
Laut dem Gesetz vun 2008 kënnt eis Gemeng nëmmen nach an de Genoss vun der ganzer Zomm bis
2017. Dono lafen dës Beträg, Joer fir Joer ëm 900 €, bis 2021 op 0 € aus.
Dat bedeit, dass dono just nach Nofolgekäschte fir d’Gemeng bleiwen, an zwar fir éiweg.
Weinst deene geplangte Spuermoossnahme wëll dir keng Neiastellunge maachen. Dat betrëfft awer
anscheinend nëmmen d’Astellung vu Gemengenaarbechter.
Di Aarbechten di durch den Outsourcing ewéi z.B. vu ProActif gemaach ginn, déi ginn och net zum
Nulltarif gemaach, si ginn och bezuelt mat eise Steiersuen.
Déi gréng begréissen d’Initiativ vun engem Audit fir verschidden Aspuerungen ze maachen.
Meng Fro ass, op wat bezitt sech dësen Audit? Op déi ganz Organisatioun vun der Administratioun
souwéi de Service Technique oder nëmmen op d’Informatik? Wann den Audit sech nëmmen op d’Infor­
matik sollt bezéien, da si mir der Meenung, dass et awer méi sënnvoll wär fir dat op déi ganz Servicer
vun der Gemeng ze maachen. Am Rapport vun der d’Finanzkommissioun gëtt dat jo och virgeschloen.
10% wëll dir generell bei der Schoul u lafenden Ausgaben aspueren. Dergéint wëll dir awer näischt bei de
„Frais de festivités publics“ a fir all déi Kulturmanifstatioune spueren. Dës Onkäschte sollen just net méi
heich am nächste Joer klammen. Mir géifen et begréissen, wann dat just de Contraire wär. Eng Schoul,
déi muss e ganzt Joër fonktionnéiren, dergéint dauert e Freedefeier just eng hallef Stonn!
Fir „Fëtes publiques“ steht e Betrag vun 188.000 €, a fir d’Fonktiounskäschte vum Cercle Culturel Kin-
neksbond steht e Betrag vun 550.000 € am Budget. Am Ganzen also 738.000 €. Dat si bal 30 Milliounen
aler lëtzebuerger Frangen! (den Här Buergermeeschter rechent jo och nach ëmmer an der aler Währung)
Bedauerlecherweis gëtt et heizou ze bedenken, dass sech ausser Nationalfeierdag net esouvill Bierger
aus eiser Gemeng un deene selleche flotten Aktivitéiten bedeelegen. Och wann d’Majoritéit et net wëll
héieren oder soen: Mamer ass eng Schlofgemeng!
Oder wou sinn da bei all deene villen, flotten an präiswäerte Spektakelen am Kinneksbond déi 8.000
Matbierger? Et komme leider méi oft Leit aus den Nopeschgemengen ewéi aus eiser Gemeng.
D’Fonktiounskäschten dréit eis Gemeng awer eleng!
Dir wëllt d’Käschten ëm 25% beim Botzen drécken! Handelt et sech dobäi ëm Gebaier, ëffentlech
Plazen oder Gréngflächen? Ech hoffen dir hutt awer net vergiess, dass den Här Marcel Schmit eréischt
am Gemengerot vum 1. Oktober 2012 reklaméiert hat, dass den Zoustand vun den eenzelne Sëtzbänken,
Gréngflächen, ëffentlech Plazen souwéi dem Brill déi leschten Zäit esou knaschteg wär ewéi nach ni, an
dass eppes misst passéieren!
1,2,3,4 6,7,8,9,10,11,12,13,14,15,...48
Powered by FlippingBook