Gemengebuet 02/2013 - page 4

Sitzungsbericht vom 17. Dezember 2012
2
1. Finances communales:
a) budget rectifié de l’exercice 2012 et du budget initial de l’exercice 2013 - discussions
et votes;
b) prorogation de la ligne de crédit en compte courant de 4.000.000,00 € pour le préfi-
nancement des subsides étatiques relatifs à la construction d’un nouveau bâtiment
précoce au «Kinneksbond» à Mamer et la construction d’infrastructures d’accueil de
l’école fondamentale et sportives à Capellen (Campus scolaire Capellen);
c) approbation de titres de recette.
a) Nach der Begrüßung der Gemeinderatsmitglieder und der Zuhörer leitet Bürgermeister Gilles Roth
(CSV) die Diskussion betreffend den berichtigten Haushalt 2012 und die Haushaltsvorlage 2013, die in
der Sitzung vom 3. Dezember 2012 präsentiert worden waren, ein. Nachfolgend die Stellungnahmen
der Fraktionssprecher:
D’Stellungnahm vum Edmée Besch (Déi Gréng):
Här Buergermeeschter,
Dir Häre Schäffen,
Dir Häre Conseilljeeën,
ier ech mat menge Bemierkungen sowéi Froen zum Budget 2013 ufänken, wëll ech awer e puer Remarken
iwwert d’Presentation vum Här Buergermeeschter am Gemengerot vum 3ten Dezember 2012 maachen.
Fir mech war et net déi éischt Presentatioun vun engem Budget. Leider muss ech awer soen, dass et
déi éischt war déi an engem esou respektlosen Toun virgedroen ginn ass, mat Bemierkungen déi guer
näischt mat den Zuelen a mat engem reelle Budget ze dinn hunn.
Dat politesch Klima an der Gemeng ass méi rauh gin sot dir, Här Buergermeeschter! Mir hunn dat
gemierkt!
An ärer Schäfferotserklärung vun 2011 hat dir nach een Appell gemaach un eis allen Dräizeng: „datt
mir an déser Mandatsperiod trotz alle politeschen Divergenzen, e fairen a respektvollen Ëmgank mam
politesche Konkurrent sollen hunn“. Nëmmen ee Joer méi spéit ass dat Alles vergiess!
An der leschter Gemengerootsëtzung si Wierder gefall ewéi „Päifconcert“, „Messerpickereien“,
„Piffaass“, „sech net méi an de Spiggel kënne kucken“ asw. Fir ee Moment hun ech mir d’Fro gestallt:
sinn ech an engem Cabaret oder an enger Gemengerootsëtzung? Wou war do de respektvollen Ëmgank
mat den Conseilljeeën esou ewéi mam Gemengepersonal?
Dir an unisono 9 vun 13 Leit aus dem Gemengerot falen net ëm an och net a Saachen PAG, war är Ausso!
Hutt dir awer net schon ee Réckzéier gemaach a vun deene geplangte 85 Hektar net schonn en etlecher
aus dem neie Bebauungsplang eraus geholl? A firwat? Well d’Bierger aus eiser Gemeng reklaméiert a
sech gewiert hunn - wat jo och hiert gutt Recht ass. Dozou wëll ech awer och soen, dass dat guer näischt
mat „Egoismus“ an „Ignoranz“ ze dinn huet.
Här Buergermeeschter, 1994 hat dir als jonke Conseilljee folgend Bemierkung gemaach:
„D’Matsproocherecht vun de Bierger ze garantéieren ass eng wichteg Aufgab vun enger Gemeng.
D’Entscheedunge sollen esou no wéi méiglech beim Bierger geholl gin, e Prinzip fir deen mir vun der CSV
eis wärten staark maachen.“
Leider stëmmen dës Wierder haut net méi fir iech.
Wa Leit de Kapp rësele wäit iwwert d’Grenzen vun der Gemeng eraus, wéi dir sot, da bestëmmt net
iwwert déi Leit, déi sech asetze fir d’Liewesqualitéit ze erhalen vun den Bierger aus eiser Gemeng a fir all
déi, di an nächster Zukunft heihinne wunne kommen.
85 Hektar wollt dir bebauen, dat si méi ewéi 100 Fussballsterrainen. Doriwwer kann een nëmmen de
Kapp rëselen.
1,2,3 5,6,7,8,9,10,11,12,13,14,...48
Powered by FlippingBook