Gemengebuet 02/2013 - page 11

De Gemengebuet
|
Nr. 2 2013
9
Iwwert Ausgaben an der Schoul brauchen mir jo net ze schwätzen, déi sinn do, eis Kanner mussen ëppes
léieren, do laanscht féiert keen Wee. De Schoultransport ass net bëlleg a schléit mat 540.000€ zu Buch.
D’Sécherheet geet awer vir an huet och hiren Präis. Duerch d’Aféieren vum Pedibus ginn awer schons
seit Joeren e gudden Deel Suen agespuert. D’Efforten fir weider kleng Aspuerungen un Maschinen ze
machen ouni dass Qualitéit vum Unterricht drënner leid, sinn natierlech begréissenswert.
Kultur a Sport ginn méi ewéi je gefördert, si sinn néideg fir d’Villfältegkeet vun eisem sozialen Netz ze
garantéieren. De Kulturzentrum, d’UGDAs Museksschoul, d’LASEP, Sportsveräiner an d’Jugendhaus
sinn do a machen eng gutt an efficace Aarbecht am Dénscht vun eisen Kanner an eiser Jugend. Dës
„Institutiounen“ erlaaben et den Kanner aktiv ze sinn a Musek, Gesank oder Sport, um Duerfgeschéien
deelzehuelen, an hir sozial Fähegkeeten auszebauen an och ausserhalb vun hirem Elterenhaus an der
Schoul gutt opgehuewen sech ze spieren. D’Akteuren um Mamer Terrain kënnen houffreg sinn iwwert
di geleeschten Aarbecht, d‘Resultater kënnen mir ënner anerem all Joeres op der Sportleréierung oder
Remise des Diplômes vun der UGDAs Museksschoul gesinn. Ouni di finanziell, technesch a logistesch
Hëllef vun der Gemeng ass dat Ganzt awer iwwerhaapt net méiglech. Dat ass elo einfach an e puer Zeilen
hei gesoot, mais jidereen deen um Terrain ass, weess dass vill freiwëlleg Stonnen gebraucht ginn fir dat
hinzekréien.
Déi Jonk a manner Jonk kréien iwwert dat ganz Joer e flotten, interessanten a ganz diversivizéierten
Progamm vun Kulturmanifestatiounen ugebueden, sief dat iwwert Kulturkommissioun, den Centre
Culturel, oder iwwert Mamer Kulturveräiner. Fir jidereen ass ëppes derbäi wann e wëllt.
Och iwwert d’Waasser an den Offall gët vill geschwat. Net méi spéit ewéi deen leschten Gemengerot
hunn mir den Waasserpräis ouni Stëmmen vun den Gréngen ugepasst, an haut ginn Taxen fir den Ofall
ajustéiert. Sou Mossnahmen mecht keen gären, mais se sinn noutwendeg. Grad hei muss den Käschten-
deckungs- an den Verursacherprinzip voll spillen. Deejéinegen deen verbraucht an Knascht mecht muss
bezuelen. D’Allgemengheet kann net deen bestrooffen deen oppasst, d’Allgemengheet kann net fir deen
bezuelen, deem et egaal ass. D’Regelen sinn seit langem bekannt, hei kann een keng aner Regelung
fannen. Wëll en plus beim Waasser an Ofall geet et och em d’Emwelt, an do sinn seit den 70er Joeren vill
Efforten gemacht ginn déi sech iwwert di ganz Zäit elo dann och mat am Präis nidderschloen. Dëst muss
och endlech d’Leit uereegen fir verstänneg mam Waasser emzegoen an den Ofall besser ze trennen, Leit
mat méi niddregem Akommes oder déi finanziell Schwieregkeeten hunn kënnen eng „allocation de vie
chère“ ufroen.
Di Politik, fir op verschidenen Plazen Aspuerungen ze machen, ass deen richtegen Wee. Et misst op lang
Siicht awer en richtegt Konzept fir Erofsetzen vun den Käschten entwéckelt ginn, dat géif dann kënnen
eng dynamesch Ausgabenpolitik ënnerstëtzen, wëll et net dorëms geet elo egaal wat ze machen an
z.B. Kultur a Sportbudget drastesch ze kierzen, oder Depensen am Emweltberäich oder an der Schoul
erofzesetzen, mais et geet dorems fir eng Ausgabenkultur ze schaaffen nom Prinzip „dépenser mieux
pour dépenser moins“. Hei ass et wichteg, dass d’Kontrakter déi Gemeng ofgeschloss huet eng Kéier
op de Leesch ze huelen, dass d’Energieeffizienz genau am Aa behalen gëtt, dass extern a firwat och net
verschidden intern Auditen gemacht ginn wou gekuckt gëtt wat fir een Spuerpotenzial an den verschid-
denen Servicer méiglech ass, dass Gemengepersonal drop opmierksam gemacht gëtt wéi a wou een
kann méi efficace schaffen, wou Zäit, Energie a Material kann agespuert ginn. Erfollegreich a besser
wirtschaften kann nëmmen gelengen wann mir an eisen Käpp gewëllt sinn emzedénken, dat ass eng
Prémisse déi jidereen sech soll zu Häerz huelen. Wéi virdrun ugeschwat halen mir um Käschten­
deckungsprinzip an verschidden Domäner fest, ouni wëllen eis ze verschléissen fir eventuel nach aner
Ausgaben an dësem Kader ze analyséieren.
Mais mir mussen eis och, fir eng efficace Gestioun vum Patrimoine vun der Gemeng an den Folgekäsch-
ten di doraus entstinn, ze machen di richteg technesch Moyennen ginn. Ech weess, t’ass lästeg fir et
ëmmer erem ze wiederhuelen, mais et geet nun emol a mengen Aaen net anecht. En adequaten
Programm misst hir, firwat net vum SIGI, an dann muss en gefiddert ginn.
1...,2,3,4,5,6,7,8,9,10 12,13,14,15,16,17,18,19,20,21,...48
Powered by FlippingBook