Sitzungsbericht vom 17. Dezember 2012
8
Nei Awunner kaaschten Suen mais bréngen och Suen an d’Keess.
D’Analyse vun den Einnahmen vun der Gemeng weisen dass an den leschten 5 Joer déi em 8,3
Milliounen € geklommen sinn, an zwar vun 20,8 Milliounen € op 29,1 Milliounen €, dat sinn 39,9%.
Dës Hausse ass elo ball 1% manner héich ewéi Depensen, duefir ass, dat Zeechen wat den Schäfferot
mam Budget 2013 wëllt ginn, dass Einnahmen elo erëm méi séier klammen ewéi d‘Ausgaben emsou méi
wichteg wëll dat och muss zukunftsweisend sinn.
Ouni Einnahmen keng Ausgaben a keng Investitiounen. Ouni Einnahmen kënnen mir den Leit näischt
ubidden.
D’Einnahmen kommen haaptsächlech iwwert folgend Posten eran:
- Fonds communal de Dotation financière
11.992.600€ 41,3 %
- Gewerbesteier
8.125.700€ 28,0 %
- Grondsteier
685.000€
- Bedeeligung vum Staat an der MRE
1.556.250€
- Ofallgestioun
1.055.000€
- Kanaltax
1.700.000€
- Verkaf vun Waaser
1.400.000€
Fir elo dës Einnahmen ze garantéieren muss natierlech ëppes geschéien. Dat geet elo net einfach
esou. Mais wann een versteet wéi di 2 Haapt Einnahmequellen fonktionnéiren, dann weess een dass
d‘Awunnerzuel souwéi effizient schaffend Betribber ënner anerem 2 wichteg Fakteuren duerstellen fir
dëst ze erréchen. Duerch den pacte logement stinn och nach ronn 912.000€ Recetten am ausseruerdent-
lechen Budget déi erakommen.
Här Buergermeeschter,
Dir Hären Schäffen,
Madame, Dir Hären Conseilleren,
erlabt mir op dëser Plaz eng kleng Zwëschenremark
Di läschten Wochen schléit di Propose vum neien PAG héich Wëllen an eiser Gemeng an esou guer
am ganzen Land. Dass bei der Presentatioun vum PAG net jidereen domat averstannen ass, kann een
demokratesch novollzéien. T’ass d’Wëllen awer esou héich géifen schloen an et vehement Attacken, di
och perséinlecher Natur waren an haaptsächlech géint den Buergermeeschter geriicht waren, géifen
ginn, dat geet elo definitif ze wäit. CSV akkzeptéiert dëst net. Mir stinn zu 300% hannert dem Buerger-
meeschter, dem Schäfferot an dem PAG.
Di perséinlech Attacken géint den Buergermeeschter, sinn perséinlech Attacken géint CSV, mir machen
deen Unfug deen no den Wahlen 1999 war net mat. Politik ass a soll eng Ausenannersetzung vun Ideen,
an Ideologien sinn mais kann net privat géint eng Persoun geféiert ginn. Et geet elo definitif duer.
Mir hunn Vertrauen an den Buergermeeschter an de ganzen Schäfferot, si hunn di lescht 13 Joer exem-
plaresch geschafft, gutt mat den Ministèren an den staatlechen Verwaltungen verhandelt, an doduerch
eis Gemeng weit no vir bruecht. Wann een dat Opweises huet, dann huet een Respekt verdéngt, Mir
machen keng kléng karéiert Duerfpolitik.
D’CSV steet fir eng attraktiv an dynamesch Gemeng, wou d’Biergerinnen an d’Bierger am Mëttelpunkt
stinn. Mir wëllen keng Bevölkerung déi vereelst, mir wëllen sozial Mixitéit, mir sinn op fir nei Leit déi wëllen
bei eis wunnen kommen.
Am uerdentlechen Deel vum Budget sinn déi Investitiounen déi gemacht gi sinn, lues a lues iwwert déi
normal Käschten an Depensen mat agefloss. Di leschten 5 Joer sinn d’Ausgaben vun 16,4 Milliounen € op
23,1 Milliounen € am Joer 2013 geklommen, dat ass en Plus vun 6,7 Milliounen € oder 40,85%. Mat dësen
Ausgaben ginn eis Schoulen an domat d’Edukatioun vun eisem Kanner finanzéiert, do derbäi ass och
den Schoultransport. Den Gesamtposten Schoul mecht en Total vun bal 4,6 Milliounen € oder 19,9% vun
den uerdentlechen Ausgaben aus. Kultur an den Sport ginn gefördert, an do derbäi d‘Veräiner aus den 3
Uertschaften ënnerstëtzt, dat Ganzt fir 2,4 Milliounen € oder 10,4% vun den Gesamtausgaben, Waasser
get kaaft, den Ofall bezuelt dat kaascht ronn 3,245 Milliounen € (14%).