Sitzungsbericht vom 3. Dezember 2012
6
An dem Tableau 4 (Annexe) sinn am Detail d’Differenzen bei den uerdentlechen Einnahmen an Ausgaben
zwëschent dem Budget initial, dem Budget rectifié an den Ofschlosskonten 2011 opgefouert.
• D’Rubrik Enseignement huet mat insgesamt 5.969.763,84 € zu Buch geschloen. U Recettes hu mir
1.289.373,80 € kritt. D’Gemeng huet hei also Nettokäschten vun insgesamt 4.680.390,04 €.
• D’Musikcoursen an Zesummenaarbecht mat der UGDA, hunn eis 2011 401.823,12 € kascht. Mir kruten
staatlech Subsiden vun insgesamt 172.942,00 €. D’Aschreiwungen an di verschidden cours’en hun eis
39.550,00 € bruecht. Hei muss d’Gemeng also nach netto 189.331,12 € beileeën.
• D’Gestioun vun dem Offall, deen ons Gemeng zum groussen Deel iwwert de SICA mécht, ass an dem
Kont 2011 mat 802.242,08 € veruschlagt. Dem stinn 887.770,37 € Recetten déi aus de Mülltaxen an dem
Verkaf vun Dreckskëschten kommen, géintiwwer. Apport en capital un den SICA gëtt bekanntlech am
Extraordinairen Budget gefouert.
• D’Participatioun un der Kläranlag huet eis 935.888,94 € am Joër 2011 kascht. D’Recetten un Klärtaxen
louchen bei 1.116.625,75 €.
• Waasser hu mir akaaft fir 814.029,34 €. Insgesamt hun sech d’Waasserkäschten op 1.155.114,86 €
belaaf. De Verkaaf vun Waasser an d’Locatioun vun den Waasserzieler hun eis 1.311.018,58 € an d’Kees
bruecht.
• D’Rubrik „Administration Générale“ schléit mat ron 2,87 Milliounen zu Buch.
IV Compte extraordinaire 2011
Ech kommen elo zu den aussergewéinlechen Recetten an Dépensen. Am Tableau gesäit een eng
Géintiwwerstellung vun dem Ofschlosskont 2011 an dem Budget initial respektiv dem Budget rectifié vun
dem Exercice 2011.
Budget init. 11 Budget rect. 11 Compte 2011
Différence
Compte/B.I. en %
Recettes extraordinaires 17 490 207,90 12 439 574,03 11 213 865,62 -35,88489237%
Dépenses extraordinaires 15 792 028,75 21 506 543,88 18 882 556,27
19,57017410%
Boni /Mali extraordinaire 1 698 179,15 -9 066 969,85 -7 668 690,65 551,58313538%
Am Tableau 5 a 6 (Annexe) ass eng détailléiert Opleschtung vun den Einnahmen respektiv den Ausgaben.
Am Joër 2011 sinn 18.882.556,27 € investéiert ginn.
Den ausseruerdentlechen Ausgaben stinn extraordinär Recetten vun 11.213.865,62 € entgéint.
Déi wichtegst heivu sinn:
• 774.427,00 € Subsid fir den pacte logement,
• 2.197.075,71 € Subsid fir den Bau vum CISMA,
• 701.600,00 € Subsid fir de Kinneksbond,
• 1.416.750,00 € Subsid fir de Bau vun der Schoul op der Cap,
• Ronn 638.000,00 € un Infrastruktur- an Canaltaxen
• 4.500.000 € Ouverture vun engem Emprunt,
Ze notéieren bleiwt, dat de Subsid fir de pacte logement sech an der Rubrik Urbanismus an Ëmwelt op
der Ausgaben- an Recettensäit neutraliséiert. Well d’Gemeng dëse Subsid geholl huet fir den Campus
Kinneksbond ze finanzéieren, ginn se demno an der Rubrik Enseignement op der Recettensäit definitif
verbucht.
Bei de Mali extraordinaire vun 2011 kënnt nach den extraordinairen Defizit vun 2010 dobäi, deen sech op
6.179.001,93 € beleeft. Dat mëcht en Mali extraordinaire vun 13.847.692,58 €.
Setzt een deem den Iwwerschoss am ordinäre Kont vun 5.589.587,21 € entgéint, dann hu mir en Mali
propre à l’exercice fir d’Joër 2011 vun 8.258.105,37 € .