Sitzungsbericht vom 3. Dezember 2012
4
Dir Dammen an Hären Schäffen a Gemengeconseilléen,
I) Allgemeng Bemierkungen
Opgrond vun dem Artikel 163 aus dem Gemengegesetz présentéieren ech haut dem Gemengerot
d’Ofschlosskonten vun dem Joër 2011.
Et sinn dëst d’Konten vun dem zwieleften Exercice fir deen dëse Schefferot d’politesch Verantwortung
dréit. Op Wonsch vun dem Gemengerot geschitt d’Virstellung vun den 2011er Ofschlosskonten virun der
Présentatioun an dem Vote vun dem Budget rectifié fir d’Joër 2012 an dem Budget fir d’Joër 2013.
Am Géigesaatz zu dem Budget, deen eng Aschätzung vun de geplangten Recetten an Dépënsen
virgesäit, ginn d’Konten nämlech Opschloss iwwert déi reell getätegt Einnahmen an Ausgaben op den
31.12. vun dem betreffenden Exercice.
Och erlaabt de Kont ët dem Gemengerot déi sougenannten véridicité budgétaire anzeschätzen,
d.h. festzestellen a wéi engem Mooss d’Estimatiounen vun de Recetten an den Dépënsen am Kader vun
der Opstellung vun dem Budget der Realitéit entsprach hunn.
II) Ofschlosskonten vum Joer 2011.
D’Eckdaten vun dem 2011er Kont sinn an der Tabell 1 nach eng Kéier opgefouert :
Tableau 1
Service Ordinaire
Service extraordinaire
Total des recettes
25.958.622,18
11.213.865,62
Total des dépenses
20.369.034,97
18.882.556,27
Boni propre à l’exercice
5.589.587,21
Mali propre à l’exercice
-7.668.690,65
Mali du compte 2010
-6.179.001,93
Boni général
Mali général
-8.258.105,37
Transfert ord./extraord.
Mali définitif
-8.258.105,37
Aus dësem Tableau gesinn mir datt d’Joer 2011 mat engem Mali définitif vun 8.258.105,37 € ofgeschloss
huet.