Winter Moments 2019

Vum 6. Dezember 2019 bis 5. Januar 2020 am Haff vum Mamer Schlass.
Offiziell Ouverture de 6. Dezember 2019 um 18.30 Auer a Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot an dem Syndicat d’Initiative.

Eis Broschür.

Öffnungszäiten

An de Schoulwochen (6.12. bis 20.12):

  • Méindes ass zou
  • Dënschdes an Donneschdes vu 14 bis 20 Auer
  • Mëttwochs a Freides vu 16 bis 20 Auer
  • Samschdes a Sonndes vu 14 bis 20 Auer

An der Vakanz (21.12. bis 5.1.2020):
All Dag (och de Weekend) vu 14 bis 20 Auer

Während de Feierdeeg:

  • Hellegerowend (24.12.) vu 14 bis 18 Auer
  • Chrëschtdag (25.12.) vu 14 bis 18 Auer
  • Stiefesdag (26.12.) vu 14 bis 18 Auer
  • Silvester (31.12.) vu 14 bis 18 Auer
  • Neijoersdag (1.1.) vu 14 bis 18 Auer

Schlittschong

Den Accès op d’Schlittschongpist ass gratis. Op der Plaz gi Schlittschong an de Gréissten 29 bis 49 gratis ausgeléint. Dir kënnt och Är eege Schlittschong matbréngen

Chalet am Haff vum Mamer Schlass

Freideg, de 6. Dezember
De Fuba Racing Club invitéiert op e flotte gastronomeschen Owend
Menü 1: Gratin de poisson et fruits de mer à volonté. Präis: 28,50 €.
Menü 2: Bouchée à la Reine. Präis: 18,50 €.
Umeldung bis de 4.12. beim Christiane Huberty (661 158 795) oder Claude Lang (691 658 425).

Sonndeg, den 8. Dezember
De Comité vun de Mamer Wiselen an de Comité vun der Amicale vun de Mamer Wiselen invitéieren op e flotten Hüttenschmaus.
Menü: Eng Jause (Plateau mat Kéis a Charcuterie), Kéisspätzle mat Zalot, als Dessert eng Variatioun vun Taart a Kuch.
Präis: Erwuessener 25 €, Kanner bis 12 Joer 17 €.
Umeldung bis de 4.12. per Email: amicale@mamerwiselen.lu.

Mëttwoch, den 11. Dezember
De Spuerveräin „Eng Heemlech Mo’k” invitéiert op hiere Kéisfondue-Owend
Menü 1: Kéisfondue mat Dessert a Kaffi Präis: 25 €.
Menü 2: Assiette Maison mat Dessert a Kaffi. Präis: 20 €. Apéritif vun 19.00 Auer un.
Umeldung bis den 8.12. beim Christiane Huberty (661 158 795), Claude Lang (691 658 425), Camille Neyens (691 309 731) oder Fernand Thill (691 983 301).

Freideg, den 13. Dezember
Spueneschen Owend vun de Keeleclibb Avenir Holzem a Gudd Holz Holzem
Menü: Paëlla mat Dessert a Kaffi. Präis: 27 €. Apéro mat Sangria vun 19 Auer un.
Den Orchester „Ni Doheem” suergt fir di néideg musikalesch Ambiance.
Umeldung bis de 7.12. beim Christiane Huberty (661 158 795) oder beim Gilbert Brandenburger (691 196 050).

Samschdeg, de 14. Dezember
Owend vun der Harmonie Gemeng Mamer
Menü 1: Mulle mat wäissem Wäin oder à la crème mat Fritten. Präis: 22 €.
Menü 2: Ham, Fritten an Zalot. Präis: 20 €.
Den Jimmy Wagner a seng Band suerge fir eng flott Ambiance.
Umeldung bis de 6.12. (661 100 894) oder per Email: reservatioun@hgm.lu.

Sonndeg, de 15. Dezember
Mëttegiesse vun den Oeuvres Paroissiales
Menü 1: Träipe mat Gromperen an Äppelkompott. Präis: 20 €.
Menü 2: Kniddele mat Speck an Äppelkompott. Präis: 15 €.
Umeldung bis den 9.12. beim Alfons Schmid (621 153 114).

Dënschdeg, de 17. Dezember
De Vëloclub Mamerdall organiséiert en deftegen Owend
Menü: gegrillten Hax oder choucroute garnie, mat Dessert. Präis: 25 €.
Als Apéritif gëtt um 19.30 Auer eng Coupe Crémant offréiert.
Umeldung per Telefon (621 169 227) oder per Email: mergenma@pt.lu oder op sport50.com/veloclubmamerdall.

Mëttwoch, den 18. Dezember
19.30 Auer „Christmas with Elvis and Withney” an der Mamer Kierch
Infos: 691 658 425 oder per Email: cllang@pt.lu
De Volleyball Club Mamer invitéiert op e flotte Buffet
Menü: Buffet „Terre et Mer” mat Bûche a Kaffi. E Kanner-Menü ass virgesinn.
Präis: Erwuessener 30 €, Kanner bis 12 Joer 15 €.
Umeldung bis den 11.12. (621 396 088) oder per Email: catzhouse@mac.com.

Donneschdeg, den 19. Dezember
D’CSV Gemeng Mamer invitéiert op e flotte Raclette-Owend
Präis: 25 € à volonté
Umeldung bis den 12.12. beim Sylvie Santer (621 275 002) oder per Email: sylvie.santer@gmail.com.

Freideg, den 20. Dezember
Croix-Rouge Almhüttenfest mat DJ, Alpensnacks a Gedrénks.
Menü: Almhüttentelle, Leberkäsburger, Snacks, Gulaschzopp

Samschdeg, den 21. Dezember
Owend vun der Härenéquipe 1986 FC Mamer 32
Menü: Paleron mat Gromperegratin a Porettenzapp (Geméis),
Biskuitsrull mat Vanillscrème. Präis: 24 € mat Dessert a Kaffi.
Menu Végétarien: Gemüsepuffer a Porettenzapp (Geméis),Biskuitsrull mat Vanillscrème. Präis: 21€ mat Dessert a Kaffi.
Umeldung bis den 13.12. (691 313 546) oder per Email: jump@vo.lu.

Sonndeg, den 22. Dezember
De Karaté Club Kamigaito Wado Ryu invitéiert op en syreschen Owend
mam Mahmoud Al-Fayyad vum Restaurant Syriously.
Menü 1: Syrious mezze: kibbeh (boule de viande farcie a la syrienne), sambousak
(feuilleté du fromage), hummus, mutabal (purée d’aubergine), muhmara
(purée du piment rouge), yalanji (feuilles de vigne farsi), tabouli.
Menü 2: Falafel Arabie: falafel, hummus, mutabal, muhmmara, sete glele
(Vegetaresch) (salade de cornichons)
Kanner Menü: Brochette de poulet avec frites. Menü 1 oder Menü 2: 17 €.
Syresch Zopp: 4 €. Kanner Menü: 9 €. Dessert (Baklawa): 3 €.
Umeldung bis de 15.12 per Email: info@karate.lu. Gitt w.e.g Ären Numm, d’Zuel vun den Erwuessenen a Kanner an Äre Choix vum Iessen un.

Freideg, de 27. Dezember
Friday Evening Party mat Hoffi-Zambezi
Organiséiert vun der Kulturkommissioun an der Härenequipe 1986 vum FC Mamer 32.
Den Entrée ass gratis.

Samschdeg, den 28. Dezember
Owend vum Nordic Walking
mat musikalescher Animatioun vum Claude Juchem
Menü: Tartes flambées. Präis: 9 €.
Umeldung bis den 21.12. beim Richard Tailger (621 543 345) oder per Email: ritamam@pt.lu

Samschdeg, de 4. Januar
Dräikinneksiesse vun den Oeuvres Paroissiales
Menü: Bouchée à la Reine mat Räis an engem Stéck Dräikinnekskuch.
Präis: 20 € + eng Coupe Crémant. Apéritif um 19.00 Auer.
De Jos Schartz suergt fir di néideg musikalesch Ambiance.
Umeldung bis den 30.12. beim Alfons Schmid (621 153 114)