1, Place de l'Indépendance
L-8252 Mamer

B.P. 50
L-8201 Mamer

Tél: 31 00 31 1
Fax: 31 00 31 72

 Accueil     Services Administratifs     La commune     Politique     Informations utiles     Ecoles   

Jugendhaus Mamer

Programm Grouss Vakanz

 

 

 

 

 

D'Jugendhaus zu Mamer huet seng Dieren den 4 Mee 2009 éischt mools opgemaach. Mir verstinn eis äis ass en oppent Jugendhaus wou all Jugendlechen zwëschent 12 a 25 Joer wëllkomm ass.

Mir sinn op vun Méindeg bis Samschdes an dat ëmmer vun 14h00-20h00. Am Jugendhaus ginn et divers Méiglechkeeten seng Fräizäit selwer ze gestallten. Sief dat Kicker, Gesellschaftsspiller, Darts, Lektüre, .....

All Mount bréngen mer en Aktivitéit Programm eraus wou sech selbstverständlech jiddereen drun bedeelegen kann. Mer versichen d'Proposen vun de Jugendlecher ëmzesetzen an d'Aktivitéiten esou ze wielen, dass fir all Alter an Geschlecht eppes dobäi ass. Dat geet vun sportlechen Aktivitéiten, Kreatives, Tournoi'en, Visiten am Musée an Theater, wéi och Kach Aktivitéiten.

An de Vakanzen bidden mer ëmmer en extraen Programm un wou mer Excursiounen an och een mol d'Joër eng Kolonie ubidden.

Äis Erzéier vum Jugendhaus versichen mer och ëmmer en oppent Guer fir de Jugendlech hier Froen a Suergen ze hunn. Sou ass et fir eis selbstverständlech, dass mer bei den Hausaufgaben, bei der Sich no enger Aarbechtsplaz an bei méi perséinleche Problemer sou wäit hëllefen wéi mer kennen.

Am Jugendhaus gëtt et selbstverständlech e klenge Bistro, deen vun 2 vun eisen Jugendlechen verwalt gëtt. Softdrinks a kleng selwer preparéiert Snacken kann een do zu engem abordablen Präis kafen.

Dir hutt nach Froen, dann zeckt nett Kommt einfach laanscht oder setzt Iech via Telefon oder Email mat eis a Kontakt.

Jugendhaus Mamer
1a, rue de Bertrange
L-8216 Mamer

Tel 26119860
GSM. 691 40 23 62

Email: jugendhaus@mamer.lu