Éischt-Hëllef-Cours

Den 20.9.2018 um 20 Auer fänkt am CIS Mamer ee Cours an éischter Hëllef un. De Cours, dee vum Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours organiséiert gëtt, behandelt an 8 Duebelstonnen (Total vu 16 Stonnen) folgend Themaen:

– Den Accident an d’Wonnen

– Verbrennungen a Verbänn

– Bluddungen an Bréch

– Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag

– Ootmung a Reanimatioun cardio-pulmunaire

– Häerz, AED/DSA a Reanimatioun vum Kand

– Ausdoe vun engem Motorradshelm a stabil Säitelag

 

Eng Aschreiwung fir de Cours ass obligatoresch a kann iwwert folgende Lien gemaach ginn:

https://cours.cgdis.lu/page/module/4/DEU/index.html?cache=no

 

Adresse vum Cours:

CIS Mamer

107, rte d’Arlon

Mamer

Flyer_Eischt-Hëllef_Mamer